D’Frontalier spillen an der Lëtzebuerger Ekonomie eng wichteg Roll, an doduerch ass d‘Problematik vun der Mobilitéit och enk un si gebonnen.
Ech géif eisen Mobilitéitsproblem net alleng un den Frontalier festmachen, awer effektiv ginn et zu Lëtzebuerg esou vill Grenzgänger wei nach ni. Duerch déi héich Immobiliëpräisser bei ons am Land sinn d’Frontalier och net ëmmer interesséiert fir bei ons an d’Land wunnen ze kommen. Vill vun hinne preferéieren an hire Heemechtslänner, op dat elo Däitschland, Frankräich oder d’Belsch ass, wunnen ze bleiwen an all Dag laang Zäit am Verkéier ze verbréngen.
Fir d’Ekonomie hei am Land ass des Situatioun net onbedéngt déi Bescht, mir verléieren un Attraktivitéit - a vill vun den Talenter huelen et net méi a Kaf fir all Dag iwwert 2 Stonnen am Verkéier ze stiechen. Eng Rei vu Betriber hunn dorops scho reagéiert a versichen nei Léisungen unzebidden. Eng vun de Léisunge schéngt den Teletravail ze sinn, wou de Mataarbechter net méi all Dag an de Büro kennt, awer einfach vun Doheem aus schafft.
Mengt Dir dann, dat de Teletravail d’Léisung vu ville Problemer wäert sinn?
Den Teletravail ass sécherlech eng vun de Léisungen, awer virun allem fir de Frontalier sinn doduerch och steierlech Konsequenze verbonnen. Bei de steierleche Reglementatiounen déi am Moment applizéiert ginn, definéiert de Wunnsëtz, ewéi d'Steierlaascht tëschen de Länner opgedeelt gëtt. Do ginn et mat eisen Nopeschlänner verschidden Accorden iwwert Fréideg, also wou de Mataarbechter net zu Lëtzebuerg schafft, an awer net am Land vu sengem Wunnsëtz versteiert gëtt – déi sinn awer jee no Land séier opgebraucht.
Den Teletravail ass och net an all Secteur applikabel, fir de Commerce oder de sozialen a medezinesche Secteur ass et sécherlech méi schwéier.
Wat kéint en da soss nach maachen?
Ech mengen dat et bei ons am Land zu engem Ëmdenke muss kommen. D’Fro ass, op all Büroe musse ronderëm Staat Lëtzebuerg sinn. Esou kéint een sech virstellen, d’Büroen ze dezentraliséieren oder verschidde méi kleng Büroe méi no un d’Grenz ze placéieren.Flexibilitéit vun den Aarbechtsstonnen ass sécherlech och en Punkt: Mussen d'Leit um Büro tëschen 8 an 9 Auer ufänke mat schaffen?
Den ëffentlechen Transport an de Covoiturage mussen awer och hiren Undeel liwweren.