RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Tom Bellion, 28/11/2018


Listen Later

Déi Deeg ronderëm den 21. Dezember, also dem Sonnenwendtag, gi schonns zanter Joerdausenden ënner verschidde Formen a jee no Zivilisatioun oder Kulturkrees als Fest vun der Veréierung vun der Sonn, dem Liicht, gefeiert.
 
Säit dem 4. Joerhonnert no Christus feieren d'Chrëschten um 25. Dezember symbolesch d'Gebuert vu Christus. Zanter dem Joer 1535 spillt op Initiative vum Martin Luther d'Beschenken eng gréisser Roll op Chrëschtdag.
 
Spéitstens zanter dem leschtem Weekend am November ass et nees esou wäit a mir ginn alleguerten an d'Chrëschtdagsstëmmung begleet, oder soll ech soe gedréckt ?
 
Eng Rei vu Chrëscht- a Wantermäert hunn hir Zelter schonn opgeschloen oder maachen dat ganz geschwënn.
 
An de leschten Deeg liest an héiert een, besonnesch an de sozialen Netzwierker, eng gewëss Polemik iwwert d'Schreifweisen an d'Benennung vun dësen Events.

Eng Diskussioun déi deelweis héich emotional an digital Welle schléit.
 
Jee no Organisateur ännert d'Schreifweis an déi Veranstaltung gëtt da mol
mat "Ch" oder mat "K", mat engem "a", mat "oa" oder mat zwee "a" oder och nach mat oder ouni Trema um "e" geschriwwen.

Der Imaginatioun si keng Grenze gesat an esou een Event heescht dann och mol Wanterfeeling, Wanterflair, Winter Moments oder Winterlights.
 
Donieft schläicht sech dann och zanter ee puer Joer de Black Friday an dës Periode vum Joer era fir eis drop opmierksam ze maachen, dass et elo wierklech héich Zäit gëtt, fir iwwert Cadeauen nozedenken.
 
Chrëschtdekoratiounen, Kleesercher, Houseker a Luuchteninstallatioune
wäerten eis dann och vun elo un op Schratt an Tratt duerch déi däischterst Zäit vum Joer begleeden.
 
Mee, nieft all dem gutt gemengte Bling Bling an eisem ongebremste Konsumdenken, ass dëst net virun allem dee Moment am Joer, wou mer vläicht alleguerte bereet si fir ee bësschen zur Rou ze kommen?

Ass et net och eng vun deene seelene Geleeënheete wou mir Wäerter wéi Famill a Frëndschaft, Respekt an Toleranz, Solidaritéit a Matgefill an de Virdergrond ze stellen?

Haaptsaach also, et gëtt ee Forum geschaaft, egal wéi en genannt gëtt, reliéis oder och net, wou Leit vun all Generatiounen an aus de verschiddenste Kulturkreesser friddlech zesummekomme fir flott a gemittlech Momenter zesummen ze erliewen an sech op dat Wesentlecht ze besënnen.
 
Also kommt mir loossen jidderengem d'Fräiheet fir säin Event esou ze nenne wéi hie wëllt!


...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Hintergrund by Deutschlandfunk

Hintergrund

57 Listeners

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

5 vir 12 by RTL Radio Lëtzebuerg

5 vir 12

0 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Panorama by radio 100,7

Panorama

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

Presserevue by radio 100,7

Presserevue

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - Commentaire by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Commentaire

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

Moiesstudio by radio 100,7

Moiesstudio

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners