Leschten Hierscht huet d’EU Parlament jo d’"Smart Borders" gestëmmt. Wat bedait dat konkret ?
Wéi den Numm et seet, geet et ëm d’Aféierung vun «intelligente Grenzen». Dëst mat engem EU-wäitem elektronesche System dee mat Hëllef vun der Biométrie d’Kontrolle méi efficace an d‘Sécherheet op de Baussegrenzen verbessere soll.
Biométrie ass jo d’Technologie déi eis erlaabt ouni Code an eisen Handy eranzekommen?
Genau. D’Biométrie ass eng Authentifizierungsmethod déi e Mënsch iwwer seng biologisch Eegenaarten wéi zB dem Fangeroofdrock, der Iris vu sengem Aa oder senger Stëmm identifizéiert. Dei lescht Generatioun Smartphonen erlaaben mëttlerweil souguer den Accès iwwert e Gesiichts-scan.
Wéi sécher ass déi Technologie dann iwwerhaapt?
All Mënsch huet e Saz vu biometreschen Daten dei just op hien zoutreffen. Dës Daten sinn eenzegaarteg an doduerch och als méi sécher ugesinn. Rezent Studien hu gewisen dat den Accès zu engem Bankekonto mat der Biométrie manner laang wei eng Sekonn dauert, an dëst mat enger Secherheet vu méi wéi 99.99%. Dobäi kënnt datt ee seng biométresch Identidéit am Geigesaz zu engem Pin Code oder engem Passwuert net verléiere kann.
Keint d’Biométrie sech am Alldaag (par rapport zu Passwierder a Pincoden) duerchsetzen?
Mir si schonn um beschte Wee dohinner, wa mer un den Accès op de Smartphone denken oder digital Iwwerweisungen zum Beispill. Och um Findel wäert zukünfteg biometresch Erkennung agesaat gin. Mier schaffen mat ville Betriiber weltwait zesummen fier des Transformatioun op Flughäfen a Staatsgrenzen ze begleeden. An dëst ass just den Ufank. An Zukunft wärte mer en Auto mat engem Gesiichts-scan lounen, de Parking mam Fangeroofdrock bezuelen an Dieren iwwert eis Stëmm opmaan.
Mee et bestinn natierlech och Risike beim Notze vu biometreschen Daten.
Dat ass richteg an dofir warnt d‘Dateschutzkommissioun datt ee virsiichteg bleiwe soll. Well dei gesammelt biometresch Date gehéieren zu eiser Perséinlechkeet. Sinn dofir och Deel vun der Privatsphär.Ech denken awer datt momentan d’Opportunitéiten d’Risiken iwwerweien. Et ginn eng Onmass vu Beispiller wou d’Biométrie erfollegräich genotzt gëtt. Am Abrëll dëst Joer huet zum Beispill d’Police vun New Dehli bannent nëmme 4 Deeg 3000 vermësste Kanner duerch e neien Gesiichtserkennungs-System identifizeiert a bei hier Familien zréckbruecht.