A wäiten Deeler vun Afrika ginn ablécklech, baussen de grousse Stied, déi meeschten Iwwerweisunge vu Geld iwwer de Reseau vu mobilen Telephonen ausgefouert. Et ass eng grouss Errongenschaft déi et erméiglecht och an entleeënste Géigenden deene meeschten Awunner den Zougang zu dem Finanzsystem ze erlaben ouni datt dofir héich Käschten entstinn.
Iwwert dee Wee ass et och méiglech deene selwechte Leit elementar Finanzdéngschtleeschtungen unzebidden wéi: Mikrokreditter, Mikroversécherungen an och Spuerpläng. Esou soll jidderengem d'Méiglechkeet geschafe ginn sech progressif finanziell eegestänneg ofzesécheren.
Dat héiert sech ganz gutt un, an effektif si vill positif Resultater an enger ganzer Rei vun afrikanesche Staaten verzeechent ginn. Mä wéi esou oft ginn et och grouss Risike mat esou neie Systemer. Een dovunner ass, genee wéi an eise Länner, d’Sécherheet vun esou Infrastrukturen. An Afrika kënnt derbäi datt déi meeschte Leit keng modern Apparater hunn an op villen Informatiksystemer seele rezent Betriibssystemer installéiert sinn, well kee sech se leeschte kann.
Dat mécht datt déi Systemer fir Geld ze iwwerweisen fragil sinn an duerfir leider oft onreegelmässeg fonktionnéieren a geleeëntlech deeglaang ausbleiwen. Fir déi betraffen Awunner ass dat eng Katastroph, well si dat Geld dréngend brauche fir hir Famill ze ernieren oder fir an der Landwirtschaft oder am Handwierk Aktivitéiten ze entfalen.
Do ass et ze begréissen datt am Kader vun der Entwécklungshëllef, d'Lëtzebuerger Regierung, zesumme mat der Europäescher Investissiounsbank an aner Partner, eng gréisser Aktioun gestart huet fir an deene Länner spezifeschen Akteuren direkt ze hëllefen hir Systemer besser ze organiséieren a virun allem méi betribssécher ze maachen. Am Fall wou ee System vu baussen attackéiert ginn ass, gëtt och gehollef fir d'Schwächten ze identifizéieren a se dann ze eliminéieren fir esou dee System méi sécher ze maachen.Derbäi kënnt awer och datt een Deel vun der Aarbecht vu Lëtzebuerg aus ka gemaach ginn, wou esou guer héich qualifizéiert Aarbechtsplaze geschafe ginn, wat schlussendlech och indirekt ee positiven Impakt op d'Sécherheet vun eise Systemer huet.
Et ass erstaunlech datt déi Initiatif weltwäit eng vun de ganz wéinegen duerstellt déi bis elo geholl ginn ass fir den Entwécklungslänner ze hëllefen. Et ass eng äusserst sënnvoll Entwécklungsaktioun déi hei geleescht gëtt an déi deenen Akteuren, déi an Afrika an der Entwécklungshëllef aktif sinn an och op esou Sytemer ugewise sinn, et erméiglecht méi wierksam ze schaffen.
Et wier wënschenswäert datt nach méi Länner an aner Partner op dee Wee ginn, fir datt de gesamten afrikanesche Kontinent sech esou schnell wéi méiglech weider entwéckele kann.