Sign up to save your podcasts
Or

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun hirem Beruff als Elektriker schwätzt. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript
A: Gudde Moien Eric! Wat bass du vu Beruff?
B: Ech sinn Elektriker.
A: Cool! Wat méchs du do genee? Wat sinn deng Tâchen?
B: Ech installéieren a flécken elektresch Systemer. Dat sinn zum Beispill Steckdousen, Luuchten, Kabelen an d’Këschte mat de Sécherungen.
A: Wéi laang schaffs du schonn als Elektriker/Elektrikerin?
B: Zënter aacht Joer.
A: Schaffs du och op engem Büro?
B: Nee, bal ni. Ech schaffe meeschtens op Chantieren oder direkt bei de Clienten doheem.
A: Dat heescht, du bass vill ënnerwee...
B: Mol sou, mol sou. Heiansdo sinn ech just e puer Stonne bei engem Client, heiansdo sinn ech e puer Deeg op engem Chantier.
A: Wat gefält dir besser? Bei de Clienten doheem oder d’Aarbecht op enger Baustell?
B: Dat hänkt dervun of. Ech si frou, wann ech meng Aarbecht gutt maache kann an d’Clienten all zefridde sinn.
A: Wéi gesäit en typeschen Aarbechtsdag aus?
B: Ech fänke fréi u mat schaffen, heiansdo schonn um 7 Auer moies. Fir d’éischt fueren ech op e Chantier oder bei e Client heem. Ech kucken d’Pläng a beschwätze mam Client, wat gemaach gi muss. Duerno fänken ech un: ech leeë Kabelen, ech installéiere Steckdousen oder schléisse Geräter un. Ech iwwerpréiwe reegelméisseg, ob alles richteg fonctionéiert.
A: Schaffs de eleng oder am Team?
B: Op de grousse Chantiere schaffen ech mat mengen Aarbechtskolleegen zesummen. Bei Privatleit schaffen ech awer meeschtens eleng.
A: Ass däi Beruff geféierlech?
B: E bëssen. Stroum ka geféierlech sinn. Duerfir musse mir ëmmer virsiichteg sinn an eis un d’Sécherheetsreegelen halen. Mir doen och extra Schutzkleedung un, Sécherheetsschong an heiansdo och Händschen. Dat ass immens wichteg.
A: Wat gefält dir un dengem Beruff?
B: Ech fannen et flott, datt ech mat den Hänn schaffe kann. Ech sëtzen net gär op engem Büro, mee si léiwer aktiv. Ech gesinn och gär d’Resultater, zum Beispill eng Luucht, déi fonctionéiert oder wann e ganze System fäerdeg ass.
A: Wat gefält dir net esou gutt?
B: Heiansdo sinn d’Aarbechtszäiten immens laang a wann ech dobausse schaffe muss, wann et reent... Dann ass et ongemittlech!
A: Wéi bass du Elektriker/Elektrikerin ginn?
B: Ech hunn nom Lycée eng Léier gemaach.
A: Hues de wärend der Léier och scho praktesch geschafft?
B: Jo, ech hunn an engem Betrib e Stage gemaach a Coursen an der Handwierkerschoul geholl. An der Schoul léiert ee vill iwwer d’Technik an d’Sécherheet. Et war net ëmmer einfach, virun allem d’Theorie.Mee sou ass et bei deene meeschte Beruffer.
A: Géings de däi Beruff recommandéieren?
B: Jo! Op alle Fall! Besonnesch fir déi Leit, déi gäre praktesch schaffen a sech fir Technik interesséieren. Online fënnt een all d’Informatiounen. Et gëtt verschidden Diplomer, déi ee maache kann. Et kann een zum Beispill och als Erwuessenen eng Léier maachen. Et ass ni ze spéit, säi Beruff ze wiesselen.
A: Zum Schluss nach: wat méchs du gär an denger Fräizäit?
B: A menger Fräizäit ginn ech gär Vëlo fueren. Do kann ech gutt ofschalten. Heiansdo hëllefen ech och Kolleegen, fir doheem Luuchten opzehänken oder fir deen een oder aneren elektreschen Apparat zeflécken. Awer just heiansdo!
A: Villmools Merci fir d’Gespréich.
B: Gär geschitt.
By PoterkëschtWëllkomm zréck an der Poterkëscht!

286 Listeners

2 Listeners

318 Listeners

1,759 Listeners

7 Listeners

267 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

20 Listeners

197 Listeners

102 Listeners

0 Listeners

223 Listeners

5 Listeners

181 Listeners