Wann d’Gebei vum ale Kolléisch niewend der Kathedral am Härz vun der Stad freigët, hun ons Autoritéiten e Problem.
Deen ass nët nei a gët ëmmer méi grouss, nämlech: wat maachen mat de villen historeschen Gebeier, déi fir heiteg Zwecker nët méi ze gebrauche sin?
Zu Lëtzeburg war an ass den éischte Gedanken oft: entweder e Musée oder soss eppes Kulturelles drasetzen.
Dofir krut d’Nationalbilbiothéik den ale Kolléisch, den Nationalarchiv eng al Kasären um Hëllege Geescht, de Stater Geschichtsmusée den ale Konservatoire.
An där Logik lancéiert de Kulturminister Xavier Bettel d’Idi, am ale Kolléisch eng Nationalgalerie anzerichten.
Kultur ass ëmmer gudd, besonnesch wann se national ass.
En anert beléiften Thema an der Politik sin d‘Wunnengen.
Well géint Kultur a Wunnengen keen eppes kann hun, soll also am ale Kolléisch eng Nationalgalerie mat Wunnengen kommen!
Mais dem Hr Bettel seng Idien dozou sin alles anescht wéi klor.
Dat konnt ee feststellen, wéi en an der Chamber doriwer geschwat huet.
Hien sot de 15. Mee, ët léich vill Konscht a Keller a Speicher. Wat wëllt en domat soen? Soll de Staat dat alles sammelen?
E sot och, d’Lëtzeburger Konscht misst dokumentéiert gin. Also wéi fir den Audiovisuel oder d’Literatur en Zentrum fir d’Lëtzeburger Konscht schafen?
Da seet en, d’Nationalgalerie sollt awer keng eege Collectioun opbauen. Op kee Fall soll double emploi mat bestehenden Institutiounen entstoen.
200 m vun der zukünfteger Nationalgalerie steht de Musée national d’histoire et d’art, deen Konscht och vun einheimesche Kënschtler sammelt a weist.
Wat bréngt eng Nationalgalerie da méi ?
Eigentlech neischt ausser d’géif een an der Konscht dat Nationalt erausstreiche wëllen, dat typescht Lëtzebuergescht.
Dat kontert den Hr Bettel selwer andem e seet, dass d’Nationalgalerie op kee Fall ee Ghetto soll sin.
Wéi wär et dann wann de Kulturminister nach eng Kéier schaarf nodenken géif?
Da géif en seng Idi fale loossen an de bestehende Kulturinstituter, déi allegur dat maachen, wat d‘ Nationalgalerie soll maachen, méi Souen a méi Leit gin.
Dat wär éischtens eng nei Verwaltung manner, an et géif zweetens kee Gerangels ënner Verwaltungen, déi sech ëm datselwecht bekëmmeren wärten.
Gudd um Hr Bettel senger Idi ass, fir am Stadkär, wou keng Leit méi wunnen, Wunnengen ze schaafen.
Ech gesin de ganzen ale Kolléisch ronderëm déi zwee gemitlech Bannenhäff ganz gudd als Wunnraum fir jonk Familjen.
Dora soll de Staat zesumme mat der Haptstad investéieren, well domat kéimen normal Leit an d’Stad wunnen aplaaz nëmmen där, déi bis zu 25 000 EUR de Quadratmeter a Luxuswunnengen an der Alstad bezuele kënnen.
Da géif den Hr Bettel sech zwar kee Monument setzen, mais e géif direkt eppes Nëtzleches fir d’Leit, fir d‘Stad an fir d‘ Konscht zu Lëtzeburg maachen.