Poterkëscht vum INLL

Am Sproochecafé (A1)


Listen Later

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Am Episod vun haut héiere mir en Dialog tëschent zwou Persounen, déi an engem Sproochecafé matenee schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

Transkript:

Am Sproochecafé

Organisatrice: Moien an häerzlech Wëllkomm hei zu Luerenzweiler an eisem Sproochecafé! Dir kënnt hei véier Sproochen schwätzen an trainéieren. Op der rietser Säit, hei vir, ass den Dësch fir Däitsch, riets, bei der Dier, ass Lëtzebuergesch, niewendrun ass Franséisch an do ass den Dësch, fir Englesch ze schwätzen. Huelt Iech Plaz an installéiert Iech. 

Beatriz: Moien! 

Jamie: Moien! 

B: Wéi heeschs du? 

J: Ech heeschen Jamie. An du? 

B: Ech heesche Beatriz.  

J: Et freet mech! 

B: Mech och! 

J: Wéi geet et dir ? 

B : Mir geet et gutt. Ech sinn e bësse midd. Wéi geet et dir? 

J: Mir geet et tipptopp! 

B: Vu wou kënns du? 

J: Ech kommen aus Schottland, vun Danestone. 

B: Wou ass dat? 

J: Kenns du Aberdeen? Et ass ganz no bei Aberdeen. 

B: A ok! Jo, ech hu scho vun Aberdeen héieren. 

J: Vu wou kënns du?  

B: Ech sinn a Portugal gebuer, mee ech kommen aus Spuenien. Mäi Papp ass Portugis a meng Mamm ass Spuenierin. Si hunn a Portugal studéiert an hu sech do kenne geléiert. 

J: Cool! Wunns du scho laang zu Lëtzebuerg? 

B: Ech wunnen zënter véier Joer zu Lëtzebuerg. Wéi laang wunns du schonn zu Lëtzebuerg? 

J: Säit fënnef Joer.  

B: Wéi laang léiers du scho Lëtzebuergesch? 

J: Säit ongeféier 4 Joer, an du? 

B: Säit zwee Joer? Oder zweeanhallef Joer?  

J: Wat fir Sprooche schwätz du nach? 

B: Portugisesch, Spuenesch, Franséisch, e bëssen Englesch an e bësse Lëtzebuergesch. An du? 

J: Ech schwätzen Englesch a Lëtzebuergesch. De Moment léieren ech Franséisch am INLL. Et ass immens schwéier fir mech. Ech muss och nach méi Lëtzebuergesch schwätzen. Op menger Aarbecht schwätze mir just Englesch, duerfir sinn ech hei am Sproochecafé, fir Lëtzebuergesch ze schwätzen. 

B: Jo, ech schwätzen och net genuch Lëtzebuergesch. Ech wëll mech och nees an e Lëtzebuergeschcours am INLL aschreiwen. De Sproochecafé ass flott, mee en ass just ee Mol de Mount. 

J: Jo, dat ass wouer. 

B: Wat bass du da  vu Beruff? 

J: Ech schaffen als Informatiker am CTIE, de Centre des technologies d’information de l’Etat. 

B: Mega! Ech sinn och Informatikerin! Ech schaffen awer am Privatsecteur. 

J: A, cool! Wéi gefält et der? 

B: D’Aarbecht gefält mir ganz gutt, mee et ass ustrengend. De Moment schaffen ech oft méi wéi aacht Stonnen ; heiansdo zéng, heiansdo zwielef Stonnen. 
Wat sinn dann deng Hobbyen? 

J: Jo, dat kléngt wierklech no vill! Ech hoffen, et gëtt geschwë besser! Ech gi gär lafen, mee ech spillen och Basket. Heiansdo trainéieren ech och mat de Kanner. 

B: A, hues du Kanner? 

J: Nee nee, ech sinn heiansdo Trainer vun de Kanner a mengem Basketsclub! 

B: Aaa! Elo verstinn ech! 

J: Kee Problem! Ech verstinn och net ëmmer direkt alles. Mir mussen nach méi Lëtzebuergesch üben. 

B: Jo! Hues du Loscht an Zäit de Weekend eppes drénken oder iessen ze goen? Da kënne mir nach méi schwätzen! 

J: Gär! Wéini? E Freideg oder e Samschdeg? Mëttes? Owes? 

B: Hues du e Samschdeg den Owend Zäit? 

J: Jo, dat geet. Treffe mir eis an der Stad? 

B: Jo. Op der Plëss virum Cercle? 

J: Tipptopp! Um wéi vill Auer? 

B: Tëschent siwen an aacht? 

J: Um hallwer aacht? 

B: Perfekt! Wéi ass deng Handysnummer? 

J: Meng Nummer ass 671 987 654. 

B: Ech schécken der en Emoji, dann hues de meng Nummer och. 

J: Perfekt! 

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Poterkëscht vum INLLBy Poterkëscht


More shows like Poterkëscht vum INLL

View all
Coffee Break French by Coffee Break Languages

Coffee Break French

4,142 Listeners

Géopolitique by France Inter

Géopolitique

195 Listeners

NerdCast by Jovem Nerd

NerdCast

1,010 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Change ma vie : Outils pour l'esprit by Clotilde Dusoulier

Change ma vie : Outils pour l'esprit

315 Listeners

InnerFrench by innerFrench

InnerFrench

1,713 Listeners

Easy Luxembourgish by Anne Beffort

Easy Luxembourgish

7 Listeners

RTL - Afterwork by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Afterwork

1 Listeners

Le français avec Fluidité by Fabien Sausset

Le français avec Fluidité

258 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

Affaires de business by Choses à Savoir

Affaires de business

5 Listeners

Firwaaat? - De Kannerpodcast by RTL Radio Lëtzebuerg

Firwaaat? - De Kannerpodcast

0 Listeners

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français by Hélène & Judith

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français

206 Listeners

Luxembourgish with Anne PODCAST by Luxembourgish with Anne

Luxembourgish with Anne PODCAST

4 Listeners

LEGEND by Guillaume Pley

LEGEND

175 Listeners