RTL - Carte Blanche

Carte Blanche: Jean-Louis Schlesser, 11/02/2019


Listen Later

Ech hat ugefaange mer Strécher op d'Wand ze maachen, all Kéier wann an de Féierungsgremien vum Fond du Logement – Verwaltungsrot, Direktioun – een erausgeflunn ass oder selwer d'Handduch gehäit huet. Dat hunn ech awer opginn well et sinn där Strécher zevill ginn. Do gefält mer den Optimismus vun der zoustänneger Ministesch, der Madame Tanson, déi kalbliddeg behaapt de Fong wär operationell. "A la bonne heure!", soen ech do. "Da loosst en dach ewéi en ass. Nëmmen näischt upaken!" Operationell? Et geet also dach!
Och ons belsch Frënn hate 249 Deeg keng Regierung an, éierlech gesot, ech hu keen Ënnerscheed gesinn wann ech op Bréissel gefuer sinn oder zu Stengefort am Stau stoung fir bei Ikéa ze goen.
Kommt mir sinn emol innovativ: villäicht sinn tatsächlech nei Iddiën néideg fir aus dem Schlamassel erauszekommen. Ech hätt do eng: wéi wär et wann een den Häre Becca oder Giorgetti dat alles uvertraue géif  ? Déi schénge sech a Saachen Immobilien pico-bello auszekennen. Wat bei de politesche Responsabelen (oder waren et d'Beamten ?) jo manifestement net wierklech de Fall war.  Ha!, do héieren ech der déi soen,mee wou ass dann do den Ënnerscheed zu dem wat elo ass? Déi grouss Promoteuren si souwisou di eenzeg déi bauen, a si maachen och nach d'Landes- a Stadplanung niewebäi. Gratis.
D'Cours des Compte huet kierzlech mat hirem Spezialrapport iwwert de soziale Wunnengsbau eng Schëpp drop ginn. Di enorm Diskrepanz zwëschen dem Zouwuess vun Awunner an den nächste Joe an deem wat gebaut gëtt, d'Deierecht di doduerch entsteet ass näischt wéineger wéi eng Zäitbomm wou d'Wick schonn un ass an ee se brenne gesäit. Mir gesinn wat dat an Termen vun Aarmutsrisiko bedeit an dee kann een net ewech rieden andeem een d'Methoden vun de Statistiker a Fro stellt. Wann een, als Representant vun der ëffentlecher Macht, weidermécht mat Lavéiren mécht een sech esou gutt wéi strofbar.
Ech hu kierzlech en Interview mat der Madame Tanson gelies, an dem se iwwert hiren neien Ministeschjob schwätzt. Wat d'Kultur – hiren anere Portefeuille – ugeet, hunn hier Aussoe geklongen ewéi déi vun engem deen endlech säin Hobby zum Beruff maache konnt. Ech mengen, déi Begeeschterung freet all Kulturschaffend zu Lëtzebuerg.
Sou wichteg d'Kultur och ass, sou indispensabel ass et och datt eng engagéiert Persoun, mat der néideger Empathie fir d'Interêten vun de Kreativen an alle Beräicher couragéiert antrëtt.
Nach vill méi kloer misst et sinn, datt de Problem vum Wunnen, vum Wunnen an engem räiche Land op eng Aart a Weis ugaange gëtt an der net méi - wéi bis elo - Partikularintressen Prioritéit hunn, mee d'Wuel vum ganze Land.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Hintergrund by Deutschlandfunk

Hintergrund

57 Listeners

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

5 vir 12 by RTL Radio Lëtzebuerg

5 vir 12

0 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Panorama by radio 100,7

Panorama

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

Presserevue by radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - Commentaire by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Commentaire

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

Moiesstudio by radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners