Ginn d'Grenzgänger steierlech benodeelegt am Verglach mat den Awunner?
Dëst Gefill ass legitim oder op mannst verständlech, well d'Reform 2018 as fir d’Grenzgänger manner gut wéi de System an deene Jore virdrun. No der Senkung vum Steiersatz ass den Nett vum Loun fir die meeschten méi héisch. Mä an engem zweete Schrëtt huet Regierung eng spezifesch Mesure fir d’Grenzgänger geholl fir se vis-à-vis vun den Awunner gläich ze behandelen. Par rapport zu der Besteierung ass et fair, mä et huet negativ Auswierkungen op d‘Grenzgänger.
Kann ee sech en extra gesonderten Statut fir d‘Grenzgänger an der Groussregioun virstellen?
Net op Basis vun der europäescher Regelung an et wier en Accord t ëscht de 27 Etats membren néideg, wat utopisch as. Bilateral Accorden tëschent de betraffene Länner wier méi realistesch awer ass an der Praxis och komplizéiert. Wat wier den Intérêt vu Paräis, Berlin oder Bréissel zum Beispill fir e System ze ënnerstëtzen, an deem d’Fransousen, d'Belsch an déi Däitsch vun doheem schaffen an d’ganzt Joer am Lëtzebuerger Gesondheetssystem sinn, wat vill manner deier ass? E gewësse Mangel un Akommes fir déi franséisch, belsch an däitsch Regierung. Vun doheem schaffen ass dofir eng Léisung fir maximal eng Kéier pro Woch. D'Europäesch Unioun ass entwéckelt gi fir d'Bewegung vu Leit, Wueren a Kapital ze erliichteren, awer mir gesinn d'Limitte schon op de Steieren an dat wäert net kurzfristeg änneren.
Kéint Letzebuerg doduerch manner attraktiv ginn?
Lëtzebuerg huet an dene leschte Joren e puer Plazen verluer wat d'Kompetitivitéit ubelaangt ënner anerem wéinst de Präiser von de Wunnengen an dem Verkéier. Mir wëssen awer, wéi wichteg d'Attraktivitéit vun Talenter fir d'Wirtschaft ass, a besonnesch fir verschiddenen IT-Sekteuren. D‘Besteierung ass e Stimulant an et ass méiglech d'Attraktivitéit duerch verschidden Mechanismen ze vergréisseren. Mir kënnen nëmmen hoffen, datt d'Besteierung vun den Leit an den Verkéier am Agenda vun der neier Regierung steht. Et ass essentiell fir e klengt Land wéi Lëtzebuerg op der internationaler Szen attraktiv ze bleiwen. All Firmen kennen Mataarbechter, déi décidéiert hunn net méi zu Lëtzebuerg ze schaffen. D'Grënn sinn och multifaktoriel, awer oft soen d’Leit, datt déi dräi Stonne vum alldeegleche Wee den Ënnerscheed vum Loun net wäert sinn.