De 17 Oktober war zu Iechternach den nationalen Championnat am Marathon.
Bei den Hären war d'Victoire fir den Pierre Weimerskirch. Zweeten gouf den Christian Krombach an Drëtten den Bertil Muller.
Bei den Damen konnt d'Karin Schank sech souverän duerchsetzen a wënnt d'Course mat ronn 6 Minutten Avance.
Op déi zweeten Platz koum d' Fabienne Gehlen, déi drëtt Plaatz war fir d' Tatjana Quesada.
Den 29 Oktober waren zu Doha am Qatar d' Weltmeeschterschaften vun den Paralympics.
Mat derbäi war den Tom Habscheid, deen a senger Kategorie am Bomstoussen den 9 gouf.
Am Diskus ass et fir den Athlet vum CA Diddeleng fir dei 4. Plaz duergangen, dat mat 44 Meter an 27 Zentimeter.
Portrait:
Den Thierry Hübsch ass wuel den erfollegräichsten Trail Leefer hei am Land.
Seng sportlech Carrière huet awer an enger anerer Sportaart ugefang.
CUT
Zum Trail koum den Athlet vum CAEG 2011 iwwert Emweeer, ma huet sech awer dunn ganz bewosst fir des Disziplin entscheed.
CUT
Trail lafen kann jiddereen sou den Thierry Hübsch, ma gewëssen Viraussetzungen muss een awer erfëllen.
CUT
All Ufänger dierf sech dann och iwwert e puer gutt Rotschléi vum routinéierten Athlet freeen.
CUT
Ma och d Material spillt eng wichteg Roll.
CUT
Den Ament bereet sech den Thierry Hübsch op den nationalen Championnat fir.
CUT
Seng Chancen op den Titel gesäit den Thierry Hübsch ganz realistesch
CUT
Konkurrenz kritt den Lëtzebuerger dëst Joer vum Portugiseschen Athlet Carlos Sà an dem Däitschen Martin Schedler.