En namhafte Vertrieder aus dem noen Ausland huet déi Erwaardunge viru kuerzem esou formuléiert:
D’Bezéiung Staat-Kierch ass gestéiert a muss reparéiert ginn. D’Kierch muss sech fir déi weltlech Froen intresséieren an de Staat fir d‘Kierch.
D‘Laicité huet net dat Spirituellt ze niéieren oder aus eise Gesellschaften déi „part sacrée“ erauszerappen, déi vill vun eise Matbierger erniert. De Staat huet net, am Numm vun enger neier Staatsrelioun, d’gëttlech Transzendenz ze ersetzen duerch e republikanesche Credo. Déi spirituell Dimensioun, déi d’Katholiken undreift, ignoréieren, giff d’Land op eng ganz partiell Vue reduzéieren; „ce serait méconnaître le pays, son histoire, ses citoyens“.
Wat d’chrëschtlech Wuerzele vun Europa ugeet, sou wieren d‘Wuerzelen net wichteg, well déi kënnen ofstierwen. Wat wichteg ass, ass de Saaft. „Et je suis convaincu que la sève catholique doit contribuer encore et toujours à faire vivre notre nation.“
An e giff sech – sot de Politiker – vun de Katholiken dräierlee erwaarden: „Le don de votre sagesse. Le don de votre engagement. Et le don de votre liberté“. D’Sagesse, d’Fro no der Erléisung ze thematiséieren, well si betrëfft d’ganz Existenz an de Sënn vum Liewen. Den Asaz vun de Geeschtlechen an Uerdensleit, déi de Mënschen deeglech a Gléck an Ongléck bäistinn. An d’Fräiheet, och onzäitgemäss Positiounen ze vertrieden, en alternative Liewesstil ze entwéckelen duerch Gebied, Zréckgezugenheet oder e Liewen an der Communautéit; an och d‘“liberté de parole“, fir de Mënsch u seng Flichten ze erënneren, vis-à-vis vu sech selwer, sengem Nächsten an och eisem Planéit vis-à-vis.
A schliisslech: „Eis Zäitgenossen, egal ob se gleewen oder net, brauchen eng aner Perspektiv op de Mënsch wéi nëmmen déi materiell. Se mussen en aneren Duuscht läschen, den Duuscht nom Absolutten.“ An de Riedner verweist, woubäi en de Poopst Franziskus zitéiert, op „ce mystère de l’humanité qu’on appelle la sainteté“.
Wien ass also dee Politiker, deen dëst ausgeféiert huet? Nun, halt iech un – et war de Staatspräsident vum laizistesche Frankräich Emmanuel Macron. Gewëss gouf seng Ried am Collège des Bernardins zu Paräis, esou wéi alles, och kontestéiert. Mä nennt mer emol dee Lëtzebuerger Politiker, deen de Mumm hätt a sech giff trauen, esou Wierder à propos Kierch an der Ëffentlechkeet iwwer d’Lëpsen ze bréngen!?
Georges Hellinghausen