Op eise Premièren ass de Ritual op den éischte Bléck all Joer deeselwechten. Et gëtt vill geschafft, e bësse gelidden an duerno meeschtens kräfteg gefeiert. An awer war dës Kéier alles e bëssen anescht.
Eng grondleeënd Neierung huet doranner bestanen, datt d’Zuel vun de schrëftlechen Epreuven op sechs erofgesat gouf. An deenen aneren Disziplinne gouf just d’Joresmoyenne a Betruecht gezunn. Wann ee bedenkt, datt bis 1994 a sämtleche Fächer eleng den Exame gezielt huet, gesäit een, wéi staark de Pendel am Laf vun der Zäit ëmgeschloen ass.
Heescht dat elo automatesch, datt den Niveau erofgeet ? Eng Befierchtung, déi heefeg geäussert gëtt, hei awer e bëssen ze kuerz gräift. Nach ëmmer ass den Aarbechtspensum, deen de Primaner operluecht gëtt, net vu schlechten Elteren, an ech kenne wéineg Erwuessener, déi Loscht hätten, sech dësem Marathon nach eng Kéier ze stellen.
Virun allem awer sollt een net vergiessen, datt och no der Reform de Lëtzebuerger Bac am Verglach mam Ausland nach ëmmer relativ vill Fächer ëmfaasst. Am Frankräich sollen an Zukunft just nach véier Matièrë gepréift ginn, sou wéi et an Däitschland scho laang de Fall ass. Op europäeschem Niveau sinn eis Schüler traditionell benodeelegt, well et fir si méi schwéier ass, eng héich Moyenne z’ergatteren. Mä grad dës Moyenne spillt eng ëmmer méi wichteg Roll, wann et ëm d’Admissioun op eng Uni geet.
Déi eigentlech Gefor vun der Reform läit op engem ganz anere Plang. Parallel gouf nämlech am Kader vum Spuerpak d’ « double correction » während dem Schouljoer ofgeschaf. An den Net-Examensfächer ass et elo een an deeselwechten Enseignant, dee fir d’Schlussresultat zoustänneg ass. Dobäi wier e Bléck vu bausse ganz sécher dee beschte Wee, fir eng iwwerdriwwe selektiv oder laxistesch Bewäertung ze vermeiden an och deen eenzelnen Enseignant virun engem ze staarken Drock ze schützen. Grad am neie System wier et méi wichteg wéi je gewiescht, d’« double correction » auszebauen a virzeschreiwen, datt déi zwee Korrekteren aus verschiddene Gebaier musse kommen. Gemaach gouf genau de Contraire.
Laangfristeg musse mir oppassen, datt de Premièresexamen säin nationale Charakter behält an net all Schoul ufänkt, hir eegen Zëppchen ze kachen. Och aner Reformen hunn dozou bäigedroen, datt déi eenzel Gebaier lues awer sécher auserneendriften. Sou hunn d’Lycéeën zënter kuerzem d’Méiglechkeet, déi eenzel Sektiounen no hire Virstellungen ëmzegestalten. Eng C-Sektioun ass vläit an Zukunft zu Esch net méi datselwecht wéi zu Wolz. E weidert Beispill ass deen neie Stage : do gëtt de jonken Enseignant just nach engem eenzege Lycée zougeuerdnet, wat säin Erfahrungsspektrum däitlech aschränkt a riskéiert, seng Ausbildung ze staark un ee bestëmmt Gebai ze bannen.
E gewësse Grad un Autonomie ass sécher wënschenswäert. Mä wann d’Schoullandschaft duerno esou fragmentéiert ass, datt just nach Insider den Iwwerbléck behalen, hu mir aus eiser sougenannter « éducation nationale » e pädagogescht Babel gemaach.