De Regierungsprogramm ënnerstreicht dat an deene nächste Joren déi sëlleche Reformen, déi an der läschter Legislaturperiod am Enseignement agelaut gi sinn , solle gefestecht an ausgebaut ginn. Mee ee vun de Problemer, deen de lëtzebuerger Schoulsystem huet, léisen all dës Reformen an Initiativen nët, nämlech de Stellewert vum Enseignement an den Enseignanten an der Lëtzebuerger Gesellschaft.
An deenen Länner, déi ëmmer an allen internationalen Etuden ,wéi zum Beispill der Pisa-Etude déi éischt Platzen an huelen, genéissen d’Enseignanten engem héijen Usinn A wéi ass et bei eis? Vill Leit gesinn an de Léierinnen, Schoulmeeschteren a Proffen d’Schmarotzer vun der Gesellschaft: Eng déck Pei, vill ze vill Vakanz, vill ze wéinech Schaffstonne pro Woch an zum Deel net kompetent fir hiren Job.
Dës Leit sinn si sech dem komplexen Job vum Enseignant am Allgemengen a vum lëtzebuerger Enseignant am Besonneschen, net bewosst.
Déi zolidd Ausbildung, déi d’Enseignanten aus alle Bildungsbereicher genéissen an déi sëlleche Weiderbildungsofferen, sinn néidech fir si ze befähegen virun enger Klaas ze stoën an där Kanner oder Jugendlecher sëtzen aus ganz verschiddene Kulturkreeser, mat zum Deeel schwiireche soziale Verhältnisser am Elterenhaus, déi och nach verschidde Mammesproochen hun, respektiv keng vun eise gängeje Sprooche beherrschen.
An da sollen si och nach jidferengem vun dëse Kanner eppes beibrengen an nach laang net egal wat. D’Programmer, déi jo derzou solle féieren, datt jidfer Schüler déi vun der Gesellschaft an den Entreprisen gefuedert Kompetenzen entwéckelen, sinn alles Aanescht wéi einfach ëmzesetzen, an dobei soll jo kee Schüler op der Streck bleiwen an jidfer Kand, mat oder ouni Handicap, an d’Klass a spéider an d’Gesellschaft intégréiert ginn.
Leider muss och d’Schoul een Deel vun deenen Aufgaben iwwerhuele, déi fréier selbstverständlech vum Elternhaus geleescht gi sinn, nämlech déi elementar Erzéiung vun de Kanner a Jugendlechen. Villvill Kanner kommen an d’Schoul, déi vu Follechen keng Ahnung hunn, déi nach ëmmer hiren eegene Wëllen hun dirfen duerchsetzen, a fir déi Héiflechkeet absolut kee Begrëff ass.
Verschiddener dinn sech och schwéier dermatt, fir d’Autoritéit vun enger Fra unzeerkennen a mussen rischt an der Schoul léieren, dat si och enger Fra musse follechen.
Dat keen Enseignant dat alles aus dem Stee schléit, mais vill Virbereedungs- a Nobereedungsarbecht verlangt, ouni mol vun deem administrativen Opwand ze schwetzen, deen déi nei Reformen matsech bruecht hun, soll eebedenken, wann een iwwert d’Arbechtszeit vun den Enseignanten hirfällt.
Déi vill Burnouten beim Léierpersonnal an de Mangel un Enseingnanten deen sech besonnesch am Fondamental breed mecht, si Beweiser derfir, datt de Beruff vun Enseignant haut éischter enger Berufung, wéi engem Dramberuf gleich kënnt.
An dach fannen vill Enseiganten, datt si ee vun deenen schéinste Beruffer vun der Welt hunn.Si sinn sech bewosst wéi wichtech a wéi schéin et ass fir de Kanner an de jonke Leit ze hëllefen sech zu engem engagéierten a kompetente Member vun eiser Gesellschaft ze entwécklen.
Kommt mir leeschten all eise Betrag dozou, dat den Enseignanten hir Missioun réusséiert, andeems mir zu eiser Schoul stinn an d’Enseignanten an hir Arbecht respektéieren.