Wat versteet een da genee ënner "Upskilling" a firwat ass des Thematik esou wichteg?
D’Aarbechtswelt an d’Manéier wéi mer schaffen ass am gaange sech ze veränneren. Vill Leit déi nach virun e puer Joer ganz ouni IT Kenntnisser auskommen konnten, mussen haut eng ganz Panoplie vun informateschen Outil’en an hirem Alldag benotzen. Duerch d’Automatiséierung, d’Robotisatioun an dem Asaz vu kënschtlecher Intelligenz, riskeieren eng Rei Beruffer souguer einfach ze verschwannen. Enger OECD Etude no wärten sech e ¼ (25%) vun de Beruffer staark veränneren. Et ginn natierlech och nei Aarbechts Plaze geschaf. Fir déi awer oft ganz nei Kompetenze gebraucht ginn, déi net an de Schoulprogrammer virgesi waren.
A wat bedait dat fier d’Betriber?
Enger rezenter Etude vu PWC no, hunn 80% vun de befroten CEO’en Problemer Leit mat den néidegen digitale Kompetenzen ze fannen. A wa Kompetenze feelen, da ginn et just 2 Méiglechkeeten. Seng Mataarbechter “upskillen” – d.h. nei forméieren – oder Neier siche goen. Well haut alles extrem séier goe muss, setzen d’Betriber oft op nei an direkt sazfäeg Mataabrechter.
Heescht dat dann net, dass vill Leit hier Aarbecht verléieren ?
Dach a genau dowéinst muss gehandelt ginn. An där Optik ass dëst Joer en interessante Pilotprojet an d’Liewe geruff ginn, dee sech “Luxembourg Digital Skills Bridge” nennt. D’Idee ass datt et fier d’Gesellschaft, de Staat an d’Betriber manner deier gëtt déi eege Leit proaktiv weider ze bilden – also ze “upskillen” – wéi se an de Chômage falen ze loossen a se ze ersetzen. D'Zil vum Projet ass, datt d'Entreprisen an der digitaler Transitioun begleed ginn a parallel sozial Risike fir Salariéeën evitéiert ginn.
An dat geet duer?
Ech denken datt op laang Zäit virun allem 2 Elementer ausschlaggebend wärte sinn; 1tens – eng Evolutioun vum Schoul- a Léiersystème fir där neier Aarbechtswelt gerecht ze ginn; an 2tens – eng méi grouss Prioritéit fier d’Formatioun – an der permanenter Weiderbildung – vun allen Employeuren.Lëtzebuerg – an och Europa – musse sech intensiv mam Thema beschäftegen an dofier suergen datt och d’Leit bei eis attraktiv fier den Arbechtsmarché bleiwen.