Sign up to save your podcasts
Or

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun hirem Alldag am Altersheem erzielt.
Vill Spaass beim Nolauschteren.
-
Transkript:
Alldag am Altersheem
B: Moie Bopa, wéi geet et? Ech wollt dir just eng kuerz Noriicht schécken. Ech schreiwen elo nach meng lescht Examen an da kommen ech zeréck op Lëtzebuerg an da kommen ech dech direkt e Samschdeg géint 15:00 Auer besichen. Wann d’Wieder gutt ass, kënne mir zesummen an de Gaart spadséiere goen. Wann et kal ass, drénke mir dobannen e Kaffi. Ech bréngen e Stéck Kéistaart mat an da weisen ech dir e puer Fotoe vun der Uni a wat et hei zu Innsbruck nach esou gëtt. Ech freeë mech schonn! Pass gutt op dech op, a bis e Samschdeg, décke Kuss!
A: Moie Elisabeth. Héiers de mech? Ech hoffen dat geet elo. Merci fir däi Message. Ech sinn net gewinnt eng Sproochnoriicht ze maachen, mee ech probéieren dat dann och emol. Et soll ee jo mat der Zäit goen. Deng Mamm huet dir jo scho Bescheed gesot, dass ech elo zënter engem Mount an engem Altersheem an der Stad wunnen. Mäin Zëmmer ass kleng, mee gemittlech. Ech hunn e Bett, en Dësch an eng Fënster mat Vue op de Gaart. Moies erwächen ech normalerweis fréi, dacks schonn éier de Wecker rabbelt. Da bleiwen ech nach kuerz am Bett leien an héieren e puer Geräischer a Stëmmen um Gank. Dat si meeschtens Infirmièren, oder d’Personal aus der Kantin, wat de Kaffi bréngt. No enger hallwer Stonn stinn ech op an doe mech lues un. Haut geet alles e bësse méi lues wéi fréier. Mee dat ass net schlëmm, ech hu jo genuch Zäit. Fir de Kaffi drénken ech eng Taass Téi an iessen e Bréitche mat Kéis oder Ham. Ech sëtze gär bei der Fënster a kucken eraus. Am Gaart gesinn ech Beem a Blummen. Heiansdo schéngt d’Sonn. Am spéide Moie kënnt meeschtens en Infirmier oder eng Infirmière laanscht. Si froen, wéi et mir geet. Mir schwätzen e puer Minutte mateneen. Dat ass flott. Virum Mëttegiesse sinn ech oft am Openthaltsraum. Do sëtzen aner Matbewunner aus dem Altersheem. Heiansdo spille Kaarten oder kucken de Fernsee. Zwee Mol d’Woch kënnt eng Persoun fir Aktivitéite mat eis ze maachen. D’lescht Woch ass den Edouard komm an huet mat eis geboxt. Dat war wierklech flott. Déi Leit déi nach gutt zu Fouss sinn, maachen dat am Stoen an déi manner gutt zu Fouss sinn, maachen dat am Rollstull. Mir krute Boxhändchen un an hunn du mam Edouard trainéiert. Natierlech hu mir eis net richteg geschloen. Mir hunn eis richteg gutt ameséiert a gutt gelaacht. Duerno war ech awer och nawell midd.
Nom Moiesprogramm gi mir mëttes zesummen iessen. Mir sëtzen op groussen Dëscher. Heiansdo schwätze mir vill, heiansdo si mir méi roueg. D’Iessen ass net onbedéngt mäi Liblingsiessen, mee ech iesse genuch. Wann emol en extra Dag ass, kréie mir och e spezielle Menü. Am Ufank vum Mount hu mir e Stéck Dräikinnekkuchs kritt. Dee war richteg gutt.
Nomëttes raschten ech. Ech liesen e Buch oder schlofen e bëssen. Dat deet gutt. Owes denken ech oft u fréier, u mäin aalt Doheem a meng Famill. Si feele mir. Mee ech freeë mech op de Weekend, wann s du mech besiche kënns.
By PoterkëschtWëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun hirem Alldag am Altersheem erzielt.

287 Listeners

1 Listeners

316 Listeners

1,746 Listeners

7 Listeners

264 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

15 Listeners

198 Listeners

89 Listeners

0 Listeners

228 Listeners

5 Listeners

179 Listeners