Mam neie Projet vum Déiereschutzgesetz geet ee schonn op de richtege Wee, hunn de Mëtteg eis dräi Inviteen an der Emissioun Background am Gespréich gemengt. Allerdéngs ginn et hei an do nach e puer Lacunen. Ze vill streng dierft d’Gesetz net ginn, mengt de Bauer Jeff Boonen, an deem Fall nämlech kéint géif een d’Abusen géintiwwer den Deieren an d’Ausland verlageren.
Enn Mee hunn déi Greng an enger Question parlementaire eng Fro opgeworf, déi d'Kadaveren ënnert anerem vu Ranner concernéiert. 80.000 Ranner kommen pro Joer op d’Welt. 12 Prozent iwwerliewen déi éischt Méint net, dat steet am Rapport vun der Veterinaireinspektioun. Dat sinn ronn 17.200 Déieren. Beim Gefligel sinn et 40 Tonnen. Déi Kadaveren kommen dann an de Schwunnendall. Verschidden Déieren kommen dout op d’Welt, anerer si no der Gebuert ufälleg Déieren, erkläert de Felix Wildschutz vun der Veterinaireinspektioun. Wann ee wéilt datt alles gemaach gëtt fir d’Gesondheet vun deenen Deieren ze verbesseren, misst de Konsument méi bei de Liewensmëttel bezuelen.
Hei zu Lëtzebuerg ginn Experimenter just u Mais, Raten an u Fësch gemaach. Eng rezent Petitioun freet datt een déi Experimenter duerch Alternativen ouni Déieren soll ersetzen. De Mëtteg war dat och Thema an der Emissioun. De Felix Wildschutz huet hei betount datt een am Grand-Duché just d’Deieren an der Recherche fondamentale, an der Kriibsfuerschung oder neurodegenerativen Krankheeten benotzt. Vun 2.000 Déieren virun 2 Joer ass een op 6.000 d’lescht Joer geklomme, do wier virun allem mat Fësch, sougenannten Zebrafësch getest ginn a mat Larve vu Fëscht. Dat wier op d’Promotioun vun der Recherche fondamentale zeréckzefeieren.