An Europa zeechent sech déi lescht Joren e kloren Trend of: déi traditionell Parteielandschaft, mat enger oder zwou grousse Volleksparteien, déi entweder zesummen oder mat engem méi klenge Partner d’Saach ënnert sech ausmaachen, gëtt et net méi.
Dësen Trend gëllt elo och fir Lëtzebuerg. Et brauch een sech nëmmen d’Resultater vun de leschte Chamberwalen unzekucken. Grouss Majoritéiten, déi ganz no un Verfassungsmajoritéiten erukommen – also un zwee Drëttel vun de Sëtz – gehéieren der Vergaangenheet un. Déi zwou Parteien mat de meeschte Sëtz – d’CSV an d’DP – géifen an enger Koalitioun haut just nach 45% vun de Wieler representéieren. Déi aktuell a wahrscheinlech zukünfteg Dräi-Parteie-Majoritéit, huet prozentual souguer dobäi gewonnen an huet quasi d’Hallschent vun de Wieler hannert sech.
Virun allem déi kleng Parteien, mat deels simplisteschen, jo populistesche Léisungen, rëselen d’Parteielandschaft an Europa ganz zolidd duercherneen.
An Däitschland ass et déi rietspopulistesch AFD, déi a verschiddene Bundeslänner weider u ganz grousser Zoustëmmung gewënnt. Et si virun allem déi sozial méi Schwaach, mä net nëmme si, déi op d’Populisten erafalen.
Dësen Trend hunn déi grouss politesch Stréimungen zum Deel awer sech selwer zouzeschreiwen. Gedriwwe vun engem Sondage zu deem nächsten versichen vill Politiker duerch ganz kuerzfristeg populär Moossnamen hiren Image ze verbesseren. Si dinn d’Leit gleewen, dass de Staat alles kann an zwar direkt . Dobäi gët deen Eenzelen aus der Eegeverantwortung entlooss. Well dat awer net fonctionnéiert an net fonctionnéiere kann, ginn d’Glafwierdegkeet an d’Vertraue verluer an d’Wieler ginn aus Entäuschung an d’Äerm vun de Populisten gedriwwen. Ganz oft baséeiren déi hir Propaganda dorop, dass anerer um perséinleche Problem vun deem Eenzelen Schold sinn : Auslänner, Mënschen mat enger anerer Relioun, enger anerer Hautfaarw, enger anerer sexueller Orientéierung, sougenannten Eliten oder och nach d’Press.
Déi grouss Parteien an Europa mussen sech dees bewosst sinn, wa si an Zukunft net weider wëllen un Terrain verléieren. Si dierfen dobäi awer net einfach d’Konzepter vun de Populiste kopéieren. A Bayern, wou d’CSU Jorzéngten dominéiert huet, hu mir gesinn, datt dee Modell, ech géng soën zum Gléck, schif gaangen ass.
D’Parteie mussen erëm op d’Leit duergoen an erausfannen, wat si wierklech beschäftegt, wat hir konkret Problemer sinn a wéi ee kann hëllefen mat kohärenten, pragmatesche an zukunftsorientéierten Léisungen, déi och muer nach gräifen ouni awer domat déi nächst Generatioun ze hypothekéieren.
Hei zu Lëtzebuerg ass et der leschter Regierung gelongen mat Reformen net nëmmen d’Erausfuerderungen vun haut unzegoën, mä och Perspektiven fir déi nächst Generatioun ze garantéieren an onst Land op muer virzebereeden. Dat muss och der zukünfteger Regierung geléngen am Intérêt vun ons all.