A menger éischter Carte Blanche well ech mech mat der Constitutioun befaassen. Net nëmmen well d’Institutiounscommissioun vun der Chamber leschte Mëttwoch no 20 Jor Aarbecht de Rapport ugeholl huet mä virun allem well et dee wichtegsten Text ass an onsem Rechtssytem. An Däitschland heescht et Grundgesetz well et ass deen Text deen iwer all deenen anere Gesetzer steet.
Wéineg Bierger maachen sech Gedanken iwert d’Verfassung an dach muss mer ons bewosst sinn dass et deen Text ass deen onse Staat organiséiert an ons Grondfräiheeten garantéiert. D’Verfassung ass am Fong e Secherheetsgurt dee verhënnert, dass einfach Majoritéiten fir Gesetzer kënnen stëmmen déi géint déi Grondrechter verstoussen. Hei zu Lëtzebuerg huelen mer déi Grondfräiheeten als eppes Selbstverständleches unn. Eng onofhängeg Justiz, eng fräi Presse, Glawensfräiheet ënnert aaneren. Dass dat awer net esou selbstverständlech ass gesi mer an enger Rei Länner, och an der EU, wou zB wéi elo a Polen de Justizminister d’Fonctioun vum Procureur Général iwerholl huet.
Ons aktuell Verfassung staamt aus dem Joer 1868. Den haitegen Text ass deem vun deemols nach ganz ähnlech, och wann en natierlech oft an eenzelen Punkten ofgeännert ginn ass.
Eng allgemeng Refonte vun onser Constitutioun ass onemgänglech ginn fir ee fir allemol mam Gepléischters un engem 150 Joer alen Text opzehalen an d’Dispositiounen an onser Verfassung un déi haiteg Gesellschaft unzepassen.
Hei e puer Eckpunkten vun der Revisioun :
• De Katalog vun de Grondrechter a Fräiheete gëtt ausgebaut.
• D’lëtzebuerger Sprooch gëtt an der Constitutioun verankert genee wéi d’Méisproochegkeet.
• D’Pouvoiren vum Grand-Duc ginn un d’Realitéiet, wéi se haut schonn ausgeüübt ginn, ugepasst.
• De Fonctionnement vun der Regierung gëtt méi am Detail beschriwen.
Den Text ass elo färdeg an dréit net nëmmen de villen Avisen Rechnung, déi eragereecht goufen, dorënner virun allem deene vum Staatsrot an der Commission de Venise vum Conseil de l’Europe, mä beinhaltet och Propositiounen déi d’Bierger der Chamber eragereecht hunn. Wéi schwiereg awer esou eng Reform ass mierkt een un den ganz divergenten an oft kontradiktoresche Meenungen vun onofhängegen Constitutiounsexperts. All denen déi un dëser rieseger Arbecht bedeelegt waren gëllt onse Repekt an e grousse Merci.
Ech bedaueren, dass den Text deen an der Commissioun vun de Majoritéitsparteien an och vun der CSV a bei der Enthalung vun déi Lenk gutt geheescht gouef elo net méi virun de Wahlen an d’Chamber kënnt, well d’CSV sech deem opposéiert ovwuel se mam Text d’accord ass. Fir mech ass dat onverständlech well d’Verfassung ass ze vill wichteg fir doraus e parteipolitesche Spillball ze maachen.