Virun e puer Deeg konnt een am Wall-Street-frëndlechen Wirtschaftsmagasinn Forbes en Artikel liesen mat der Iwwerschrëft: “Unless It Changes, Capitalism Will Starve Humanity.” Viru ronn zwou Wochen ass e Video vum Rutger Bregman um Weltwirtschaftsforum zu Davos viral gaangen, wou de jonken hollänneschen Historiker ënnersträicht, dass zwar och zu Davos vill iwwert Gerechtegkeet, Gläichheet, Klimaschutz an Transparenz geschwat gouf, awer di Ultraräich net hiren Deel duerzou bäidroen. Et geet eben net duer mam Privatjet op Davos ze fléien an e puer schéi Gedanken iwwer Philanthropie ze formuléieren. Dem Bregman seng Konklusioun ass: „Mer mussen de Béischt Kapitalismus zähmen.“ Esouguer de Poopst huet, op seng Manéier, schonn 2013 Kapitalismuskritik geübt mat de Wierder: „Diese Wirtschaft tötet.“ Laang huet et allgemeng geheescht: „there is no alternative“. Awer di grouss Froen vun Ongläichheeten, déi an de leschte 30 Joer entstane sinn, ginn zu enger Bedrohung fir d’Demokratie - a Klimapolitik huet bekanntlech e ganz laange Bremswee.
Och an de Wirtschaftswëssenschaften gëtt et ëmmer méi Kritik um Kapitalismus als eenzeg bestëmmend Kraaft an der globaler Gesellschaft. Sief et vum Joseph Stiglitz, dem Paul Krugman, dem Thomas Piketty oder der Mariana Mazzucato. Niewt de bekannten Theesen vum Piketty iwwert déi ëmmer méi ongerecht Verdeelung vu Kapital a Verméigen, sinn och der Mariana Mazzucato vum University College London hir Iddien ganz relevant. An hirem neie Buch „The Value of Everything“ hannerfreet si grondsätzlech d’Definitioun vu „Wäert“ an eiser Gesellschaft, deen net ëmmer mam Maartpräis gläichzesetzen ass. Si verlaangt, nëmme wierklech „value creation” an der Gesellschaft politesch ze ënnerstëtzen, awer keng „value extraction”. Si fuerdert also, dass sech eng Gesellschaft am politeschen Diskurs doriwwer eens muss ginn, wéi eng Beräicher an der Ekonomie als Deel vun enger wierklecher Wäertschöpfung unzegesi sinn - wéi zum Beispill Bildung oder Grondlageforschung. An op der anerer Säit dann awer och ze ënnersichen, a wéi enge Beräicher nëmmen defizient Maartsituatiounen ausgenotzt ginn, fir Wuelstand aus der Gesellschaft ofzezéien, ouni wierklech neie Wuelstand ze schafen. Och de legendären Wirtschaftshistoriker Karl Polanyi huet schonn 1944 virun enger „market society“, wou déi reng Profitlogik all Gesellschaftsfroen bestëmmt, gewarnt.
Wann eleng d’Prinzipien vum globale Kapitalismus alles bestëmme sollen, da sinn d’Natur, d’Déiererechter, d’Demokratie, an um Enn, de Mënsch a Gefor. Déi Problemer virun deene mer haut stinn, loosse sech natierlech net mat enger eenzeger Theorie, wéi mat engem Zauberstaf léisen. Awer grondsätzlech Iwwerleeungen iwwert eise Wirtschaftssystem mussen an Europa eng Relevanz am politeschen Diskurs kréien. Mer brauchen haut e smarten, inklusiven a nohaltege Wuesstem. Europa misst doran e Virbild kënne sinn. Da kéint di europäesch Unioun och erëm en interessanten Zukunftsprojet ginn. D’Grondiddi vun der Opklärung war d’Emanzipatioun vum Mënsch vun allen Dogmen: „der Ausgang des Menschen aus seiner selbstverschuldeten Unmündigkeit.“ Nom Kant war de Wahlsproch vun der Opklärung „Sapere aude!“. De Courage ze denken an alles, ëmmer erëm nei, a Fro ze stellen. Et ass Zäit iwwert Alternativen ze diskutéieren an dann och ze handelen.