RTL - Carte Blanche

Carte Blanche: Kann de kapitalistesche Gesellschaftssystem verbessert a méi human gemaach ginn?, 25/06/2018


Listen Later

Et soll een d’Saach kloer beim Numm nennen: Déi Gesellschaft an där mir liewen, ass eng kapitalistesch Gesellschaft! Jidderee weess et, mee kaum ee seet et ... Et misst ee séch jo soss d’Fro stellen, wat ass dee Kapitalismus, wéi eng Auswierkungen huet en op Mënsch a Natur.
Kapitalismus heescht Striewe no Profit, egal wat et kascht, verbonne mat mat immensem mënschleche Leed an enger ëmmer méi massiver Zerstéierung vun Natur an Ëmwelt. Mat Millioune vu Leit déi vun Honger stierwen, wärend eng kleng Minoritéit onendlech räich ass, an nach ëmmer méi räich gëtt.
Am Kapitalismus vum 21. Joerhonnert drängt eng kléng Elit vu Kapitalbesëtzer, vu Finanzoligarchen, der ganzer Welt hir Muecht op, an dat méi staark, méi emfaassend, wéi je e Keeser oder Kinnek dat konnt.
De Jean Ziegler, schwäizer Soziolog an Auteur vu ville Bicher zu deem Thema, seet et riicht eraus: De Kapitalismus muss zerstéiert ginn, ier en onse Planéit zerstéiert! An: De Kapitalismus léisst sech net reforméieren! Grad wéi de Sklaventum, deen 48 Millioune Mënschen deportéiert an entmënschlecht huet, net méi human gemaach oder verbessert konnt ginn. Dee System huet missen zerstéiert ginn a verschwannen, seet de Jean Ziegler. Och de Kolonialsystem, deen onendlecht Leed op der Welt geschaf a just wéineg Leit immens räich gemaach huet, konnt net just verbessert ginn. An esou – de Jean Ziegler weider – ass et och mam Kapitalismus. Et ass grondsätzlech onméiglech sou ee Gesellschaftssystem ze reforméieren, e System, dee Bëscher, Waasser a Klima zerstéiert an de Mënschen Krankheet, Honger an Kricher bréngt.
Mënsch a Natur sinn haut amstand genuch ze produzéiere fir bal duebel souvill Mënschen ze ernären, wéi der op dëser Welt liewen; trotzdeem stierft all 4 Sekonnen ee Kand ënner 10 Joer un Honger. Dat ass Mord, seet de Jean Ziegler! 2 Milliarde Mënschen – also bal all drëtten – huet keen Zougang zu propperem Waasser, wärend e puer Multiën sech dat Waasser fir hire Profit uneegnen. Bal de ganze Räichtum deen op dëser Welt geschaf gëtt – 87% dovun – geet an d’Täsch vun deenen räichsten 1%.
Vill Leit hunn sech an enger Nisch ageriicht, wou et hinnen – vis-à-vis vun aneren – relativ gutt geet. Mee och si waërten op d’Dauer net vun den Auswierkunge vun Ëmweltzerstéierung a Krich, oder vun enger vun de nächsten Wirtschaftskrisen verschount bleiwen. D‘Majoritéit vun de Mënsche leiden ëmmer méi ënnert der kapitalistescher Profitwirtschaft. Iwwerall op der Welt kämpfe Leit fir d’Iwwerliewen a fir eng besser Welt.
Vill Asaz vun den Aarbechter an Aarbechterinnen, Gewerkschaften, Jugendlechen, Fraen, ënnerdréckte Minoritéiten, hunn et erlaabt d’Leed op dëser Welt e Bëssen anzeschränken. Trotzdeem musse mir ons bewosst ginn, datt d’Mënschheet nëmmen dann eng Zukunft huet, wann si sech fräi mécht vun all Zort vun Ënnerdréckung.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
L'édito éco by France Inter

L'édito éco

14 Listeners

Nouveau monde by franceinfo

Nouveau monde

6 Listeners

Géopolitique by France Inter

Géopolitique

192 Listeners

Kommentare und Themen der Woche by Deutschlandfunk

Kommentare und Themen der Woche

9 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Presseschau by Deutschlandfunk

Presseschau

10 Listeners

L'édito politique by France Inter

L'édito politique

26 Listeners

Charline explose les faits by France Inter

Charline explose les faits

25 Listeners

Panorama by radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners