Um 10 Kilometer Championnat zu Diddeleng konnt d'Martine Mellina bei den Dammen den Titel mat enger Zäit vun 38 Minutten an 9 Sekonnen an enger däitlecher Avance vu 44 Sekonnen op d'Pascale Schmoetten ouni Problemer verdeedegen. Der Leeferin vum Celtic ass et net op d'Zäit ukomm.
Cut
Dass de Charel Grethen neie Lëtzebuerger Champion iwwer 10 Kilometer op der Strooss gëtt, domadder hate wuel déi wéinegst gerechent. Um Enn hat den 800 Meter Spezialist vum Stater CSL eng Avance vu 6 Sekonnen op de Favorit Pol Mellina. Et waren um Enn d'Sprinterqualitéiten, déi den Ënnerscheed gemaach hunn.
Cut
Fir de Charel Grethen wäert et fir dës Saison den eenzegen Ausfluch op déi ongewinnten 10 Kilometer bleiwen. Dass et iwwerhaapt dozou komm ass, huet e spezielle Grond.
Cut
De Pol Mellina huet sech deemno mam Vizechampionstitel missen zefridde ginn a war sech bewosst, dass de Charel einfach méi staark war.
Cut
Champion de la Federation gouf bei den Hären de Yonas Kindé. Hie war et och deen de leschte Sonndeg beim Ouschterlaf iwwer 10 Kilometer zu Gréiwemaacher net ze schloe war.
Portrait
D'Lena Kieffer gehéiert hei am Land zu den talentéiertste Mëttelstrecke-Leeferinnen. Mat hire 16 Joer ass si nach ganz jonk. Mat de Kontakt mat der Liichtathletik koum scho ganz fréi an hirem Liewen.
Cut
D'Lena Kieffer juet an hirer Kandheet all Disciplinne gemaach a war och beim Challenge Tageblatt mat vun der Partie. Elo bei de Cadettes huet déi jonk Leeferin vum CSL sech awer schonn op eng Discipline festgeluecht.
Cut
D'Lena Kieffer ass ganz éiergäizeg an huet kloer Zile fir Zukunft.
Cut
U Motivatioun feelt et hir fir dës Ziler ze erreechen op alle Fall net.
Cut
An Zukunft dierft een nach vill vun der jonker Lena Kieffer héieren.