RTL - Sprint

Sprint Abrëll 18, 19/04/2018


Listen Later

Den 18. Mäerz war zu Dikrech den 15. Nordstadsemi. Bei der Course iwwert 21 Kilometer waren  och dëst Joer erëm iwwert 200 Leefer um Depart, dëst trotz den éischter schwieregen Wiederkonditiounen mat vill Wand an Schnéi.

Den Alexander Frazer konnt sech relativ fréi vun senger Konkurrenz ofsetzen an koum no 1er Stonn an 15 Minutten als éischten iwwert d'Arrivée.
CUT 1
Op déi zweeten Platz koum den Philippe Lamberty.
Bei den Dammen war d'Sandra Huberty déi séierst,dëst an 1 Stonn 31 Minutten an 34 Sekonnen.
CUT 2
Am Kader vum Nordstadsemi war och den Championnat iwwert 10 Kilometer op der Strooss.
Bei den Hären goufen et mam Bob Bertemes, Christophe Kass a Yannick Lieners direkt e puer Favoriten op den Titel. Den Yannick Lieners huet scho relativ fréi missten lass loossen an huet um Enn missten opginn.

De Bob Bertemes, deen sech spontan fir en Depart um 10 Kilometer Championnat decidéiert hat, huet d'Course vun Ufank un dominéiert. No 31 Minutten an 47 Sekonnen konnt en sech den Championstitel sécheren.
CUT 3
Op déi zweeten Platz koum den nationalen Champion am Cross , de Christophe Kass.
CUT 4
Déi drëtten Platz am Championnat war fir den Max Lallemang.

Bei den Dammen sollt et eng spannend Course tëscht dem Jessica Schaaf an dem Martine Mellina ginn.

D' Jessica Schaaf huet vun Ufank un zesummen mat hirer Clubkomerodin Isabelle Hoffmann den Tempo gemaach an esou dem Martine Mellina keng Geleeënheet ginn eng Attaque ze lancéieren.
Um Enn konnt sech d' Jessica Schaaf duerchsetzen an huet d'Course an 37 Minutten an 26 Sekonnen gewonnen.
CUT 5
Mat engem Retard vun 26 Sekonnen koum d'Martine Mellina als zweet an d'Arrivée. Fir si war d'Course awer zefriddestellend.
CUT 6
Drëtt gouf déi national Championne am Cross Isabelle Hoffmann.

Den 41 Tour vun Diddeleng iwwert 10 Kilometer gouf wéi erwaart vum Dikrecher Athlet Yonas Kinde gewonnen. Bei de Dammen  gouf et eng serréiert Course tëscht dem Liz Weiler an dem Isabelle Hoffmann. Um Enn konnt sech d' Liz Weiler mat enger Sekonn Avance géint hir Konkurrentin duerchsetzen.

Op Ouschterméindeg war den traditionellen Ouschterlaf zu Gréiwemaacherer. Knapp 700 Leefer waren bei der Course um Depart. 

Gewonnen gouf d' Haaptcourse iwwert 10 Kilometer vum Yonas Kinde. éischten Lëtzebuerger gouf den Frank Schweitzer op der 4 Platz. Bei den Dammen war d'Victoire fir d' Jessica Schaaf.

Rendez-vous
Dësen Sonndeg ass den 9.Urban Trail an der Staat. Um Programm stinn dëst Joer 4 Coursen sou den Organisateur José Azevedo.
CUT7
Fir d'Kanner ginn et zwee Mini-Trail'en iwwert 900 an 1600 Meter. Den éischten Depart ass e Sonndeg de Moien um 10h40 fir déi sougenannten Grand Ducale iwwert 34 Kilometer.
De ganzen Programm vun dëser Course fannt dir um Site vun der FLA.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - SprintBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Sprint

View all
RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Journal by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Journal

1 Listeners

RTL - Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Déckkäpp

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Automag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

RTL - Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

RTL - Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

RTL - Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

RTL - Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners