Poterkëscht vum INLL

Am Fréijoer am Gaart schaffen (B1)


Listen Later

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer d'Theema Gaardenaarbecht schwätzen.

Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

Transkript:

A: Wat méchs du dann dëse Weekend? 

B: Ech schaffen am Gaart. Ech hunn nach vill ze dinn. 

A: Ech kenne mech guer net aus, ech hu kee Gaart. Wat muss een alles maachen? 

B: Also, fir d’éischt hunn ech de Gaart preparéiert. Et muss ee fir d’éischt d’Onkraut erausrappen an de Buedem oplackeren. 

A: A, dat ass bestëmmt vill Aarbecht.  

B: Jo, mee et mécht Spaass. An ech si vill dobaussen un der frëscher Loft. 

A: Hues de schonn eppes geplanzt? 

B: Jo, ech hu schonn Zalot, Spinat a Réidercher geplanzt. 

A: Firwat grad déi Planzen? 

B: Se halen d’Keelt aus a kënnen och wuessen, wann et nach kal ass. Am Abrëll ass d’Wieder nach immens onbestänneg. 

A: Jo, et seet ee jo: Abrëll, Abrëll, dee weess net, wat e wëll. 

B: (laacht) Genee! 

A: A wat wëlls du nach uplanzen? 

B: Ech wëll nach Muerten a Grompere setzen.  

A: Wéi ass et mat Tomaten? 

B: A jo! Also ech zillen d’Tomaten de Moment nach bannen op mengem Fënsterbriet an der Kichen. No den Äishellege komme se dann eraus an de Gaart. 

A: Wat ass dat? 

B: D’Äishelleg si Mëtt Mee, vum 11. bis de 15. Mee. Eng Bauerereegel seet, datt bis de 15. Mee nach Frascht am Fréijoer méiglech ass. Duerno kann ee sech bal sécher sinn, datt d’Deeg méi waarm ginn. 

A: O, dat ass jo guer net gutt fir d’Planzen. 

B: Genee, duerfir ass et besser, wann een déi kriddeleg Planzen eréischt duerno planzt. 

A: Dat ass e gudden Tipp. 

B: Jo. Ech géing och nach gär Kraider ubauen. 

A: Wat dann zum Beispill? 

B: Péiterséileg, Majiskraut, Bratzel an Dëll. Déi benotzen ech oft, wann ech kachen. 

A: Dat ass immens praktesch! Dann hues de ëmmer frësch Kraider doheem! Wat eng gutt Iddi! 

B: Esou Kraider kanns du och uplanzen. Dofir brauch ee kee Gaart. Hues de e Balcon? 

A: ‘t ass wouer! Jo, ech hunn e klenge Balcon. 

B: Ma, perfekt! Duer kanns du och Saache séien. 

A: Wat dann zum Beispill? 

B: Ech géif soen, Tomaten an engem Blummendëppen an och Äerdbier. D’Kraider kanns de och op de Balcon setzen. Oder eeben op e Fënsterbriet. 

A: Dat kléngt super! 

B: Du kanns och Blumme séien, zum Beispill Sonneblummen. Se wuesse séier a sinn net schwéier. 

A: Dat ass gutt fir Ufänger wéi ech. 

B: Et muss ee just reegelméisseg nätzen a Gedold hunn. 

A: Du hues mech elo richteg motivéiert! 

B: Hues de schonn eng Iddi? 

A: Ech fänken emol kleng un: op alle Fall Kraider fir ze kachen a vläicht probéieren ech d’Tomaten am Dëppen nach. 

B: Dat ass e gudde Plang. Et muss ee jo net alles matenee maachen. 

A: Genee. Schrëtt fir Schrëtt. 

B: Wann s de Froen hues, da mells de dech bei mer! Ech hëllefen dir gär! 

A: Villmools Merci! Ech freeë mech drop, unzefänken. 

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Poterkëscht vum INLLBy Poterkëscht


More shows like Poterkëscht vum INLL

View all
Affaires sensibles by France Inter

Affaires sensibles

286 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

Change ma vie : Outils pour l'esprit by Clotilde Dusoulier

Change ma vie : Outils pour l'esprit

318 Listeners

InnerFrench by innerFrench

InnerFrench

1,759 Listeners

Easy Luxembourgish by Anne Beffort

Easy Luxembourgish

7 Listeners

Le français avec Fluidité by Fabien Sausset

Le français avec Fluidité

267 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

Macht und Millionen – Echte Wirtschaftskrimis by Business Insider

Macht und Millionen – Echte Wirtschaftskrimis

20 Listeners

Apprends le français avec Madame à Paname (French) by Madame à Paname

Apprends le français avec Madame à Paname (French)

197 Listeners

HugoDécrypte - Actus et interviews by Hugo Décrypte

HugoDécrypte - Actus et interviews

102 Listeners

Firwaaat? - De Kannerpodcast by RTL Radio Lëtzebuerg

Firwaaat? - De Kannerpodcast

0 Listeners

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français by Hélène & Judith

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français

223 Listeners

Luxembourgish with Anne PODCAST by Luxembourgish with Anne

Luxembourgish with Anne PODCAST

5 Listeners

LEGEND by Guillaume Pley

LEGEND

181 Listeners