Den ARCELOR-MITTAL Stolkonzern wëllt dat italienescht Stolwierk ILVA kafen. Esou en Dossier muss dann bei der EU-Kommissioun eragereecht ginn, wou gekuckt get ob bei esou enger Fusioun och di europäesch Wettbewerbsregelen respektéiert ginn.
Zu dësem Fusiounsprojet gehéiert, dass den ARCELOR-MITTAL-Konzern Wierker an Italien, Belsch, Rumänien, Mazedonien,Tschechien an Lëtzebuerg, nämlech d’Wierk Diddeleng, verkafen well.
Wéi dëst bekannt gouf war et ganz natierlech, dass hei di Beschäftegt an hir Gewerkschaften sech Suergen em hir Aarbechtsplaz gemaach hunn, jo esou guer reegelrecht Angscht kruten.
Ech hunn dat Spill dacksgenuch a mengem Beruffsliewen matgemaach. Mir hunn eis dann mat der Regierung un en Dësch gesat an den Dossier an al sengen Elementer diskutéiert, och huet sech d’Regierung mat dem Betrib a Kontakt gesat a fir di néideg Transparenz gesuergt.
Ech war elo erstaunt wéi de Wirtschaftsminister verlaude gelooss huet, dass hien zesummen mat dem Diddelenger Buergermeeschter e Bréif un den EU-Kommissiounspresident Juncker geschéckt huet, wou si uprangeren, dass ARCELOR-MITTAL vun der EU-Kommissioun verflicht géif aner Wierker ze verkafen. ?
De Minister misst dach d’Prozeduren besser kennen wéi ech?!
De Vertrieder vun der EU-Wettbewerbskommissarin Margrethe Vestager huet dann och direkt ganz verwonnert geäntwert, dass bei engem Fusiounskontrollverfahren de jeeweilege Betrib Wettbewerbsbedenken widderleeë muss. D’Kommissioun géing net virschreiwen ob Wierker verkaaft missten ginn. Den hei ugeprangerten Verkaf vum Wierk Diddeleng wier eng reng kommerziell Decisioun vun ARCELOR-MITTAL.
Wieder schreift d’Kommissioun, dass si den Verkafspak nëmmen akzeptéieren géif, wa kloer wär, dass di ze verkafen Wierker och bei dem neien Proprietär liewensfäeg an dauerhaft funktionéieren géifen.
Diddeleng ass also eng reng kommerziell Decisioun vun eisem Stolkonzern!
Elo stellt sech awer bei mir d’Fro, ob de Wirtschaftsminister iwwert des Decisioun net vum Regierungsvertrieder am Verwaltungsrot vun ARCELOR-MITTAL informéiert gouf?
Ech kennen dëse Vertrieder ganz gutt a sinn och iwwerzeegt vun senger Gewëssenhaftegkeet.
Bleift also eng Schlussfolgerung:
Mir hunn den Hierscht Walen.
Do deet esou e Coup gutt, wou een der Ëffentlechkeet virgaukelen kann wéi een sech Suergen em Aarbechtsplazen mécht.
Et ass awer alles anescht, wéi „Staatsmännesch“ wan en Politiker mat der Angscht vun den Leit spillt.