RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, 30/11/2018


Listen Later

Haut well ech Iech vum jonke Patrick zielen. Fir mengem klenge Kolleg seng Identitéit ze schützen, hunn ech him, am Averständnis mat sengen Elteren, en Decknumm ginn an e puer hei onwichteg perséinlech Detailer geännert.
De jonke Patrick ass virun allem mol e Kand. E schéint Kand. E léift Kand. En Kand mat sengem eegene Character.
De jonke Patrick ass awer och schweier krank sait senger Gebuert. Dat huet seng Elteren absolut net verhennert hien gär ze hunn esou wei en ass, an mat him e Familienliewen opzebauen. Ganz am Geigendeel. Se sinn esou frou mat him, dat et fir si haut net a Fro kennt, hien d’ganz Joer eweg ze ginn an eng Institutioun. D’Famill ass och mei grouss ginn an de Patrick huet nach e Brudder an eng Schwesterchen dobai kruut. Zesummen probeieren se, esou vill wei meiglech schéi Momenter ze verbrengen.
Awer gleeft mer, dat ass ganz wait eweg vun engem normalen Familieliewen, well eise klenge Patrick absolut net autonom ass a permanent eng Infirmière bei sech brauch. 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg op 7. Ronderem eisem klengen Kolleg ass d’Equippement vun engem Spidolszemmer, mat Apparater an enger Surveillance dei dat schlemmst verhënneren sollen.
Am Dag, 5 Deeg an der Woch, geet eise klenge Kolleg an eng spezialiseiert Schoul, awer nemmen wann hien keng nei Infektioun huet. Dei Zait leien d’Elteren net op der fauler Haut, mee se schaffen. An och nach allen zwee.
D’Nuechten an de Week-end sinn d’Elteren awer definitif alleng gelooss, well do ass naischt virgesin – keng Infirmièreshëllef. Dei eenzeg Stonnen, dei se vun der Assurance Dépendance ze gut hunn, notzen se schon fir dei Zait no der Schoul mettes.
Fir d’Nuechten ze packen, wou effectif eng Infirmière misst niewent eisem Patrick setzen, hunn d’Elteren sech organiseiert a selwer Leit fonnt dei geint e schappegen Salaire des Nuechtwaach iwwerhuelen an d’Elteren oofleisen fir dat se e Minimum u Schloof kreien. Dest sin natiirlech keng offiziell Infirmièren an d‘Hand op d’Häerz: wien vun eis kéint schon zwou diplomeiert Infirmieren doheem astellen fir all Nuecht ze waachen? An der Hoffnung dat dei selwer ni e Krankeschain, e Mammeconge oder iwwerhaapt huelen. Einfach ondenkbar.
D’Vakanzen sinn och e bessi speziell, well entweder ass de Patrick doheem an dat ass fir d’Famill äusserst sportlech, oder hien därf an eng spezialiseiert Institutioun wou de Ministere sech engageiert huet fir Datumer 12 Meint am viraus festzehaalen. Dei Zait wou de Patrick do an d’Vakanz ass, hellt sech de Rescht vun der Famill eng kleng Auszait dei eigentlech dozou dengt dat di zwee aner Kanner zur Geltung kommen oder dat si sech einfach mol ausrouhen kennen.
Mee et liiicht eis dach all an: hei steet eng Famill, courageiert, motiveiert an net faul, dei sech immens Méih get an alles drun setzt hierem Jong d’Liewen schéin ze gestalten, mee net dei neideg Ennerstëtzung kritt, dei se verdengt hätt. Sou muench een geing einfach „Merde alors“ jaitzen. Et ass mir och derno.
Eise Patrick ass zwar keen Eenzelfall awer dei betraffe Fäll kann een op enger Hand zielen hei zu Lëtzebuerg. Fir dei misst dach mei dran sin wei dat. 2016 hu mer eis mat den 3 zoustännege Ministeren getraff : Famill, Gesondheet a Securite sociale. En Aarbechtsgrupp huet et dunn färdeg bruecht bal e Joër mei speit, eng nei Moossnam op d’Been ze stellen. Grouss Freed am Summer 2017 ewei de Stadtsrot dei nei Hellef accordeiert huet fir Leit an der Situatioun wei eise Patrick. Direkt am September 2017 gouf eng Demande gemaach an deemols huet et nach geheescht eise jonke Kandidat keint mat den eischte Persounen sinn, dei vun deser neier Moosnam profiteiere keint.
E Vull fir d’Kaz, well no villem Nohaaken, enger parlemntarescher Fro zu deem Sujet mei speit, kruute mer des Woch (jo, dir hut gut heieren, mei ewei e Joër derno) de richtege Formulaire gescheckt fir eng Demande en bonne et due forme ze maachen. Et ass fir ze jaitzen.
Also, glaich kennt de Kleeschen an ech wënschen dem Patrick a senger Famill just eppes : dat si dei neideg Hëllef, dei se sait Joeren drengend brauchen, endlech accordeiert kreien. Dat de Patrick därf e Liewensplang hunn. A viellaischt brengt de Kleeschen jo ei neideg Decideuren mat sech dei dest ermeiglechen kéinten.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Hintergrund by Deutschlandfunk

Hintergrund

57 Listeners

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

5 vir 12 by RTL Radio Lëtzebuerg

5 vir 12

0 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Panorama by radio 100,7

Panorama

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

Presserevue by radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - Commentaire by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Commentaire

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

Moiesstudio by radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners