Déi eng gesinn se als Chance, déi aner sinn éischter skeptesch géintiwwer dem neie Konzept agestallt. Et geet ëm déi méisproocheg Erzéiung bei Klenge Kanner vun 0 bis 4 Joer, déi vum September un an de Crèchen an am Precoce soll applizéiert ginn.
Dëse Samschdeg schwätze mer an der Emissioun Background iwwert de Pro an de Kontra. Eis Invitéë sinn ënnert anerem den Educatiounsminister Claude Meisch an d'CSV-Deputéiert Françoise Hetto-Gaasch. De Minister seet, dass dat Franséischt net op Käschte vum Lëtzebuergesche gefërdert gëtt. Méi wéi skeptesch gesäit d'CSV d'Konzept vun der méisproocheger Erzéiung.
Wéi erlieft eng Enseignante aus dem Precoce d'Entwécklung vun de Sprooche bei de Kanner? Doriwwer schwätze mer mat der Liane Rausch, si ass zanter 15 Joer Léierin am Precoce. A mat der Sproochewëssenschaftlerin Adelheide Hu vun der Uni Lëtzebuerg kucke mer wéi susceptibel Kanner sinn fir nei Sproochen ze léieren.
Background am Gespréich, dëse Samschdeg tëscht 12 an 1 Auer hei op RTL Radio Lëtzebuerg.