Invité bei eis am Background haut ass ee Politiker dee wéi e seet sech bewosst rare net, deen net an der Schlagzeil vum Dag liewe wëll an awer hofft als Spëtzekandidat vun deene Gréngen am Süden erëm gewielt ze ginn. Mir schwätzen an der nächster Stonn mam Felix Braz iwwert seng Dossieren als Justizminister an déi gréng Preparatiounen fir d´Wahlen. Fir d´éischt awer den Nooriichteniwwerbléck mam Nadine Gautier
____________________________________
Wéi vill setzt Iech den Datum vum 14. Oktober ënner Drock? Wéi vill Zäitdrock, Onrou empfannt dir wann der un d`Wahlen denkt?
D`Chamberjustizkommissioun ka sech op alle Fall den Ament net iwwer ze wéineg Aarbecht bekloen. Déi schwiereg Reform vum Scheedungsrecht an der autorité parentale, Vermummungsverbuet, Anti-Terror-Gesetz an elo kënnt och nach d´Reform vum Jugendschutz derbäi, déi duerch de Regierungsrot d´lescht Woch gaang ass, eng Reform op déi de Secteur elo schonn zanter 20 Joer waart. Déi kritt dat alles awer net méi gestëmmt, oder?
An da wollt och nach en neit Whistleblowergesetz ugoen...
D´nächst Woch sinn direkt 3 Kommissiounssëtzungen wéinst dem Scheedungsgesetz... Do setzt eng Majoritéit sech dann dacks dem Reproche aus et wéilt een nach eppes duerchboxen
Wéi vill sidd der selwer Schold un deem Zäitdrock? Datt eng Rei Reformen elo réischt um Schluss vun der Legislatur sprochräif gi sinn?
Dir sidd e Minister dee gäer de Kompromëss sicht, parteiiwwergräifend wann et geet wéi beim Nationalitéitegesetz. Do kann ee sech also senger Saach sécher sinn, datt engem säi Projet gestëmmt gëtt. Op der anerer Säit riskéiert een Texter ze hunn déi esou verwässert sinn, datt se dat eent an dat anert soen fir nëmmen net unzeecken an dann op eemol net méi ganz lieserlech sinn.
Ass déi Sich nom Kompromëss en Zeechen vun eegener Onsécherheet?
Et kann ee jo awer net ëmmer jiddereen zefridde stellen vum Mënscherechtler bis hin zu deem deen méi Moyenen fir Police, méi Iwwerwaachung fuerdert
Déi nei Regelen a Saache Prostitutioun a Vermummung sinn an der Praxis schwéier emzesetzen
Jugendschutz
Komm mir bleiwe beim Jugendschutz. Den aktuellen Text geet op d´1980er Joren zréck. Den Terrain waart ongedëlleg drop. D´Reform gouf effektiv an engem Aarbechtsgrupp mat preparéiert (an deem déi zoustänneg Acteuren vum Terrain wéi ORK, Menscherechtskommissioun,Ombudsman awer och Police a Justiz dra vertruede waren): no bal 20 Joer „Getripps“ fir d´Viviane Loschetter ze zitéieren, gouf d´Gesetz elo viru 14 Deeg deposéiert. Firwat elo réischt? Et war dach eng Prioritéit am Koalitiounsaccord a elo riskéiert dir et zimlech sécher net méi duerchzekréien...
Wat ass dann an ärer An e moderne Jugendschutz?
Wéi ass moderne Jugendschutz domadder vereinbar datt nach ëmmer déi gesetzlech Méiglechkeet am Gesetz virgesinn ass, datt Mineuren an en Erwuesseneprisong gesat kënne ginn?
Et ass jo besonnesch deen Aspekt iwwert deen an der lescht am Kontext vum Jugendschutz an der Effentlechkeet diskuteiert gouf...
Déi Méiglechkeet steet awer nach wie vor am Gesetz dran. Wiesou?
De President vun der consultativer Mënscherechtskommissioun Gilbert Pregno gëtt do ganz prinzipiell wann een hien drop uschwätzt
CUT
Wéi vertréischte mer dann als Lëtzebuerg déi international Instanzen wéi de Commissaire aux droits de l’homme vum Conseil de l’Europe respektiv den europäesch Comité fir Folterpreventioun oder de Comité fir d’Kannerrechter vu Genève déi an der Vergaangenheet mat der Unisec vertréischt goufen wa se dem Grand-Duché de béise Fanger gemaach hunn, datt Mannerjäreger am Erwuessene-Prisong sinn (net verbueden mä sou wäit et nemme geet eviteieren datt Mineuren am prisong sinn)…
An de Consultatiounen hutt der also méi op de Parquet gelauschtert wéi op d’Mënscherechtler...
Den Zäitpunkt vum Bréif vum Ombudsman waren zwee Mineuren am Prisong, haut ass nach een. Awer nëmmen well ee volljäreg ginn ass. Mir kënne jo awer net drop spekuléieren, datt sech de Problem esou emmer vum selwe léist
An der Vergaangenheet ass déi nei geschafe Struktur zu Dräibuerg déi zanter November operationnel ass ëmmer als Virwand geholl ginn fir ze soen da si keng Mineuren méi an de Prisong kommen
Mä fir wien ass d’Unisec da geduecht eigentlech? Do feelt et jo da kloer u Richtlinnen
Wéi kann et sinn datt de Kader zu Dräibuer elo nach ëmmer net ginn ass
D’Unisec stoung jo laang eidel (nokucken wéi laang) do wier jo awer genuch Zäit gewiescht sech Gedanken iwwert de Kader ze maachen an déi praktesch Ausriichtung
Ech hunn am Virfeld vun dësem Background mat der Claudia Monti geschwat déi jo mat hirem Bréif dat ganz un d’rulle bruecht huet. Si huet keng Regreten datt se dee Bréif geschriwwen huet. Et géif er leed doen datt et sou wäi mä de Bréif vun der Ombudsfra huet jo op mannst eppes bewierkt, datt driwwer geschwat gou
Aer Note déi der zesumme mam Educatiounsminister geschriwwen hutt war dach och eng Reaktioun dorobber...
Dir hutt bei eis am Interview vun enger Iwwergangsphas geschwat bis all déi adequat Strukturen en Place sinn sou laang kéinte Mineuren nach am Prisong agespaart ginn. Denkt der domadder un déi drett Struktur fir Jonker tescht 16 an 21 Joer déi der elo viru kuerzem an d´Spill bruecht huet..
Dat heescht déi nächst Joren wäert et emmer nees virkommen, datt Jonker an de Prisong kommen well sou séier gett déi Struktur jo net gebaut, wa mer just kucken wéi laang et mat der Unisec gedauert huet (C’est le provisoire qui dure)
De Gilbert Pregno huet vun enger Niwwelmaschinn geschwat
D´Fro ass jo déi wiesou vun enger drëtter Struktur schwätzen wa mer mol net wëssen wat mer mat enger zweeter maache sollen déi mol nach keng 5 Méint funktionéiert...
Et setzen den Ament, mengen Informatiounen no 5 Mannerjäreger an der Unite de securite zu Dräibuer. (Stand vun e Mëttwoch) Dat ass jo awer nach emmer wäit vun iwwerbeluecht...Déi si jo awer da gutt encadréiert, kënne raimlech vuneneen ofgetrennnt ginn
Trennung CUT Claudia Monti Ombudsfra a laangjäreg Affekoten fir strofrechtlech Affairen gesäit dat anescht
CUT
Hat déi nei Unité de secours vun Ufank un näischt zu Dräibuer verluer ?
Wéi ass déi Nooléissegkeet an deem Kontext vun de Politiker z’erklären? Well et fragisliséiert Jonker geet déi kee Poids an der Gesellschaft hunn
Mënscherechtskommissioun, Ombudsman an ORK hunn a Gespréicher derfir plädéiert datt dat alles méi präzis misst an den Text stoe kommen fir datt et net méiglech ass, datt e Mannerjäregen dee vun doheem fortgelaf ass an de Prisong gesat gëtt wann d’Unisec voll ass
Ass dee Fall da lo an Projet de loi komplett ausgeschloss? D’Claudia Monti sot dës Woch am Interview et kéint nach ëmmer praktesch geschéien
Firwat konnten d’Mineuren net en attendant vu Schraasseg an d’Unisec transferéiert ginn. E Riichter kéint hannert säin Uerteel goen, huet jo awer d’Méiglechkeet en Uerteel ze revidéieren.
Jugendschutzgesetz vill Avancéeën
Paradigmewiessel fir datt Riichteren ënnert anere Konditioune schaffe kënnen
Gedeelten Autorité parentale
Gedeelten Garden, Elteren a Foyer...
Grouss Erausfudederung fir de Secteur op deem Plang
D´nächst Woch gidd der mam Claude Meisch an d’Chamber äre Projet virstellen an da geet d’Aarbecht an der Kommissioun lass. Mä gestemmt kritt der dat doten awer net méi, oder?
Wéi grouss gesidd der de Risiko, datt wann déi déifgräifend Reformen wéi den Divorce an de Jugendschutz net an der Legislatur emgesat kenne ginn. Se ënnert enger anerer Majoritéit neess grondleehend vun der Philosophie hir op de Leescht geholl ginn.
Esou wéi et beim Divorce geschitt ass. Do waart den Terrain och ongedëlleg drop. D´Reform gesäit jo zum Beispill fir datt e Familljeriichter geschaf gëtt an d’Aurotitéit vun den Elteren egal op bestuet oder net ee fir alle mol geregelt gëtt. Ganz wichteg Elementer fir de President vum Ombudskominté fir d´Rechter vum Kand René Schlechter déi och elo endlech misste kommen. Hie gesäit d’Chamber an der Flicht
CUT
Beim Divorce gëtt et awer an der Chamberkommissioun nach Diskussiounen. Ze lescht elo iwwert d’Méiglechkeet datt Kanner direkt bei de Familljeriichter goe kënnen fir ze decidéieren bei wiem se bleiwe wëllen. Hei gouf elo d’Fro opgeworff op d’Elterendeeler d’Kanner do net riskéieren z’instrumentaliséieren…
Burka, Anti-Terrorgesetz
Anerer vun äre grénge Regierungskollegen konnten méi op grénge Kärtheme schaffen, konkret gréng Politik man an dat dann och deementspriechen an de Vierdergrond stellen... Wéi gréng war dann är Justizpolitik an ären An? Wann een dee Minister ass deen e Burkaverbuet an verschäerften Anti-Terrorgesetzer op den Instanzwee schéckt
Hutt der e Regret wann der op är Aarbecht als éischte grénge Justizminister hei am Land zeréck kuckt?
Dh kee Regret datt d´Regierung sech awer drécke gelooss huet et elo en Vermummungsverbuet oder eBurkagesetz soll kommen well maache mer eis näischt fir et geet jo eigentlech nemmen em Burkaen oder Niqab an der Effentlechkeet
Wat sinn dann dei lescht Zuelen? Wéi vill Fraen hu mer sou hei am Land
Hunn déi Gréng an der Regierung einfach de Match verluer um Enn? Är Partei war op alle Fall net demandeur fir den Text. Hei d’Ausso vun der Fraktiounscheffin Viviane Loschetter de 25.11.2015 bei eis op der Antenn
CUT
D’Fronten waren dunn awer net sou kloer gekläert
Hätt een dann net de Policereglementer kënnen e bësschen mol eng Chance ginn fir ze kucken ob se net awer duer ginn?
Enn Januar huet d’Mënscherechtskommissioun e kriteschen Avis formuléiert CCDH kritiséiert en Text deem et un Tiefgang feelt fir e Problem deen net besteet.
Mënscherechtskommissioun gesäit keng Noutwendegkeet fir e Vermummungsverbuet den Ament, datt d’Fräiheeten anschränkt
Deirde du Bois huet op der Pressekonferenz kritiséiert et wier keng serieux Etude gemaach ginn an den Terrain net befrot ginn
CUT Deirde du Bois et gouf keng serieux Etude gemaach
Vill Leit kritiséieren d’Gesetz wier an der Praxis net ëmzesetzenEch hu mer soe gelooss et wier sech fir d´Definitioun vun de verschiddene Plazen um Anti-Fëmm-Gesetz inspiréiert ginn
Bon d’Fronten hu sech an der Regierung dunn geännert. De Xavier Bettel hat nach am Regierungsrot dunn am November 2015 betount datt mer kee spezifescht Gesetz hei zu Lëtzebuerg bräichten fir een ze stigmatiséieren. Dir waart jo awer net Demandeur fir esou e Gesetz, dat ass dat mannst wat ee jo awer soe kann/ Déi Jonk Gréng krut der awer bis zum Schluss net iwwerzeegt
Jonk Gréng Burka
Si hunn an engem Communiqué des politesch Decisioun veruerteelt well se eng Stigmatiséierung an der Gesellschaft förderen an dei betraffe Fraen an d’Isolatioun dréckt. Ech zitéieren do de Porte-Parole vun déi jonk Gréng Meris Sehovic aus engem Communqiué vum 8/8/2017: Es ist bemerkenswert, dass die Regierung so viel Energie auf ein in Luxemburg quasi nicht existentes Phänomen verwendet. Das vorgestellte Gesetz bleibt eine unnötige Maßnahme, die keine Probleme löst und stattdessen rechte Ressentiments bedient.“
Anti-Terror
Dat neit Anti-Terror-Gesetz war e Spagat tescht Protection vun de Grondrechter an der Staatssécherheet, do hutt der vill missen nobesseren. Den Text ass aus der Urgence raus entstan, brauche mer dann iwwerhaapt eng Verschäerfung?
Et kann enquetéiert ginn och wann een nach näischt gemaach huet. Garde-à-vues déi vu 24 op 48 Stonnen ausgebaut ginn, Staatstrojaner déi kennen ageschleist ginn, Teleckommunicatiounsoperateuren déi gezwonge kënne ginn d’Identitéit vun engm Client matzedeelen
Elo soll den Text no Ouschteren an der Chamber gestëmmt ginn. D’Gesetz gouf an der Urgence no den Attentater zu Paräis a Bréissel lancéiert an et gouf laang dru geschafft. War dat den Droock erausgeholl gouf fir d’Aarbechten?
Chamberleaks/Whistleblower
Wat ass är Analyse als Justizminister vun der Chamberleaks-Affaire?
D’Journalistenassociatioun ALPJ gesäit e kloren Aschüchterungsversuch an der Reaktioun vun der Chamber
Feelt hei am Land nach ëmmer e Bewosstsäin fir d`Thema Dateschutz, Cybersécherheet? Obwuel mer eis no baussen dach als IT-Standuert, Digital Letzebuerg etc presentéiere wëllen
An der Press dovunner Rieds vu Persounen déi aner Sécherheetsproblemer opgedeckt hunn, sech awer net getraut hunn se effentlech ze man well se kee Schutz accordéiert kruten. Stéchwuert Whistleblower. Mä dat riskéiert jo awer kontraproduktiv ze sinn. De Staat seet mellt Iech op Faillen opmierksam gidd an engems accordéiert de Staat keng Garantien net penal poursuivéiert ze ginn
E richtege Schutz fir lanceurs d’alerte zu Letzebuerg gett et nach emmer net. E gewessene Schutz zanter 2011 mä an der Luxleaks-Affaire hunn déi Ugekloten missen an Appel a bis op d´Cassatioun goen. Bis den Antoine Deltour vum Geriiccht de Statut vum Whistleblower, am Sënn vun der Europäescher Mënscherechtskonventioun, ee fir alle Mol unerkannt krut.
Dir hutt d’Uerteel am Luxleaks-Prozess no bausse verdeeget mä Iech an engems awer fir eng besser Lëtzebuerger Gesetzgebung a Punkto Whistleblower ausgeschwat, nom iresche Modell. Wéi géif déi Verbesserung konkret ausgesinn a wéini kënnt se?
Dir wollt déi deementspriechend europäesch Directive ofwaarden
Voyeurismus
A propos verschäerfte Gesetzer. Just kuerz. Dir hat am Kontext vum Mann dee Fraen an engem Bus ennert d´Juppe gefilmt huet, op deem Punkt misst d’Gesetz geännert ginn. Bis elo mécht ee sech onverständlecher Weis nach net strofbar well dat ganzt sech dem Gesetz no an engem ëffentleche Raum ofspillt. Wéi wäit sidd der do?
Schraasseg/Directeur adjoint
Des Woch dierft dir als “supérieur hiérarchique” ee Prozess besonnesch suivéiert hunn. Den Directeur adjoint vum Prisong krut de Prozess gemaach wéinst illegalem Asammalen vun Daten. Et goung konkret em Telefonsappeller, en Informatiker sollt eng Lëscht vun Telefonater opstellen tescht dem Parquet, der zoustänneger Magistratin vum Strofvollzuch an dem Prisong. Den ugekloten Directeur adjoint huet vun enger suspension prononcé profitéiert. Dh e gouf net bestrooft mä dee Feeler deen e gemaach huet zréckbehal. Mä de Schued ass awer do oder net wann e Vertrieder vun enger Prisongsdirektioun riskéiert Prisong mat Sursis ze kréien... (Strof déi de Parquet gefrot hat)
Kennt den Här fir Iech nach e Fro fir neien Direkter vum Prisong fir Untersuchungshäftlingen um Ueschterhaff ze ginn?
Hannergrond vum Prozess war dat vergeften Klima tescht zwou Istanzen dei u sech Hand an Hand zesumme schaffe missten déi iwwert d’Schicksal vu Leit tranchéieren. Do si Leit déi also matenee geschafft hunn a sech net méi iwwert de Wee getraut hunn, Persounen am Prisong déi d´Hierarchie emgaang sinn, dat kann dem Ressortminister net gefalen?
E bësschen ënnergaang an der ganzer Affaire sinn d´Photoen déi dat ganzt Mësstrauensverhältnis ausgeléist hunn. Photoen vun engem Prisonnéier an enger penibeler Pos bal plakeg wéinst deenen d´Delegéiert vum Parquet fir d’Execution des peines eng Plainte gemaach huet. Wat goufen dorobbs hin fir Konsequenze gezunn?
Wat wousst dir vun den Abu Graib ähnlechen Zoustänn zu Schraasseg? War dat do en Eenzelfall?
Gréng allgemeng
Braz Kongress: Dir hutt um Kongress vun ärer Partei virun engem Mount gemengt, d´Regierung also déi 3 Regierungsparteien wiere gutt beroden bis dee leschten Dag un der Emsetzung vum Koalitiounsaccord ze schafen a sech net an Diskussiounen ënnert eneen ze féieren. Fir wien war deen Appel da gemënzt? Well déi Debatte, do sinn déi Gréng jo awer net ganz onschëlleg, ass jo awer voll amgaang
Ech soe just “a wat géift d’Carole do soen”?...
Firwat hutt der et net fäerdeg fir de gemeinsame Bilan méi geeent no baussen ze verteidegen? Oder gëtt et der einfach ze vill, déi dat Experiment “Dräierkoalitioun” dann awer net onbedéngt wëlle weider féieren
A propos “wat géift d´Carole do soen” wann ee sech d’Inhalter ukuckt beim Thema Wuesstem zum Beispill oder de Claude Wiseler deen de Francois Bausch op enger Pressekonferenz explizit lueft fir seng Iwwerleeungen shared Bureaussurfacen op de Grenzen z’implantéieren, Landesplanung allgemeng, do leie Schwaarz a Gréng jo dacks net wäit auserneen. An et gett ee sech och keng Méi sech do ze demarquéieren vun eneen
An deem Sënn ass et jo awer nëmmen normal, datt d´Fro no schwaarz-géng erem kennt...
Virun allem well et fir déi Gréng reng arithmetesch dei eenzeg Meiglechkeet ass fir weider ze regéieren wann et fir d´Dräier net mei sollt duergoen an dat wëllt der jo awer...
Personalien
Dir sidd geschter gouf der als Spëtzekandidat nieft dem Josée Lorsché op der Südlëscht presentéiert
Sou ganz ouni Personalien geet et bei Iech Gréngen jo awer och net...
Am Süden sinn op alle Fall vill Jonker, vill nei Gesiichter op der Lëscht. 13 Kandidaten si par Rapport zu der leschter Kéier net méi derbäi.
Dir selwer sot dir weilt Justizminister bleiwen wann et nëmme geet,
An et gëtt keen anere Posten an der Regierung deen Iech géif zousoen, Diplomatiechef zum Beispill...
Wéi iwwerrascht war dir eigentlech vun der Demissioun vum Claude Adam des Woch?
D´Sam Tanson gouf da elo kuerz drop direkt als Co-Spetzekandidatin am Zentrum nieft dem Francois Bausch designéiert kritt sou op alle Fall d’Méiglechkeet nach während e puer Méint d´Chambertribün ze notzen
An dir hutt um Kongress donieft erkläert wéi gutt de Claude Turmes fir de Posten vum Europakommissär fir Energie geeegent wier. Dat misst eng kloer Ambitioun fir déi gréng Partei sinn
Ech hat gemengt bei deene Gréngen géif de Programm fir d´éischt an duerno d´Kandidate kommen? Wiesou gouf domadder elo mat der Zentrumslescht gebrach?
Braz a gréng Politik
Dir hutt Iech jo eegenen Aussoen selwer är Zeréckhalung operluecht, musst net op all Photo sinn, gelt dat och am Wahlkampf. Fäert der net datt d’Leit duerno vläicht vergiessen un Iech ze denken? Egal wéi vill der geschafft hutt
Effentlechkeetsaarbecht gehéiert jo awer och zu de Aarbecht vun engem Minister, besonnesch wann e rem eremgewielt ginn, net datt et mam Roberto Traversini e Viviane Reding Effekt fir Iech am Süde gëtt
De Francois Bausch sot als Fraktiounspresident am Kader vum 25. Anniversaire vun déi Gréng am Forum d’Stäerkt vun deene Gréngen wier hir politesch Autonomie. Aere gréisste Succès wier et gewiescht de komplett Parlamentarismus entstebst ze hunn. Dat ass elo 10 Joer hier. An haut? Aer Themen hunn déi aner scho laang verennerlecht an duerch d´Regierungsparticipatioun gehéiert der elo definitiv zum politeschen Establishment
Erkläerten Zil vun déi Gréng ass et soll keen am Oktober laanscht Iech kommen. Duerfir hätt der gäer 8 Sëtz also zwee méi wéi haut. Wou rechent der Iech da realistesch déi meeschte Chancen aus?
E Selbstläufer gëtt et sécher net. 2013 haten déi Gréng eigentlech am Verglach zu 2009 u Stëmmen agebéisst. Hëlleft do aus der Majoritéit eraus unzetrieden?
Et ass fir déi Gréng eng ganz nei Erfahrung eng Wahlcampagne als Majoritéitspartei z´organiséieren. Dat bedeit jo manner kritiséieren, manner attackéieren mä éischter e Bilan verteidegen. Wat géif der soen ass méi schwéier?
D’Parteibasis war ze lescht jo ganz roueg. A part d´Demissioun vum Bob Picard deen no 10 Meint als Spriecher vun déi Gréng d´Bängelen bei d´Tromm geheit huet well e sech net méi mat der Politik identifzéiere wolt
Eppes wat wierklech ongewéinlech ass fir e grénge Kongress. Et gouf zu Stroossen keng eng Wuertmeldung um Kongress. Wat seet dat aus iwwert eng Partei déi jo awer ëmmer de Prinzip vun der Basisdemokratie an dem Echange an de Vierdergrond stellt?
Sidd der einfach eng “happy family” oder hunn déi Gréng einfach elo Blutt geleckt a se wëllen no baussen e gëeenten Bild ofginn? Et net sou maachen wéi d´LSAP zum Beispill
Esch Gemengewahlen, de Sak zoumaachen
Wann ech soe Blutt lecken, do kann een och vun de Verhandlungen zu Esch no de Gemengewahlen schwätzen. Do hätt de Secretariat vun der Generaldirektioun, dem Quotidien, de Mot d´ordre per Email rausginn “schwätzt mat der CSV a maacht de Sak zou”.
Dat iwwer schwaarz-gréng op nationalem Niveau spekuléiert gett, do sinn déi Parteien net ganz onschelleg drun.
Dir selwer souzt bei de Verhandlungen zu Esch mat um Dësch, obwuel do nemmen d´Kandidaten vun der Lescht sollten do sinn. Firwat? Fir Drock ze man? Dat reprochéiert Iech all Zäit ee vun de Grennungsmemberen vun déi Greng a laangjärege Mandataire Jean Huss dee sech kategoresch geint eng Koalitioun mat der CSV wiert
Dir sidd all Zäit net ofgeneigt fir mat der CSV an eng Koalitioun ze goen...
Géifen déi Gréng nieft enger CSV als klenge dann net ënnergoen?
Ass et eng onglécklech Vermeschung tescht kommunaler an nationaler Politik wann do e Minister mat um Desch setzt? Anescht gefrot wat huet e Minister do verluer?
Erstaunlecherweis gëtt et zu Lëtzebuerg déi ganz Diskussioun tëscht Realoen a Fundien wéi an Däitschland zum Beispill net...
Géif dat an enger aner Regierungskonstellatioun och nach de Fall sinn?