Den 18. März waren zu Portland an den USA IAAF Indoor Weltmeeschterschaften.
Fir Lëtzebuerg war den Bob Bertemes am Bommstoussen mat derbäi.
Den Athlet vum CA Bieles gouf um Enn den 15. dat mat enger Wäit vun 19 Meter 48 Zentimeter.
Den 20 Mäerz war zu Dikrech den Nordstaatsemi.
Den éischten Semi hei am Land vir dëst Joer hat vill Leefer ugezunn.
Gewonnen gouf d'Course vum Justin Mathieu, dat virum Arnaud Robin.
Eischten Lëtzebuerger gouf den Christian Molitor.
Bei den Dammen war d'Victoire fir d'Heitske Bouwmeister, knapp hannendrun déi éischt Lëtzebuergerin Liz Nepper.
Am Kader vun dësem Evenement waren dann och déi national Championnater vun den 10 Kilometer op der Strooss.
Wéi erwaart konnten sech d'Favoriten duerchsetzen.
Bei den Hären gouf d'Course vum Yonas Kinde gewonnen. Domadder gouf den Athlet vum Celtic Dikrech Champion de la Fédération.
Neien nationalen Champion gouf den Pol Mellina.
CUT
Bei den Dammen konnt sech d'Martine Mellina géint hir Konkurrenz duerchsetzen a, virun eegenem Public iwwert den Titel freeën.
CUT
Fir dat zweet am Championnat Jil Gloesener ass et deen Dag net esou gelaf wéi erhofft
CUT
E gutt Resultat gouf et vum Christian Molitor den 10 Abrëll, um Marathon zu Rotterdam. Den Athlet vun Celtic Dikrech ass déi 42 Kilometer an enger Zäit vun 2 Stonnen 37 Minutten an 1 Sekonn gelaf.
Dëst ass en wichtegen Schrëtt fir den Christian Molitor. Zanter e puer Méint huet en sech neemlech en neit Ziel gesat; d'Paralympics zu Rio.
Seng Participatioun ass also schonn zum Deel geséchert, elo muss säin Handicap nach vun dem Olympeschen Comitée accordéiert ginn.
Dës weideren muss en sech och nach iwwert d'1500 Meter qualifizéieren.
De Moment ginn et erëm vill Diskussiounen ëm den nationalen Liichtathletiksstadion.
A noer Zukunft soll den Stade Josy Barthel nämlech net méi fir den Stater Veräin, grad ewéi fir regional an national Coursen zur Verfügung stoen.
Den Plang ass elo deen datt den INS um Cents soll aus an emgebaut ginn, sou den Claude Haagen.
CUT
De Bauteminister François Bausch ass ganz optimistesch wat dësen Projet ugeet.
CUT
De Fall gesat et leeft alles no Plang, dierft den nationalen Liichtatletiksterrain Mëtt 2018 fäerdeg sinn.
Bis dohin gëtt weider um Stade Josy Barthel trainéiert.