RTL - Sprint

Sprint Oktober, 20/10/2016


Listen Later

De Weekend vum 17. an 18. September waren d'Coupe des Dames an d Coupe du Prince.
Nodeems den CSL d'lescht Joer d'Coupe du Prince net konnt fir sech entscheeden,  ass et dem Stater Veräin des Kéier mat knapp 900 Punkten Virsprong erëm gelongen.

Bei den Dammen konnt sech den Favorit Celtic Dikrech net duerchsetzen. Hir Dominanz vun 8 Joer geet domat op en Enn an d'Coupe des Dames war fir den Ca Diddeleng.

Wei gewinnt war den leschten Weekend am September déi traditionell Route du Vin. Wéi all Joers huet dës Course erëm vill Léit op Réimech gelackelt.

D'Course gouf vum Kenianer Kalipus Lomwai gewonnen. Hei gouf dann och den nationalen Champion am Semi Marathon gesicht.
Nodeems de Pol Mellina d'lescht Joer säin Titel net konnt verteidegen, konnt sech den Celtic Athlet dëst Joer  duerchsetzen, ma ënnerwee huet och de Pol Mellina gelidden.

Bei den Dammen war d'Spannung no 10 Kilometer eraus, deen Ament huet d'Titelverdeedegerin Annette Jaffke missten d'Course verloossen. Dee Moment war de Wee fräi fir d' Fabienne Gehlen.

De Walfer Vollekslaf ass wei den Numm et scho seet e richtegt Volleksfest. Iwwert 1100 Leefer waren bei der Haaptcourse vun 12 Kilometer mat derbäi. Wéi erwaart konnt sech den Haptfavorit Yonas Kinde duerchsetzen, dat an enger Zäit vun 39 Minutten an 36 Sekonnen. D' Plaazen zwee an dräi waren fir den Yannick Lieners vum CAB an den Argentiner Eduardo Rafael Lencina.
Bei den Dammen war d'Victoire fir d'Nathalie Da-Ponte

De leschten Weekend war zu Iechternach den Culture Marathon. Genee wéi d'lescht Joer gouf och bei dëser Editioun den nationalen Champion am Marathon gesicht.
De séiersten op den 42 Kilometer war den Sam Neuser.

D'Course em den Championstitel bei den Hären war relativ spannend, vue dat sech mam Christian Molitor an mam Frazer Alexander zwee bal gläichstaark Athleten gemooss hunn. Awer eben nëmmen bal gläichstaark, sou den Christian Molitor.

Bei den Dammen war den Titel wéi erwaart fir d'Fabienne Gehlen.
Fir d'Athletin vum CA Schëffleng ass et den zweeten Championstitel an engem Mount. Zweet am Championnat gouf d'Andrée Weber.




...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - SprintBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Sprint

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners