Kënstlech Intelligenz – en Wuert wat zënter enger Zéit an all Mond ass. Wat ass dat ? Fir et kuerz – an sécher onvollstänneg – ze beschreiwen : et handelt sech dobäi ëm eng néi Generatioun vun Computerprogrammer déi capabel sinn ze léieren, dat heescht selwer Reegelen an Zesummenhäng ze entdecken.
Beispill : den Computerprogramm Alpha Go Zero vun Google huet geléiert wéi een dat aalt chinesescht Brietspill Go kann gewannen, och géint deen beschten Welt-Champion. Deen Programm huet geléiert wéi een gewënnt an deem's en vir d'éischt dausenden Partien géint sech selwer gespillt huet.
An der Medezin sinn mer haut schonns esouwäit dass KI kann Scanner- an Röntgenbiller an aner Donnéeën analyséieren, an esou eng Diagnose vir gewëssen Kriibsaarten kann erstellen, déi méi zouverlässeg ass ewéi wann se vun engem chevronnéierten Dokter kënnt.
An dann ginn et natierlech och déi virtuell Assistenten op den Smartphones, à la Siri an Alexa, déi léieren Iech ze verstoen an mat Iech ze schwätzen, an déi an Zukunft léieren wäerten Iech nach vill besser ze kennen – är Wënsch, är Gewunnechten an är Preferenzen. Mëttlerweil ass KI och esouwäit dass se kann Emotiounen erkennen an sech doropper astellt.
Lafen mer also Gefor dass déi KI ons Mënschen – mat eiser onperfekter Intelligenz – wäert dominéieren ? Wuel net esou séier. Déi aktuell KI Programmer sinn zwar oft besser ewéi den Mënsch, mee awer ëmmer nëmmen an engem ganz speziellen Beräich. Alpha Go ass den Champion am Go Spill, kann awer soss näischt maachen. Dat aussergewéinlecht beim mënschlechen Gehir ass, dass et enorm vill verschidden Problemer kann ugoen.
Déi mënschlech Intelligenz kann och tëschent Ursaachen an Konsequenzen ënnerscheeden, an dat kann d'KI scheinbar nach net. Ewéi den Judea Pearl – een vun den Guru'en op dësem Gebitt – en bësschen iwwerspëtzt sot : « KI kann erausfannen dass d'Kréinen vum Hunn an den Sonnenopgank eppes matenaner ze dinn hunn, se kann eis awer net soen op dat eent d'Ursaach vum aneren ass, oder ëmgedréint».
KI bréngt awer eng Réi gesellschaftlech Problemer mat sech. D'Fro wäert sech ganz seriö stellen vir eng Partie vun Beruffer déi et an nächster Zukunft wuel net méi esou wäerten ginn ewéi haut. Zum Beispill Taxi- an Bus-Chaufferen, Reesagenten, Comptabele'en awer och villäicht gewëssen Sparten an der Medezin.
An dann stellen sech och grouss ethesch Erausfuerderungen. KI ass net total transparent, well schlussendlech huelen déi Programmer Entscheedungen op Grond vun deem wat se "geléiert" hunn. Wien huet d'Kontroll doriwwer? Wéi kann verhënnert ginn dass dat ze vill eséiteg ass? An wéi kann letztendlech verhënnert ginn dass d'KI ons manipuléiert? Net dass no den «fake news», elo d'«fake Intelligence» kënnt.
En intensiven Austausch tëscht der Fuerschung, Industrie, Politik an der Gesellschaft ass noutwendeg fir d’KI esou ze entwéckelen, dass d’Wuel vum Mënsch ëmmer am Mëttelpunkt steet.