Op der Junioren Gala zu Mannheim waren mam Cathy Zimmer an mam Elodie Tshilumba direkt zwou Lëtzebuergerinnen am Héichsprongconcours mat derbäi. D'Elodie Tshilumba konnt sech géint d' Konkurrenz duerchsetzen an den Concours mat iwwersprongenen 1 Meter 81 fir sech entscheeden.
Zu Kortrijk an der Belsch konnt den Charel Grethen eng éischten Kéier dem Justin Gloden säin 37 Joer alen nationalen Rekord iwwert 1500 Meter ënnerbidden.
CUT
Ma knapps eng Woch drop konnt den Athlet vum CSL dunn säin eegenen néie Rekord nach eng Kéier verbesseren.
Déi néi national Beschtzäit läit elo bei 3 Minutten 39 Sekonnen an 2 Honnertstel.
Um däitschen Championnat huet d'Vera Hoffmann eng ganz gutt Leeschtung gewisen; si konnt sech fir d'Final iwwert 800 Meter qualifizéieren a gëtt um Enn déi 4.
Bei der U18 Weltmeeschterschaft zu Nairobi a Kenia gouf den Lex Dammit den 6 am Zéngkampf. D' Lena Kieffer huet all Erwaardungen iwwertraff an huet sech um Enn souguer fir d'Final qualifizéiert wou si déi 7 gouf. Fir si war des Weltmeeschterschaft méi wéi gelongen.
CUT 2
A Polen bei den U23 Meeschterschaften gouf d' Victoria Rausch op den 100 Meter Hecken déi 7. D' Vera Hoffmann gëtt iwwert 1500 déi 8.
Op der Paralympics Weltmeeschterschaft zu London gëtt den Tom Habscheid am Diskuswerfen a senger Kategorie Vizeweltmeeschter.
CUT 3
E Samschdeg dann wäert den Tom Habscheid am Bommstoussen op der Weltmeeschterschaft säin nächsten Optrëtt hunn.
Op den nationalen Championnater konnt d' Lara Marx direkt dräi Titelen gewannen, dëst am Wäitsprong, am Dräisprong an iwwert 100 Meter Hecken.
Den Olivier Boussong huet d' Sprintkompetitiounen kloer dominéiert an gëtt Champion iwwert 100 an 200 Meter.
CUT 4
Ma och d' Anaïs Bauer konnt sech déi zwee Titelen am Sprint sécheren.
Fir d' Edna Semedo wat hiren Championstitel am Stafhéichsprong konnt verdeedegen waren déi national Meeschterschaften eng gutt Méiglechkeet hire Form virun de Championnats de la Francophonie nach eng Kéier ze testen.
CUT5
De Bob Bertemes huet gewisen dat seng Form virun den Weltmeeschterschaften zu London stëmmt.
CUT 6
Am Dräisprong huet den Taaniel Kraavi eng néi national Cadetsbeschtleeschtung opgestallt, déi elo bei 14 Meter an 12 Zentimeter läit.