RTL - Carte Blanche

Carte blanche économique mat PWC 18h15, 30/05/2018


Listen Later

Dier hat eis déi leschte Kéier iwwert d’Space Mining Gesetz erzielt an do ugedeit eis demnächst iwwert de Space Tourismus ze schwätzen. Ass dat wierklech um kommen ?

Et gesäit effektiv esou aus wéi wann dat an de nächste Joren eng Realitéit géif ginn. D’Idee zitt ëmmer méi Leit un an et ginn ëmmer méi Betriber déi esou e Service developpéieren.Wee genuch Suen huet kann sech geschwënn den Dram vun enger Rees an de Weltall erfëllen. Di amerikanesch Firma Orion Span huet annoncéiert bis 2021 deen éischten Luxushotel am Weltall – d’Aurora Station - opzemaachen. Hier Offer? 12 Deeg wei en Astronaut liewen an d’Welt mat engem gewëssen Confort vun “do Uewen” beobachte kënnen. Den Hotel wäert eise Planéit all 90 Minutten ëmfleien. Deemno kréien d’Gäscht am Schnëtt bannent 24 Stonne 16 Sonnenop- an Ënnergäng ze gesinn.

Weltall-Reese fir Privatleit gouf et (an der Vergaangenheet) awer schonn?
Stëmmt! Déi 1. Privatpersoun am Weltall war de Geschäftsmann Denis Tito. Dat war 2001. Zanterhir hate just nach 6 aner Persounen d’Geleeënheet esou eng Rees ze ënnerhuelen. Déi Lescht 2009.Well ëmmer méi Entreprisen sech dem Spacetravel widmen an ëmmer méi Leit räich genuch si fir sech esou eng Rees ze finanzéieren, wäert d’Offer vum Weltall Tourismus (awer elo rem) an d’Luucht goen.

Dat ass awer bestëmmt eng deier Wichs
Allerdéngs! Fir déi 12 Deeg op der Aurora Station – déi 6 Gäscht an 2 Crewmemberen ophuele kann – mussen 9.5M Dollar pro Kapp, also 792,000 Dollar pro Nuecht, bedaalt ginn.
An einfach sou kann een do natierlech net mat. Eng Rees an de Weltall ass eng schwéier Belaaschtung fir de Kierper an bedarf eng adequat Preparatioun. Mee anstatt deenen übleche 24 Méint Virbereedung, huet den Operateur Orian Span dës op 3 Méint reduzéiert.

Gëtt et keng aner, méi gënschteg Méiglechkeet, fir an de Weltraum ze reesen?

Dach. Eng Rei Entrepreneuren schaffen un interessanten Alternativen. De Grënner vu SpaceX, den Elon Musk huet annoncéiert datt seng Firma 2 Privatleit op en Trip ronderëm de Mount schécke wäert. De Richard Branson, faméisen CEO vu Virgin, plangt Touristen mat méi kuerze Reesen – 60,000 Meilen iwwert der Äerd – op d’Grenz vum Weltall ze bréngen ..’Katie Perry an den Tom Hanks hu sech anscheinend scho ageschriwwen fir de 250,000 Dollar-Trip. Enn 2017 haten ëmmerhin scho 650 Leit sech en Ticket kaf. (A Blue Origin, dem Jeff Bezos, CEO vun Amazon a räichste Mann vun der Welt seng Firma, plangt nach dëst Joer eng bemannte Missioun an de Weltall.) An dëst ass just den Ufank…
Ajo – falls der awer scho eng Platz op der Aurora Station reservéieren wéilt, den Akonnt ass 80,000 Dollar (a gëtt zu 100% zrëckerstatt).
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
L'édito éco by France Inter

L'édito éco

14 Listeners

Nouveau monde by franceinfo

Nouveau monde

6 Listeners

Géopolitique by France Inter

Géopolitique

192 Listeners

Kommentare und Themen der Woche by Deutschlandfunk

Kommentare und Themen der Woche

9 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Presseschau by Deutschlandfunk

Presseschau

10 Listeners

L'édito politique by France Inter

L'édito politique

26 Listeners

Charline explose les faits by France Inter

Charline explose les faits

25 Listeners

Panorama by radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners