RTL - Lecture vun heiheem

"Verdruddelt Geschichten" Märercher eemol anescht erzielt!, 25/05/2022


Listen Later

De Prënz kritt d'Prinzessin, de Wollef muss an d'Gras bäissen an der Hex soll et net besser ergoen! Mä Moment emol, mussen d'Märercher ëmmer esou ophalen?

De Marc Weydert fënnt dat net, an dowéinst huet hien seng verdruddelt Geschichte geschriwwen, an deenen dat alles op d'Kopp gehäit gëtt.
Et wor eemol...sou fänke Mäerercher jo meeschtens un, An da weess ee normalerweis schon ongeféier wéi et weidergeet, oder op d'mannst wéi et ausgeet. E bëssen onfair ass dat schonn, well et sinn ëmmer déiselwecht déi glécklech weiderliewen, an och ëmmer déiselwecht déi der op den Deckel kréien. De Wollef ass do e gutt Beispill.
An dëse verdruddelte Geschichten déi mat ganz vill Léift an Talent vun der Marie-Isabelle Callier illustréiert goufen, leeft näischt wéi gewinnt! Hei ass de Wollef net dee Béisen, an d'Prinzessin sëtzt net just do brav op säi Prënz ze waarden. A spéitstens wann de Siggy säi Melusina an der Buedbidden iwwert d'Plëss féiert, da weess een, dass een sech op näischt méi verloosse kann!
Net just fir déi Kleng, mä och fir déi Grouss gëtt et eppes ze laachen, well et sinn och méi subtil Pointen tëscht den Zeilen erauszeliesen. D'Texter sinn a Versform geschriwwen a musikalesch ënnermolt, verschiddener kann een sech mëttels QR Code, och virliese loossen. Da ka jo nëmme gutt ausgoen! A wa se net gestuerwe sinn.. nujee Dir wësst schon!
D'Verdruddelt Geschichten mat Texter a Musek vum Marc Weydert an Illustratiounen vun der Marie-Isabelle Callier si bei PersPektiv éditions erauskomm a goufen iwwregens mam éischte Präis beim Nationale Literaturconcours ausgezeechent.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Lecture vun heiheemBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Lecture vun heiheem

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

1 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners