RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, 07/12/2018


Listen Later

Nodeems ech den Koalitiounsvertrag eng éischte Kéier gelies hat, sinn mer spontan mol dräi Wieder agefall : Kontinuitéit, Optimismus, an mir loossen et ons eppes kaschten. Kontinuitéit , natierlech, well déi selwecht Parteien jo an d’Regierung ginn, an et och logesch ass dass Si déi Politik weiderféieren déi se an den leschten Joren gemaach hunn. Optimismus well en Gefill kréit, dass mer an allen Domainen an den nächsten Joren déi Bescht vun der Welt ginn. Mir moderniséieren ons duerch Digitaliséierung, mir ginn 100 % ökologesch , mir schaffen et dass jiddereen Zäit kritt vir d’Famill duerch méi Flexibilitéit, mir maachen en Sprong no vir am Beräich vun der Sozialer Gerechtegkeet, an mir schaffen et souguer nach d’Kompetitivitéit vun onsen Betriber ze verbesseren. Och den Logement an d’Mobilitéit kréien mer an den Grëff. Alles dat erreechen mer duerch massiv Investmenter an duerch nei Strukturen déi mer schafen. Ech brauch mer keng Suergen ze maachen vir d’Zukunft vun menge Kanner : Aarbecht gëtt et es genuch an den nächsten Joren zu Lëtzebuerg.
Gutt, en Koalitiounsofkommes ass nach lang keng real ëmgesate Politik, mee éischter eng Wonschlëscht , wat jo gutt an dës Zäit zwëschen Kleeserchers- an Chrëschtdag passt.
Beim Ëmsetzen vun dësen ambitiéisen Zieler, gesinn ech dann awer dass dat wahrscheinlech guer net sou einfach gëtt. Ech erklären mech.
Dës Woch ass jo an Polen d’ Uno Klimakonferenz ugaangen, an mir wëssen alleguerten wei dringend dës Fro ass, wann mer net als Mënschheet an eng onberechenbar Katastroph rutschen wëllen . Am Koalitiounsofkommes gëtt dëser Fro en ganz groussen Stellewäert zougerechent. D’Nohaltegkeetsziler aus dem Agenda 2030 , genau sou wei den Klimaaccord vun Paräis, ginn als grouss Leitlinnen vun der Entwécklung vir Lëtzebuerg zitéiert. Wann mer dat eescht mengen, huet dat natierlech enorm Konsequenzen op all aner Beräicher, an als éischt natierlech op ons Wirtschaft an op ons Consommatioun vun Ressourcen. Et wär naïf ze gleewen dass mer einfach duerch den techneschen Fortschrëtt, duerch d’Optimisatioun vun onsem Energieverbrauch oder eng nei Zirkularwirtschaft dat Ziel vun der Limitt vun Äerderwiermung vun maximal 1,5 Grad géifen erreechen. Mir sinn ons jo all bewosst dass mer zu Lëtzebuerg onsen Liewensstil mussen änneren; dat huet mat sou einfachen Saachen ze dinn : wei net méi mam Fliger fléien, ganz wéineg Fleesch iessen, manner mam Auto fueren , méi kleng Wunnengen ze bauen, keen Swimmingpool am Gaart ze hunn, manner Wueren ze kafen, an och net eng Milliard Youtube Filmercher op Serveren ze stockéieren.
Den Klimaschutz ass eng global Fro, keng déi sech just duerch Elektroautoen léist.
Dofir feelt et mir an dësem Koalitiounsprogramm un enger globaler an kritescher Visioun wei ons Gesellschaft soll an 5 oder 10 Joer ausgesinn. Do mussen déi Zieler vun deenen groussen Beräicher, Klima, Soziales an Wirtschaft iergendwéi zesummen bruecht ginn, an an hirem komplexen Zesummespill analyséiert ginn. Den Risiko ass grouss dass d’Realpolitik dozou feiert, dass dann awer d’Fro vun der Nohaltegkeet ëmmer verléiert wann Wirtschaftsintressen am Spill sinn. Wei eng Politiker hunn schonns den Courage vir der Wirtschaft ze erklären dass d’Zäiten vun der bëlleger Energie eriwwer sinn, oder dem Vollek ze verkafen dass den Bifdeck 50 % méi deier gëtt wann en aus enger nohalteger Produktioun kennt. Heiansdo hunn ech d’Gefill dass mer ons alleguerten gären selwer beléien.  Am Noutfall probéieren mer dann nach déi kriddeleg Decisioun  an d’Zukunft ze verleeën, dann muss einfach déi nächst Regierung drun gleewen.
Mee ech well awer net ze pessimistesch sinn, an hoffen dann staark, dass déi vill nei Zieler, an besonnesch déi vun der Nohaltegkeet, déi mer onsen Kanner schëllegen, och wierklech vun der neier Regierung an ugrëffeg geholl ginn, an dass mer an 5 Joer zu Lëtzebuerger an engem Land liewen dat ökologesch an sozial zu den progressiivsten Länner vun der Welt gehéiert.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
L'édito éco by France Inter

L'édito éco

14 Listeners

Nouveau monde by franceinfo

Nouveau monde

6 Listeners

Géopolitique by France Inter

Géopolitique

192 Listeners

Kommentare und Themen der Woche by Deutschlandfunk

Kommentare und Themen der Woche

9 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Presseschau by Deutschlandfunk

Presseschau

10 Listeners

L'édito politique by France Inter

L'édito politique

26 Listeners

Charline explose les faits by France Inter

Charline explose les faits

25 Listeners

Panorama by radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners