Erënnert iech : viru gené 4 Joer ass dem Michel Houellebecq séi Roman Soumission erauskomm. Et ass d’Geschicht vun enger lueser Islamiséierung vum Frankréich, ganz friddlech, durch Gewunnecht an durch banal Kollaboratioun. Dé selwechten Dag huet zu Paréis den Attentat op de Charlie Hebdo 12 Doudeger gefourdert.
De leschte Freideg koum dem Michel Houellebecq séin neit Buch Serotonine eraus. Wéi schons am vierechte Roman, spigelt och hei d’perséinlech Geschicht vum depressiven Antiheld déi nët manner traureg Situatioun vun eiser Gesellschaft an notamment vun eiser representativer Demokratie.
Am Frankreich fourderen D’Gilets Jaunes dem Macron séi Récktrëtt an heiandsdo zugour séi Kapp. A villen aanere Länner bauen Trump a séngesgleichen Mauere géint eis demokratesch an humanistesch Werter. An hei zu Lëtzeburg geet am Koalitiounsvertrag Rieds vun ëmmer neien Referenden, Petitioune an aaneren demokratoïden Gadget’en.
Trop d’impôt tue l’impôt, soen d’Ekonomisten, trop de démocratie tue la démocratie, well ech hinnen aentweren. Eisen demokrateschen Kierper leid un énger autoimmuner Krankheet wou déi eegen Antkierper den Organismus ugreifen. Antikierper géint d’Diktatur (Manifestatiounen, Referenden, Sondagen, asw) ini natiirlech batter néideg, méi wann se Iwwerhand huelen, gët den Thermometer geschwë méi wichteg wéi d’Féiwer. As et iech opgefall d’ass d’Waalen nët méi gewonnen ouder verluer gin par rapport zu déne leschte Waalen, mé par rapport zum leschte Sondage ? A wann no all Wahl Emfroen (wéi hei zu Lëtzeburg) ouder Gewalt (wéi elo am Frankreich) dëss Wahlen a Fro stellen, koenne mer se jo einfach ofschaafen … a, firwat nët, éng Revolutioun maachen.
D’Demokratie leescht wichteg Dengschter wann ëtt drem geet materiell Problemer um Enn vum Mount ze léisen, mé sie ass am Gaang ze versoen wann ët drëm geet de Problem vum Enn vun der Welt an de Grëff ze kréien. D’Gilets Jaunes sin op d’Stroos gaang well d’Dieselspreisser an d’Luucht gaange sin. Am demokratesche System gët kee Politiker gewielt dee versprëcht aanescht wann nët zuguer manner ze konsomméieren. Fir Carrière ze maachen, sicht hien de Komfort vun dem eenzelne, dem individuellen Wieler. De Mënsch ennerscheed sech naemlech vum Déier andeems en d’Rechter vum Individuum iwer d’Rechter vun der Espèce sëtzt. Mé op mer wëllen ouder nët, de Klimawandel verlaangt e Wandel vun eise Paradigmen