Muer ginn och hei am Land déi 6 Vertrieder gewielt, déi d'Lëtzebuerger Interessen wäerten am Europaparlament vertrieden.
Ass et wierklech eng Schicksalswahl an hunn d'Parteien an hiren Campagnen déi richteg politesch Jalonen gesat?
Wéi ee Poids hunn iwwerhaapt dës Wahlen a wat seet d'Campagne iwwert d'Versteesdemech vun de Lëtzebuerger iwwert d'EU aus - dat analyséieren mer an engem Background-Spezial dëse Samschdeg.
Um Dësch setzen 4 Pressevertrieder, déi d'Campagne an d'Envergure vun der Europawahl ënnert d'Lupp huelen.
Invitéen sinn d'Dani Schumacher aus dem Wort, den Dhiraj Sabharwal vum Tageblatt, de Romain Hilgert aus dem Land an de Claude Karger vum Journal.
RDV fir de Background Spezial Europawahlen dëse Samschdeg wéi gewinnt live tëscht 12 an eng Auer an natierlech a Bild an Toun op rtl.lu.