RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, 26/10/2018


Listen Later

Ënnert engem Dogma versteet een allgemeng eng Meenung déi net falsch gemaach ka ginn, also ëmmer wouer ass. An eisem Kulturkrees gëtt et nëmmen eng Persoun déi sou Wourechten fir all Éiwegkeet opstelle kann, an zwar de Poopst, wann en eng Meenung als 'ex cathedra' also als onfehlbar deklaréiert. Fir d'lescht wär dat 1950 de Fall wou den Pius XII. (12.) der Mënschheet, op mannst mol dem chrëschtlechen Deel dovunner, 'ex cathedra' kloer gemaach huet dat Maria mat Leif a Séil wierklech am Himmel opgeholl gouf. D'Iddi dat de Poopst sech net ieren kann ass iwwregens net sou al wéi e menge kinnt: eréischt 1870 huet den 1. Vatikanum dës Onfehlbarkeet 'ex cathedra' zréck behal.  Niewebäi sief bemierkt dat Zölibat  net zu den Dogmen mat 'Onfehlbarkeet-Status’ gehéiert.
Souvill zur Geschicht. An engem moderne Sënn sinn Dogmen awer soss näischt wei intellektuell Wanderdünen. Wien dropsteet ass dovun iwwerzeegt op festem, also sécherem dogmateschen, Grond ze stoen; an nawell drifft en lues awer sécher - a virun allem onbemierkt – of (oder fort??). Op sou moderne Wanderdünen sëtzen noweislëch politesch Parteien – well déi sech nach ëmmer drop behaapten Recht zu hunn an um sécheren Wee ze sinn, och nodeems se selwer schonns laang gemierkt hunn op Holzwëer 'à la Heidegger' ënnerwee ze sinn. Ass en dann schlussendlech an der Sakgaass gelant, da muss Chamber, wéi och ëmmer méi  Presse, sech der Wanderdün unhuelen, fir Fro vun der politescher Responsabilitéit ze stellen, an natierlech oder virun allem den Konsequenzen déi sech dorausser erginn. Wär déi lescht grouss Wanderdün vun der fireschter Regierung mat Secherheet d'Affäre ronderüem de Geheimdengscht, sou ass der aktueller Regierung hir Lieblingswanderün déi vun der Transparenz a Kommunikation ginn. Dei aktuell Koaltionsverhandlungen berufen sech op eng ganz Nei: an zwär dat de Wieler den 14. Oktober dei geleeschten Arbecht vun der leschter Legislaturperiod net ofgestroft, mä confirméiert huet. Op der anerer Wanderdün, där vun der leschter an eventuel neier Oppositonspartei ass et dogéint d’Argument sie wiren déi mat de meeschte Stëmmen, also déi staarkst Partei. Dobäi légitiméieren sech dës Wanderdünen mam selwechten Dogma: dat vum ominösen Wielerwëllen, an dem sengem Respekt.
   
Sou modern Dogmen, also intellektuell Wanderdünen, kennen och nëmmen een effikasst Géigemëttel: de gesonde Mënscheverstand a Gesetzer déi sech dorops beruffen. Eng Méiglechkeet géint sou Wanderdünen firzegoën ass selwer schons zu enger ginn: nämlech d'Iddi fir d'Mandater vun Ministeren op zwou Legislaturperioden ze begrenzen, oder och nach Doubelmandater vun Gemeng a Chamber ofzeschafen wéi se mol am fireschten Wahlkampf proposéiert goufen. Deemols ass d'Iddi net gutt ukomm a mëttlerweil schengt et wéi wann dat och gutt sou wir, well déi aktuell Dogmatiker och laang erausfond hunn dat si awer gären un der Muecht géife bleiwen.

Schlussendlech soll mat deem villen Gewanders awer eng Kéier Schluss sinn. De schëllegen ass schnell fond: eisen uralen an neierdengs furchtbar ongerechten Wahlsystem. Dee muss geännert ginn – ee fir allemol an elo och wirklech fir zegudds. D’Iddi ass net nei mä biswell huet keen sech dorunner gestéiert -  jidefalls net a politische Kréisser. Opamanst kann des Iddi einfach iwerpréift ginn: all Stull um Krautmaart ass an all Bezierk d’selwecht vill Stëmme wärt. Bleift d’Hoffnung dat dësen Dossier net openeits just eng weider Wanderdün an eiser politescher Landschaft gëtt, wann et en net schonns eng ass!

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

65 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners