RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Anne Brasseur, 07/01/2019


Listen Later

Carte blanche Friddensprojet Europa
RTL 7.1.2019

„Die Einheit Europas war ein Traum von wenigen. Sie wurde eine Hoffnung für viele. Sie ist heute eine Notwendigkeit für uns alle.“
 
Dëst ass en Zitat aus enger Regierungserklärung vum Konrad Adenauer, dem éischte Bundeskanzler am demokrateschen Däitschland nom Zweete Weltkrich.
 
D'Noutwennegkeet vun engem gëeenten Europa ass haut esou aktuell wéi scho laang net méi. An Zäite vu globale Krisen, wéi dem Klimawandel, dem internationalen Terrorismus, dem Flüchtlingsdrama oder den humanitäre Katastrophen steet d'Europäesch Unioun viru gewaltegen Erausfuerderungen, déi kee vun hire Memberstaaten eleng léise kann.
 



An awer ginn déi anti-europäesch Stëmmen ëmmer méi haart. A Groussbritannien waren dës Stëmme staark genuch fir de Brexit ze provozéieren. Nationalistesch a populistesch Tendenzen huelen iwerall zou.
 
Ëmsou méi wichteg schéngt et mir drun ze erënneren, wéi d'Europäesch Unioun entstanen ass. Europa war an ass an éischter Linn e Friddensprojet.
 
De Succès vun dësem Projet ass beispillslos am ganze Rescht vun der Welt. An awer liewen och mir op onsem Kontinent  net op enger Insel. D’Spannugen tëscht dem Kosovo a Serbien huelen ëmmer méi zou.

De Konflikt tëschent Russland an der Ukrain beweist ons androcksvoll, wéi vulnerabel och ons Regioun ka sinn.
 
 
D'EU muss hei hir Verantwortung iwwerhuelen. Besonnesch well d'USA mat hirem aktuelle President keen zouverlässegen Alliéierte méi sinn.
 


Dofir muss déi Europäesch Unioun onbedengt mat enger Stëmm schwätzen a sech déi néideg Moyene ginn, fir e staarkt Géigegewiicht vis-à-vis vun all deenen duerzestellen, déi mengen, datt hir national Interessien alles legitiméieren, esouguer e Krich.
 
Eng europäesch Arméi kéint een Deel vun enger gemeinsamer, europäescher Aussepolitik sinn. De Moment huet all Memberstaat seng eegenen Zaldoten an eegent Material. Eng europäesch Arméi géif op der enger Säit Synergië schafen, déi déi national Budgeten entlaaschten an anerersäits der europäescher Aussepolitik eng ganz aner Gewiichtung a Glafwierdegkeet ginn.
 
Natierlech bleiwen eng Rei Froen. Wat wieren d'Pouvoire vun esou enger Arméi? Wien decidéiert iwwert militäresch Asätz oder Friddens Missiounen? Och doriwwer sollte mer an den nächste Méint am Kader vun der Campagne fir d’Europawahlen  diskutéieren.



...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Hintergrund by Deutschlandfunk

Hintergrund

57 Listeners

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

5 vir 12 by RTL Radio Lëtzebuerg

5 vir 12

0 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Panorama by radio 100,7

Panorama

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

Presserevue by radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - Commentaire by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Commentaire

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

Moiesstudio by radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners