RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, 26/09/2018


Listen Later

Wat geschitt den 14. Oktober? Mir gewannen – heescht et op deene zwou Säiten vum politesche Metier, also Regierungs-Parteien engersäits an den Oppositiouns-Parteiwen anerersäits. Fir déi eng heescht dat den Status Quo erhalen wärhend déi Gréisst vun deenen aneren opmanst zwee Sëtz méi musse kréien. D’Regierungsparteien légitiméieren hieren Usproch mat der geleeschtner Arbecht an diagnostizéieren beim Letzbuerger wéi beim Ländchen: dem Patient geet et vill besser wéi virun 5 Joer an ass bei exzellenter Gesondheet. Dëse Bilan kann nach verbessert ginnn – virausgesaat de Wieler verlängert sein Vertrauensmandat em eng Legislaturperiod. Déi Aner hunn bessi méi Krämpes eppes ze légitmiéeren – dat ass den Fléau vun der Oppositons-Abrecht. Si maniféstéieren villméi e Wëllen a Form vun engem Plang fir endlech erëm un dat Ruder ze kommen, wann hinnen -  gefillt - souwisou zousteet.
Irgendwéi wëll jidfereen eist Ländchen vun der Best Practice an d’Next Practice féieren. Wéi dat konkret soll geschéien kann dogéint kee richteg soen, respektiv well kee richteg soen, fir et sech mat kengem ze verdiewen. ‚Wouriwer een net schwätzen kann soll en einfach näischt soën’(1) – dës Asicht vum Wittgenstein kinnt der Saach hëllefen  - awer net an engem Wahlkampf. Mam Resultat dat een iwerall dat selwecht héiert – nëmmen de Bleckwenckel änert sech no der politischer Couleur. Do wou politësch Visiounen kinnte stoën fanne mer lëschteweis Aktiounspläng – méi oder maner konkret. Geet dat duer fir de Bierger ze iwerzeegen?
Kloer ass: all wëllen se un d’Muecht – onkloer ass firwat. Geet et, fräi nom olympesche Motto, einfach nëmmen drëms dobäi ze sinn – à tout prix fir den eegenen Ego - oder soll  villméi wirklech Verantwortung iwerholl ginn fir d’Land a Leit an  Zukunft ze féieren? Schwätze mer nom 14. Oktober wéi kompetent Léisungen fir d’Problemer vum Land sollen ausgesinn oder kucke mir, also de Bierger - wahlberechtegt oder net, alt erëm no wéi Still gereckelt ginn? Also déi Exegese vum Wielerwëllen déi légitimiéieren soll wéi eng Binetten aus deenen 4 lächerlechen Wahlbezirker wéi zervéiert musse ginn fir dat de Fridden an der ganzer Parteilandschaft erhalen bleiwt?
Kuerz dat rethorescht Spill wou Chamberswahlen ëmmer erëm zu Regierungswahlen gemach ginn – wahrsheinlech die am meeschten ge-shared’en Fake News am Grand-Duché zenter 1919.   
Dofir interesséiert mech als Bierger villméi d’Fro: wat geschitt nom 14. Oktober? Business as usual – mam lëtzebuerger Modell - oder gëtt sech déi nächst Legislaturperiod dann e fir allemol Zäit geholl e puer fundamental Froën net nëmmen ze stellen, mä doriwer eraus, och unzegoën? Mir verstinn eis als Demokratie, awer d’Aritmethik tëscht Résident’en an Wahlberechtegten schwätzt eng aner Sprooch. D’Education huet eng Vision : all Schüler mat Tablett – a mir wielen wéi wann et de Stroum nach guer net géif ginn. Firwat sech net digital opstellen: sou kinnt een net nëmmen d’Chamber mat Bezirker wielen mä och zäitlgläich national eng Regierung. Ass eng constitutionell Monarchie nach zäitgemäss?  Wéi e Menschebild huet Lëtzebuerg ? Sinn d’Wärter vum Krautmaart och am Land vun de Leit gedeelt? a wéi eng sinn dat? Wéi wëlle mer zesumme liewen?
Mir all wëssen dës Froën kennen weder  einfach nach eweg Antwerten – grad dowéinst ass et sou wichteg dat se emmer erem gestallt ginn. Léisst en se awer riets oder lenks leien, dann ass et just eng Fro vun der Zäit bis Anerer d’Antwerten fir eis fannen – Antwerten déi deene mansten vun eis dierfte schmachen.


(1)    Ludwig, Wittgenstein, "Wovon man nicht sprechen kann, darüber muß man schweigen." ,Satz 7, Tractatus logico-philosophicus.



...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
L'édito éco by France Inter

L'édito éco

14 Listeners

Nouveau monde by franceinfo

Nouveau monde

6 Listeners

Géopolitique by France Inter

Géopolitique

192 Listeners

Kommentare und Themen der Woche by Deutschlandfunk

Kommentare und Themen der Woche

9 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Presseschau by Deutschlandfunk

Presseschau

10 Listeners

L'édito politique by France Inter

L'édito politique

26 Listeners

Charline explose les faits by France Inter

Charline explose les faits

25 Listeners

Panorama by radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners