RTL - Background

Background am Gespréich, 13/01/2018


Listen Later


Lëtzebuerg geet et haut besser wéi viru 4 Joer, dee Saz huet d´Regierung gebiedsmillenaarteg am Kader vun den Diskussiounen vum leschte Staatsbudget widderholl. Et geet dem Land gutt well d’Staatsschold am Grëff, d’Investissementer héich an, jo, de Wirtschaftsmotor um brummen ass. Mä ass de Wirtschaftswuesstem e Segen oder e Fluch respektiv béides zesummen? Heescht qualitativ wuessen manner wuessen mä wéi kënnen Ofstrécher am Sozialsystem verhënnert ginn a wéi kann déi ganz Entwecklung iwwerhaapt gesteiert ginn? Ass dat iwwerhaapt gewollt? A wéi kréie mer déi negativ Konsequenzen vum Wuesstem, dat heescht dei verstoppte Stroosseninfrastruktur respektiv den Drock um Wunnengsmaart geleist? Dat ass d‘Iwwerschreft fir de Background vun haut.
Et diskutéieren an desem Wahljoer 4 Parteipresidenten vun de Majoriteitsparteien an der greisster Oppositiounspartei.
Fir d’éischt awer den Nooriichteniwwerbléck mam Annick Goerens

1.    Deel

Mir wëllen haut am Ufank vun dësem Wahljoer iwwert en Thema diskutéieren dat spéitstens zanter dem Lancement vum Rifkin-Prozess hei am Land an aller Mond ass. De qualitative Wuestem...
Dacks gebraucht awer nëmme wéineg konkret definéiert...
Am Studio begréissen ech de Mëtteg d´Parteipresidentin vun der DP Cprinne Cahen, de Claude Haagen vun der LSAP, Christian Kmiotek vun déi Gréng an de Marc Spautz, Parteipresident vun der CSV
Madame, dir Hären, gudde Mëtteg

CUT Ministeren
Dat do sinn 3 Ministeren, 3 Parteien, ech géif soen 2 Meenungen
Corinne Cahen, den Eugène Berger sot och viru kuerzem an de Budgetsdebatten d´Fro ass net wéi ob Wuesstem mä wéi ee Wuesstem. Wéi ee Wuesstem wëll d´DP dann?
Oder ech kann och anescht froen: Wéi frou ass eng Familljeministesch den Ament an engem Land ze liewen an deem d´Wirtschaft neess vu Joer zu Joer méi Richesse also mei Suen fir ze verdeelen generéiert?

Wat heescht dat konkret?

Deen eenzegen deen e bësschen aus der Roll danzt hei bei de Majoritéitsparteien sinn déi Gréng, bon de Francois Bausch ass natierlech och deen Eischten deem Leit de Stau reprochéieren wahrscheinlech huet sech och duerfir säin Diskurs an der lescht geännert mä d´Bedenken vum Nohaltegkeetsminister stoussen awer bei deenen Aneren op daf Oueren huet een den Ament d´Gefill, Christian Kmiotek?

Dat hei ass also keng Konsensfro fir eng En marche-Beweegung....

Trieden déi Gréng fir eppes an wat net z’arreechen ass? Claude Haagen. Dir kënnt jo awer och net vun der Hand weisen, datt eis Ressourcen, eis Energie, eis Surface vum Land endlech sinn...An iergentwann wa mer ëmmer weider wuessen keng méi do sinn

D’Sozialisten halen et prinzipill awer ganz mam Direkter vum Statec Serge Allegrezza dee sot des Woch dat heiten...EXTRAIT

Et heescht awer net, datt wann de PIB ëmmer weider wiisst, datt d`Leit hei am Land méi zefridde wieren. De sougenannte PIB bien être vum Statec deen d´Liewensqualitéit gewessermoossen erfaasst läit ennert dem reguläre PIB

D’CSV, Marc Spautz huet an der Vergaangenheet ëmmer rem monéiert et misst een driwwer diskutéieren wat mer iwwerhaapt vu Wuesstem wëllen. An engem Zukunftsdësch, bon elo nennt sech dat ganzt Rifkin-Prozess. Mä sinn déi Diskussiounen do net all de Leit Sand an d’A gestreet wa mer soen en oppent Land subéiert déi gutt an dei schlecht Entwécklunge vu baussen. Wou bleift do den nationale Spillraum??

Wat ass déi konkret Visioun vun der CSV??
Wann een zum Beispill seet d´Betribssteier wier nach ze héich, da well jo awer och als CSV Accent setzen dei Betriber op Letzebuerg lackelen...

D´Diere vu Letzebuerg zoumaachen, d´Grenzen roppklappen geet jo och net. Soss verfale mer an e Protektionnismus oder géif dir derfir suergen, datt nei Investisseuren sech net méi sou kennen neierloossen wei bis elo?

Dei grouss Fro ass jo déi, kënne mer eigentlech als eenzelt Land méi maachen wéi nëmmen Symptombekämpfung? Dat heescht den Ament jo hannendru lafen a kucken wéi mer den alldeegleche Stau iergent wéi orientéiert kréien

Wat ass qualitative Wuesstem? Sozial Verdeelung
Den Terme qualitative Wuesstem gëtt zwar vill benotzt vu Politiker mä definéiert ass en nach net. Oder ass et einfach net méi wéi e Marketingterme
Déi Lénk soen et esou EXTRAIT

„Net egal wat huelen“, esou huet de Staatsminister am Neijooschinterview op  der Tele den Ausdrock dach e bessche lapidar definéiert. Wéi soll dat goen? Christian Kmiotek a wat ass fir déi Gréng qualitative Wuesstem? Den Ament lafe mer de Konsequenzen vum Wuesstem bei den Infrastrukturen etc no
Op wat géif dir da verzichten????

Wa mer net méi egal wat huelen fale mer jo awer an e Protektionnismus eran? Oder mir kréien en neien Ikea-Effekt an duerno ass dann awer jiddereen traureg datt déi Suen net an d´Lëtzebuerger Keese fléissen...Oder Corinne Cahen
Qualitative Wuesstem kann net manner Wuesstem sinn, oder ??
Wei wëll d´Dp den Terme qualitative Wuesstem konkret mat Inhalt fëllen?

Dës Woch huet Luxembourg for Finance den 10. Gebuertsdag gefeiert. D’Entwécklungsagence freet sech driwwer datt d’Finanz- a Bankeplaz haut do steet wou se steet. D’Finanzplaz ass a bleift d’Mëllechkou vum Staat, ass fir 25% vum PIB responabel. Et goufen Diversifikatiounsefforte gemaach (an der Logistik zum Beispill) mä jiddere freet sech awer och haut nach ëmmer wann d´Finanzplaz weider Sue bréngt. Respektiv reprochéiert d´CSV der Regierung dei national Interessien net genuch ze verdeedegen...Marc Spautz

Wat ass da fir d´CSV qualitative Wuesstem? Hutt dir schonn an ärer Partei duerfir eng Definitioun ausgeschafft?? Oder konkret Projeten dei d’Leit interesséiere géifen?

Claude Haagen: Manner Wuesstem ass also net qualitative Wuesstem fir d´LSAP? Mä wat ass et dann? De Rifkin.Prozess gouf jo net emsoss lancéiert fir sech Gedanken iwwert d’Zukunft ze maachen

Verdeele vu Räichtum
Mir hu virdru scho vum Rifkin-Prozess geschwat. Do si mer da bei der Digitaliséierung an Zukunft wäerten, dat ass sécher ëmmer méi Maschinnen, Computeren eis Aarbecht maachen. Et wäerten Aarbechtsplaze verluer goen. Wéi bréngen et färdeg, datt d’Land sech do qualitativ entwéckelt

Haagen: Ka Lëtzebuerg sech iwwerhaapt manner Wuesstem leeschten?
Mir wëssen datt Lëtzebuerg op mannst 3% vum PIB all Joer wuesse muss fir eise Sozialtransferten op deem selwechten Niveau halen ze kënnen. Vu ville Säiten gouf kritiséiert, datt dei sozial Froen am Rifkin-Prozess vernooléissegt gouf

Muss een dann och och de Lëtzebuerger Modell iwwerdenken, nei denken?

An et ass fir eng Partei och sécher méi einfach fir Wahlkampf mat enger Hausse vum Mindestloun ze maachen wéi de Leit ze vermëttelen wéi d´Lëtzebuerger Land an 10, 20 Joer soll ausgesinn...100 Euro Netto méi dat ass mol liicht sou dohinner gesot

Corinne Cahen: Eng Hausse vum Mindestloun wëll d’DP den Ament net, eng Diskussioun iwwert eng Aarbechtszäitverkierzung och net. Den Etienne Schneider seet datt d´Digitaliséierung dei klassesch 40 Stonne Woch a Fro stellen duerch Aarbechtszäitereduktioun geif duerfir gesuergt datt och muer nach jiddereen Aarbecht hätt.Bon dat stemmt jo haut an deem Senn och schonn net mä Wat ass dann déi liberal Äntwert op des grondleehend Verdeelungsfro?

Marc Spautz: Vertrieder vun der CSV hu virun allem den estiméierten Populatiounswuesstem hannerfrot. Wa mer manner wuessen sollen, kënnt dir eis dann haut soen  wou d´CSV an éischter Linn spueren géif? Beim Kannergeld, de Pensiounen??

Vu Gewerkschaftssäit ennert anerem gouf kritiséiert, datt dat soziaalt ze Kuerz komm ass an de Rifkin-Debatten. Wéi gesinn déi Gréng dat? Aert Kärthema ass dat jo och u sech net, Christian Kmiotek? Misst der Iech als Partei net awer och méi mat deem Aspekt vun der Thematik beschäftegen??
Wou stinn dei Greng eigentlech beim Thema Mindestloun an Aarbechtszäitverkietzung??

40 Stonne Modell gett et wuel an Zukunft net mei seet de Wirtschaftsminister: wat kennt dann an d´Plaz, Corinne Cahen?

Wann eng Goodyear keng 300 mä just nach 70 Leit brauch fir 500.000  Pneuen an engem Joer ze bauen. Wou a wéi fannen dann all déi aner Leit nach eng Aarbecht?  Claude Haagen

Rifkin allgemeng, ze vague

Christian Kmiotek: Wat ass vum Rifkin-Prozess eigentlech zeréckzebehalen? War et méi wéi nëmmen e puer sporadesch Diskussiounssronnen? Wat huet Iech vläicht gefeelt?

Ass d’Zivilgesellschaft genuch mat agebonne ginn?

Claude Haagen: Äre Parteikolleg de fréiere Minister Europadeputéierten Robert Goebbels huet an engem Meenungsartikel am Tageblatt am November kritiséiert de Rifkin-Prozess hätt sech an nebuléis Schlagwieder veriert. Den Hearing wier eng Flichtübung gewiescht. D´Debatte mat der Zivilgesellschaft wier ze kuerz komm. Wier et net un der Zäit de Leit ze soen wat d’Politik, wat d’Parteien konkret wëlles hunn fir d´Zukunft vum Land? Fir datt d’Bierger hir Decisioun bei de Walen huele kënnen...

Dat kënnt net dacks fir datt déi Fraktiounen enger Meenung sinn mä och de Mouvement écologique war och enttäuscht iwwert de Rifkin-Prozess.
D’Presidentin vum Mouveco Blanche Weber zum Beispill den 9. November zejoert als Invitée vun der Redaktioun fir eng dréngend noutwendeg Diskussioun iwwert eise Wuesstemsmodell plädéiert  EXTRAIT
Ëmmer méi mécht net méi frou, sot d´Blanche Weber och. Wuesstem bedeit och Verzicht, seet de Mouveco. Verzicht vu Liewensqualitéit, Landschaften, gutt Aarbechtsplazen. Ass déi Zukunftsgestaltungfro bis ewell genuch thematiséiert ginn? Corinne Cahen

Et stellt sech och déi grouss Fro wéi d´Politik d´Leit fir des Changementer mat huele wëll? Fir datt méi Leit ech soe elo mol tauschen amplaz emmer nei kafen, fir datt méi Leit op den effentlechen Transport klammen, ...
Den Ament Marc Spautz  ass Rifkin dei drett industriell Revolutioun e besschen eppes wat nach laanscht d´Leit geet. Den Numm hänkt de Leit e besschen zu den Ouere raus...

Oder misst net d´Politik endlech de Courage hunn wa se wierklech steiere wëll an konsequent Decisiounen huelen déi an eng konkret Richtung ginn?
Notamment an der Landesplanung. Christian Kmiotek

Effektiv ass et jo sou, d´Leit mierken fir d’alleréischt emol déi negativ Konsequenzen vun eppes. Wéi komme mer deem da bei wa mer net manner wuesse wëllen?
Marc Spautz: D´CSV muss sech de Reproche unhéieren am Rifkin-Prozess weider konkret keng Proposen gemaach ze hunn. Dir géift de Leit just Angscht maachen

Mir sinn eis eens de Wuesstem kann net gebremst ginn mä Fakt ass och wa mer just ëmmer nëmme weider wuessen, hëlt de Verkéier, de Landverbrauch op engem limitéierten Territoire ëmmer weider zou...All Joer ginn 200 Hektar Land fir Aktivitéiten a Logement veluer. A mir waarden nach ëmmer op d´Plans sectoriels...Corinne Cahen

Wéi muss déi nächst Regierung d´Thema Landesplanung ugoen fir endlech weider ze kommen, Claude Haagen?

Wéi kënne mer dann assuréieren, datt dës Kéier wierklech Conclusioune gezu ginn? De fréieren Inneminister Michel Wolter sot am Ufank vum Rifkin Prozess bei eis an engem Interview d´Gesellschaft wier net prett fir déi landesplaneresch Diskussioun. Huet d`Politik mam Wieler am Genéck Angscht virun hirem eegene Courage, Marc Spautz?

Transport
Christian Kmiotek, wäerten an den nächste Méint reell Verbesserungen am Traffik ze spiere sinn? Den Tram rullt op engem klenge Stéck, et gëtt massiv an Stroossen a Schinnen investéiert. Projet Covoiturage soll komm.
Bis wéini ass  realistesch mat enger gewesser Verkéiersberouegung ze rechnen??

Et ka jo net jiddereen Teletravail maachen, Claude Haagen...

Corinne Cahen: Wéi muss Transportpolitik vu muer ausgesinn ? Prioritär duerfir suergen, datt manner sech musse vill beweegen fir bei eis schaffen ze kommen? Wou steet d´DP eigentlech do an där ganzer Diskussioun?
Et gett jo och gesot datt Letzebuerg fir Frontalieren dei vu wäit kommen souwiesou emmer manner attraktiv gett

Muss net mei konsequent eng Transportpolitik weider gedriwwe ginn? Marc Spautz et ass jo elo scho sou schlemm datt mer d’Pannespuer mat bäihuelen

Gëtt sech den Ament ze vill an der ëffentlecher Diskussioun op déi negativ Aspekter vum Wuesstem konzentréiert sou wéi et de Wirtschaftsminister Etienne Schneider bedauert huet? Marc Spautz

Google
Dierfen dann an Zukunft keng nei Industrien an d´Land? Fallbeispill fir déi Fro si jo d´Diskussiounen iwwert déi griichesch Jughurtsfabréck oder e Steewollproduzent
An da hu mer mol nach net vu Google geschwat. Ech iwwerloossen dat emol dem Gast Giberyen vun der adr EXTRAIT

Dat war a gewinnter Gast Giberyen Manéier eng Pic virun allem géint dei Greng.  Kann een aus grenger Siicht argumentéieren Christian Kmiotek datt Google an eng nohalteg Strategie passt?? Dat ass scho mei schwéier

Claude Haagen wéi passt Google an eng Diskussioun an där de Wirtschaftsminister fir eng reell wirtschaftlech Plus-Value vun neie Betriber plädéiert? An där de Leit vermëttelt gëtt et kéint net méi iwwerall gebaut ginn an da gi ganz séier 300 Hektar fir en amerikanesche Technologiegigant fräi gemaach...

Corinne Cahen: Wat bréngt Google dem Letzebuerger Land?

Lëtzebuerg ass als Land vun de klenge Weeër bekannt. Dat gëtt gemenkerhand als Atout genannt. D’Politik, d’Regierung déi en oppent Ouer fir auslännesch Investisseuren huet. De Wirtschaftsminister seet et hätt schon Investisseuren „Nee“ gesot kritt. Mä wa Google freet ass dat och net méi wouer
Marc Spautz, hätt dir deen Dossier anescht gehandhabt?
Hätt dir Google nee gesot? Ech mengen net

D´Terrainen sinn net veluer. De Staat huet sech d´Recht ausgehandelt fir selwer eng Aktivitéitszone do ze maachen. De Landverbrauch geet och net erop well de Google-Projet am Plan sectoriel mat gerechent gëtt

Pensiounen
Den Etienne Schneider sot um Neijooschpatt vun der LSAP des Woch et geif kee Gefummels un de Rente ginn, Kann een dat einfach sou dekretéiere Corinne Cahen? Et kennt des Joer jo en Tescherapport vun der IGSS an eis héich Renteverspriechen ginn emmer rem vun nationalen an internationalen Observateuren kritesch hannerfrot.Och wa mer net de Wuesstem bremsen kennt sécher geschwënn nees eng Zäit wou de Wuesstem zréckgeet. Kann een do einfach Gotteswaasser iwwer Gottesland lafe loossen

En nohaltege Pensiounssystem ass jo awer och eng Fro vu qualitativem Wuesstem...Brauche mer also an der aktueller Debatt och eng Diskussioun iwwert d`Renten, Christian Kmiotek. Nach virun de Walen?

Marc Spautz, är Partei huet des Woch kloer gestallt dir weilt keng Rentekierzungen, Verspriechen dei gemaach goufen sollen agehal ginn mä wat heescht dat? Wann een Diskussiounsbedarf bei engem Sujet gesäit an anere reprocheiert ze vill kuerzfristeg ze denken dann heescht dat jo awer datt een der Meenung ass et misst sech eppes änneren. Bei de Pensiounen kann dat jo nëmmen eppes heeschen...

Claude Haagen: Firwat strieft sech d´LSAP da sou virun enger Diskussioun iwwert d´Pensiounen. Well et äre Ressortminister ass a war?
Well een dat alles leiwer net virun de Wahlen uschwätzt...



Previsiounen:
PIB 2017 Plus 3,4 2018 Plus 4,4%

Schlussronn:
Mir haten hei natierlech nëmmen eng limitéiert Zäit fir iwwert de vaste Sujet vun der Zukunftsgestaltung ze schwätzen. Mir sinn eis eens, datt d´Thema déi nächst Regierungen an den nächste Legislaturen beschäftegt.
Ma wann dir ee konkreten Aspekt misst eraushuelen deen fir är Partei Prioritéit an den nächsten Méint misst hunn wéi ee wier dat?


...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - BackgroundBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Background

View all
RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

5 vir 12 by RTL Radio Lëtzebuerg

5 vir 12

0 Listeners

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

RTL - Kloertext by RTL Télé Lëtzebuerg

RTL - Kloertext

0 Listeners

Panorama by radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Presserevue by radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Afterwork by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Afterwork

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Gëlle Fro by Gëlle Fro

Gëlle Fro

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

Zeenewiessel by radio 100,7

Zeenewiessel

1 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners