RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, 10/12/2018


Listen Later

Den Titel vum neien Koalitiounsaccord 2018-2023 vun blo, rot an gréng, huet als Iwwerschrëft an franséischer Sproch: “Ambitieux, équitable et  durable”.
Den Programm besteet aus 36 Kapitelen en Fonction vun méiglechen Departement-ministeriell, an zwou Annexen wo eng Rëtsch vun groussen Investitioun-Projeten am Transport an an der Educatioun drop stinn. Et stinn eng ganz Partie gutt an wäertvoll Punkten dran.
Um Sitë vum Gouvernement.lu steet och en ganzen Pack vun Bréiwer an Noten déi während den Koalitiounsverhandlungen un den Formateur gericht ginn sinn vun Associatiounen an Verbänn.
.. en Koalitiounsprogramm mat villen wäertvollen Punkten  
Ech hunn mer den Programm ugekuckt ënnert dem Gesichtspunkt vun den méiglechen Hypothesen déi dem Programm zu Gronn leien an ënnert dem Gesichtspunkt vun eisem zukënftegen Wuesstem vun eiser Ekonomie.
Suergen oder besser Froen stellen ech mer wat an deenen nächsten Joeren mat eiser Staatsschold geschitt. Am Regierungsprogramm steet dass des Regierung d’Staatsschold ënnert 30 % vum PIB hält. Aktuell leit eis Schold bei ongeféier 22% vum PIB. Heescht dat dass mer an deenen nächsten fënnef Joer nach méi Schold maachen kennen deemno weider méi Schold op eis Kanner verierwen an nach manner durabel sinn.
..  geschriwwen ënnert optimisteschen Hypothesen ...
Sinn des 8 % Differenz, méiglecherweis Spillwiss déi et erlaben wäert, sollt et haart op haart kommen den Regierungsprogramm ganz oder deelweis  ëmzesetzen?
Aktuell bezuelen mer ronn pro Joer 180 Milliounen Zënsen fir eis Schold zeréck. Dann sinn jee no Gréisst 2-3 Lycéeën pro Joer oder 500-600 Wunnengen pro Joer.
Bei den Renten an Pensiounen gëtt an deenen nächsten 5 Joer keng Reform gemaach déi dem demographeschen Facteur Rechung dréit dat heescht dass mer weider tëschent 3 an 3,5 % Wuesstem mussen hunn dass des Equatioun opgeet ouni Staatsschold an Luucht ze setzen an Reserven all opzebrauchen.  
Dëst sinn 2 Beispiller wo ech mengen dass dësen Regierungsprogramm  ënnert ganz optimisteschen Hypothesen opgestallt ginn ass ouni all zevill d’Risiken déi méiglecherweis op eis zoukommen ze considéréieren.

.. Risiken sinn méi wei do ...

Des Risiken sinn:
-    En Zens Risiko:  Wann  Zënsen klammen, klemmt mëttelfristeg den Loyer vun eiser Staatsschold;
-    En Konjunktur- Risiko mir ginn méiglech weis engem Konjunktur-wiessel ausgesat well mer um Een vun engem positiven Zyklus  ukomm sinn;
-    En Struktur-Risiko: Zum Beispill den  Automobil Secteur wo mir och eng Partië Entreprisen an Beschäftegter hunn gëtt strukturell  duerch d’Elektro-mobiliteit drastesch verännert;
-    En Demographië Risiko: Wann d’Nopesch-Länner ökonomesch  manner attraktiv ginn an mir och nëmmen d’selwecht bleiwen sinn mir relativ besser an mir kréien eng zousätzlech Partie europäesch Matbierger déi op Lëtzebuerg wunnen an schaffen kommen wei dat no der Banken- an Finanzkris  2008 war;
-    Den klengt oppent Land Risiko: Mir sinn vill méi ofhängeg vun aneren well mir hunn keen eegenen Bannemaart;
-    Den Risiko vun  eisem intrasequen systemeschen an obligatoreschen  Wuesstems-pad vun 3 bis 3,5 % fir eis Sozial- Systemer laangfristeg oprecht ze erhalen.

...  Scholden maachen ass sécherlech net durabel ....

Gambia I hat am Ufank vun der Regierung 2013 den Wand vun der Weltkonjunktur net am Réck. Am Laf vun den 2 éischten Joeren ass Konjunktur besser ginn. Haut am Ufank vun  blo, rot an gréng hunn se nach den Wand vun der Konjunktur am Réck deen kéint awer  dréien an dëser Legislaturperiode dofir giff et sech gutt maachen dësen Koalitiounsprogramm regelméisseg an den  Kontext vun der Ökonomesche-Situatioun ze setzen fir eng robust an adaptativ Strategie ze hunn ouni Staatsscholden an Lut ze setzen.
Dëst giff sécherlech net nëmmen zum Titel vum Koalitiounsprogramm  “Ambitieux, équitable et  durable” bäidroen mäi och den zukënftegen Generatioun gutt  doen.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
L'édito éco by France Inter

L'édito éco

14 Listeners

Nouveau monde by franceinfo

Nouveau monde

6 Listeners

Géopolitique by France Inter

Géopolitique

192 Listeners

Kommentare und Themen der Woche by Deutschlandfunk

Kommentare und Themen der Woche

9 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Presseschau by Deutschlandfunk

Presseschau

10 Listeners

L'édito politique by France Inter

L'édito politique

26 Listeners

Charline explose les faits by France Inter

Charline explose les faits

25 Listeners

Panorama by radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners