Virun zwou Wochen sinn d’Couren op der Universitéit Lëtzebuerg erëm ugaangen, an zanterhier ass nees Liewen um Belval. D’lescht Woch gouf och en nei Gebai ageweit – d’Häerzstéck vun all Universitéit, dat wat een fréier d’Bibliothéik genannt hätt, ass haut de Luxembourg Learning Center. E groussaartegt Centre, deen vill méi ass ewéi just eng Bibliothéik; en ass iwwregens fir jiddwereen op, ob Student oder net.
Dëse Campus um Belval gëtt vun Gäscht aus dem Ausland déi mir do empfänken, mat Bewonnerung an Unerkennung bestaunt. Keen Zweiwel, den Fuerschungsstanduert Lëtzebuerg ass mëttlerweil ee weideren Atout vun onsem Land.
An zwou Wochen sinn Wahlen an ech sinn natierlech net derlaanscht komm fir ze kucken wat dann esou an den Wahlprogrammer steet iwwer Fuerschung, Innovatioun an Universitéit. Positiv fält op, dass dës Themen an de Programmer méi Platz kréien ewéi dat nach virun 5 Joer de Fall war. Erfreelech ass awer och dass queesch duerch d’Parteien e Konsens besteet, fir déi positiv Entwécklung vum Fuerschungssecteur an den nächsten Joren weider ze féieren.
D’Parteien sinn sech an deem Punkt eens, dat déi verschidden Fuerschungs Institutiounen an Zukunft sollen nach méi enk zesummeschaffen. Eens sinn se sech och, zumindest bal alleguerten, dat Synergien tëschent der ëffentlecher Fuerschung an dem Privatsecteur nach méi ausgebaut sollen ginn.
Op der Basis – dat heescht bei den Fuerscher – an um Niveau vun der Direktiounen klappt d’Zesummenaarbecht mëttlerweil ausgezeechent. Mee un der Spëtzt sinn mer weiderhin un historesch gewuessen an fragmentéiert Strukturen gebonnen, wou een sech froen dierf op se nach adaptéiert sinn fir d’Zukunft. Esou hunn zum Beispill d’Uni an jidder eenzelen Centre de Recherche hir eegen Gouvernance-Struktur. Et schaffen also weiderhin bal eng hallef Dosen verschidden Conseil d’Administratioun separat dorunner vir eenzel Stécker vun onser Fuerschungsstrategie ze entwéckelen. Als Géigebeispill kënne mer hei d’Schwäiz nennen, wou et nëmmen een eenzegen Conseil d’Administratioun gëtt fir zwou grouss Héichschoulen an véier Fuerschungszentren an deenen insgesamt véier mol méi Fuerscher ewéi zu Lëtzebuerg schaffen.
Och déi staatlech Finanzéierung vun Fuerschung an Innovatioun em ëffentlechen Secteur, am privaten Secteur, an d’Ënnerstëtzung vun Start-up Entreprisen ginn weiderhin komplett separat organiséiert.
Hei sinn Defien déi eng zukünfteg Regierung, wei och ëmmer se sech zesummen stellen wäert, kann op de Fändel schreiwen. Iwwerleeungen heizou stinn iwwregens och an deem exzellenten Rapport vun der OCDE, deen 2016 publizéiert gouf, vun deem awer leider net méi vill Rieds ass.
Onsen Fuerschungsstanduert huet sech international a kierzester Zäit e Numm gemaach. An dorops dierfe mir roueg houfreg sinn. Déi zukünfteg Regierung, wien och ëmmer se stellt, huet awer d’Méiglechkeet, deen nächsten groussen Schrëtt ze maachen fir onsen Fuerschungsstanduert laangfristeg op Weltniveau ze etabléieren, andeems se en néien Kader setzt, fir eng modern Gouvernance déi d’Synergien tëschent den Institutiounen an och mam Privatsecteur voll ausschöpfen kann.