« Nicaragua : ass dat an Afrika ? » Des Fro ass mir tratsächlech eng Keier gestalt ginn ! Nicaragua ass dat gréisste Land vu Mëttelamerika, trotzdeem nach ëmmer e klengt Land wann en déi aner Länner vum amerikanesche Kontinent kuckt. Et ass och dat äermste Land vun Amerika no Haiti. En schéint Land vu Vulkanen, Séien, Karibik- a Pazifikküst, mee kee Pëtrol, keng rare Mineralien, net vill Gold. Et ass och eent vun de 7 Partnerlänner vun der lëtzebuergescher Kooperatiounen. Et héiert en net vill vu Nicaragua an de Medien, obwuel do zanter Abrëll lescht Joer eng richteg lass ass.
Nicaragua gëtt zanter 2006 vum Daniel Ortega presidéiert. Hee war en vun de Responsabele vun der Sandistischer Revolutioun an den 80er. An den 90er haten d'Sandinisten hier Emprise op de Pouvoir verluer an déi riets Regierungen neoliberal Politiken agefouert. Vu 2006 un huet den Ortega déi neoliberal Politike weidergefouert an sech an seng ganz Famill op der Muecht installéiert, souwuel politesch wéi ekonomesch. Duerch e puer Assistenzprogrammen huet en d'Extremaarmut e bëssen erofbruecht, mee am grousse Ganzen huet virun allem seng Famill a seng Frënn an net d'Vollek vum wirtschaftleche Wuesstem profitéiert.
Am Abrëll, no engem schlecht genéierte Brand an enger Naturreserve an no der Baisse vun de Prestatioune fir d'Pensionären, si Léit an d'Strooss gaangen. Den 18. and 19. Abrëll si Manifestatioune vu Studente brutal vun der Police ënnerdréckt ginn. Doropshi goufen et déi éischt Doudeger. Ënnert hinnen en 16 järege Bouf den de Studente Waasser brénge wollt. Duerch déi éischt Doudeger goufen et Barrikaden, Manifestatiounen a méi Brutalitéit vun der Police.
Lo, no 9 Méint ass laut dem Ortega a senger Fra, déi och Vizepresidentin ass, nees alles normal. Kéng Barrikade méi, keng Manifestatioune méi ausser déi déi si selwer organiséieren. Dofir awer 325 Doudeger an iwwer 2000 Blesséierter, 550 politesch Prisonéier, 300 entloosse Gesondheetspersonal, op mannst 144 Studente déi vun der nationaler Uni (UNAN) erausgeheit goufen, an zougemate Medien an ONGen. Lëtzebuergesch Ministeren hunn am Juli d'Mënscherechtsviolatioune condamnéiert an déi bilateral Hëllef agefruer, mee wéi gëtt et weider ? D'lëtzebuergesch ONGen ënnerstëtzen weiderhin an ëmsou méi déi vulnerabelst Populatiounen an d'Zivilgesellschaft am Nicaragua an am Exil.