Déi neitste Publikatiounen aus de Serien "Timba" a "Bucktugou" vu Kremart kritt ee séier duerchgelies, mä si hunn et a sech!
A "Pappendag" léisst d'Autorin Jackie Messerich Fraen zu Wuert kommen déi sech un hir verstuerwe Pappen erënneren.
"Valley Girl" vun der Katharina Bintz gräift dogéint e ganz schwieregt Thema op, hei geet et ëm sexuell Iwwergrëff.
En historesche Krimi deen een an nëmme 6 Minutten bei enger Tas Kaffi liese kann, dat ass "Do uewe läit eent" vum Alain Atten, erauskomm an der Serie Bucktugou, Hot Coffee.
Fir e jonke Public, dee villäicht léiwer e waarme Schocki huet, ginn et dann och nach zwee Titelen vum Tullio Forgiarini: "Phantasialand" an "Un den Dag wou ech Auslänner gi sinn"