Poterkëscht vum INLL

De Stot maachen (A2)


Listen Later

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut schwätze mir iwwer d’Aktivitéiten am Stot.

Vill Spaass beim Nolauschteren!

- - -

Transkript:

Moderatorin: Wëllkomm an der Poterkëscht. Haut hu mir rëm en interessant Theema fir iech: de Stot ! Ech begréissen d’Lisa an de Max am Studio. Si wäerten iech elo iwwer hir Erfarungen am Stot erzielen. Kënnt dir iech kuerz virstellen?

Lisa: Moien, ech sinn d’Lisa an ech schaffen als Graphikdesignerin. Ech wunnen eleng an engem Studio a këmmere mech och eleng ëm de Stot.

Max: Salut, ech sinn de Max. Ech si Student a wunnen de Moment an enger WG mat dräi anere Studenten. Mir deelen eis d’Aufgaben am Stot.

Moderatorin: Dat kléngt spannend! Lisa, wëlls du eis e bëssen erzielen, wéi en typeschen Dag bei dir am Stot ausgesäit ?

Lisa: Kloer ! Moies maachen ech fir d’éischt mäi Bett. Dann drénken ech Kaffi a raumen duerno alles an d’Spullmaschinn. Da fueren ech schaffen. No der Aarbecht kachen ech a botzen duerno d’Kichen. Ech loossen d’Spullmaschinn all zwee Deeg lafen, de Weekends heiansdo méi oft. Ech si wierklech frou, eng Spullmaschinn ze hunn, well ech kachen a bake gär an oft!

Moderatorin: Jo, eng Spullmaschinn ass wierklech praktesch. Max, wéi ass et bei dir an der WG?

Max: Mir hu leider keng Spullmaschinn, mee mir si jo zu puer, fir d’Spull ze maachen. Generell gëtt et bei eis e Plang fir d’Aufgaben am Stot. Jidderee vun eis huet all Woch eng aner Aufgab. Dës Woch ass et zum Beispill u mir, fir d’Dreckskëscht eidel ze maachen a mech ëm de Recycling ze këmmeren. Déi aner dräi Rolle sinn d’Kommissioun maache goen, d’Kiche propper halen an d’Buedzëmmer an d’separat Toilette botzen.

Moderatorin: Dat heescht, jidderee botzt seng eege Kummer?

Max: Jo! Strecken, wäschen a kache maache mir och separat, mee een Owend pro Woch kache mir all zesummen eppes a lueden och Frënn an.

Moderatorin: Cool! Dat kléngt no enger gudder Organisatioun. Lisa, wat ass da fir dech déi gréisst Erausfuerderung am Stot?

Lisa: Hmm, et ass heiansdo schwiereg, alles eleng ze maachen. Besonnesch wann ech vill Aarbecht hunn, bleift wéineg Zäit fir de Stot iwwreg. Mee meng Wunneng ass jo net grouss. Wat nervt, ass datt ech keng Wäschmaschinn hunn. Ech muss eemol d’Woch mat all menge Saachen an eng Wäscherei goen. Do stinn néng Wäschmaschinnen an et kascht siwen Euro pro Wäsch. Dat nervt.

Moderatorin: Jo, dat ass ëmständlech. Max, nach eng lescht Fro un dech: Kënnt et och vir, datt et Konflikter bei iech an der WG ginn, wann et ëm de Stot geet ?

Max: Jo, natierlech. Mee mir hunn eng WhatsApp-Grupp, an där mir iwwer all Problemer schwätze kënnen. Heiansdo muss een effektiv emol e Matbewunner un de Roulement erënneren, virun allem, wann et ëm d’Botze geet ! (laacht)

Moderatorin: Merci Lisa a Max, datt dir iech Zäit geholl huet, mat eis iwwer är Erfarungen am Stot ze schwätzen.

Max a Lisa: Gär geschitt!

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Poterkëscht vum INLLBy Poterkëscht


More shows like Poterkëscht vum INLL

View all
Affaires sensibles by France Inter

Affaires sensibles

300 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Change ma vie : Outils pour l'esprit by Clotilde Dusoulier

Change ma vie : Outils pour l'esprit

311 Listeners

InnerFrench by innerFrench

InnerFrench

1,716 Listeners

Easy Luxembourgish by Anne Beffort

Easy Luxembourgish

8 Listeners

Le français avec Fluidité by Fabien Sausset

Le français avec Fluidité

257 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

Macht und Millionen – Echte Wirtschaftskrimis by Business Insider

Macht und Millionen – Echte Wirtschaftskrimis

22 Listeners

Apprends le français avec Madame à Paname (French) by Madame à Paname

Apprends le français avec Madame à Paname (French)

193 Listeners

HugoDécrypte - Actus et interviews by Hugo Décrypte

HugoDécrypte - Actus et interviews

98 Listeners

Firwaaat? - De Kannerpodcast by RTL Radio Lëtzebuerg

Firwaaat? - De Kannerpodcast

0 Listeners

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français by Hélène & Judith

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français

210 Listeners

Luxembourgish with Anne PODCAST by Luxembourgish with Anne

Luxembourgish with Anne PODCAST

4 Listeners

LEGEND by Guillaume Pley

LEGEND

180 Listeners