Poterkëscht vum INLL

Den Dagesoflaf am Passé (A2)


Listen Later

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut héiere mir, wéi zwou Persounen erzielen, wat si gëschter gemaach hunn.

Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

Transkript:

Den Dagesoflaf am Passé 

A: Salut Luc! Wéi war däin Dag gëschter? 

B: Hallo Marie. Mäin Dag war an der Rei, mee och e bësse stresseg. An däin? 

A: Mäin Dag war ganz gutt. Ech si fréi opgestanen, um 6 Auer. An du? 

B: Ech si méi spéit opgestanen, géint hallwer aacht. Ech hu mäi Wecker net direkt héieren, dofir hunn ech mech du getommelt. 

A: O, dat kennen ech! Ech hu mech fir d’éischt am Bett gestreckt an dunn hunn ech mech ugedoen. Duerno hunn ech d’Kaffismaschinn ugemaach an e Kaffi gedronk. 

B: Ech hunn och direkt en Téi gedronk, mee ganz séier. Ech hu mir de Mond esouguer verbrannt. Dunn hunn ech mech am Buedzëmmer gewäsch a mech ugedoen, an du sinn ech direkt mam Auto opd’Aarbecht gefuer. 

A: Hues du kee Kaffi gedronk ? 

B : Nee, leider net. Ech hat keng Zäit. Ech hu just e Müüslirigel an en Apel matgeholl. An du? 

A: Ech hu gemittlech doheem Kaffi gedronk. Ech hunn eng Schmier mat Gebeess an e Jughurt giess. Duerno hunn ech mech prett gemaach a sinn op de Busarrêt gaangen. Ech hat Chance an de Bus war pünktlech.  

B: Däi Moie kléngt vill méi relax wéi mäin! Wat hues du dann alles op der Aarbecht gemaach? 

A: Ech hunn op vill E-Maile geäntwert a mat Aarbechtskolleege geschwat. Mëttes hunn ech mech mat enger Frëndin getraff a mir hunn zesumme giess. 

B: Flott! Ech hunn de ganzen Dag am Büro geschafft. Ech hat vill Reuniounen an hu mech fir eng aner Reunioun mat mengem Chef virbereet. 

A: O, dat kléngt ustrengend. Wéi ass d’Presentatioun gelaf? 

B: Gutt. Ech war e bëssen nervös, mee mäi Chef war zefridden. 

A: Super! No der Aarbecht hunn ech e bësse gerascht. Ech hu mech op de Kannapee geluecht an hunn e bëssen d’Tëlee gekuckt. 

B: Ech hunn no der Aarbecht Sport gemaach. Ech sinn an de Fitness gefuer an hunn eng Stonn trainéiert. 

A: Dat ass eng gutt Iddi. Hues du dech duerno besser gefillt? 

B: Jo, definitiv. Doheem hunn ech mech geduscht an eppes fir z’iesse preparéiert. 

A: Wat hues du gekacht? 

B: Nuddele mat Geméis a Poulet. An du? 

A: Ech hu just eng Zalot giess. Ech war net immens hongereg. 

B: A wat hues du owes gemaach? 

A: Ech hunn e bësse Lëtzebuergesch geléiert. Duerno hunn ech mech an d’Bett geluecht an hunn e Buch gelies. 

B: Ech hunn nach e bësse Playstation gespillt, mee um 22 Auer sinn ech schlofe gaangen. An du, um wéi vill Auer hues du geschlof? 

A: Ech hu géint 23 Auer d’Luucht ausgemaach a si séier ageschlof. 

B: Dat kléngt jo no engem gudden Dag. Muer stinn ech méi fréi op, fir datt ech net erëm esou midd a gestresst sinn. 

A: Gutt Iddi! Ech probéieren och, mäin Dag lues unzefänken. 

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Poterkëscht vum INLLBy Poterkëscht


More shows like Poterkëscht vum INLL

View all
Affaires sensibles by France Inter

Affaires sensibles

286 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

Change ma vie : Outils pour l'esprit by Clotilde Dusoulier

Change ma vie : Outils pour l'esprit

318 Listeners

InnerFrench by innerFrench

InnerFrench

1,759 Listeners

Easy Luxembourgish by Anne Beffort

Easy Luxembourgish

7 Listeners

Le français avec Fluidité by Fabien Sausset

Le français avec Fluidité

267 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

Macht und Millionen – Echte Wirtschaftskrimis by Business Insider

Macht und Millionen – Echte Wirtschaftskrimis

20 Listeners

Apprends le français avec Madame à Paname (French) by Madame à Paname

Apprends le français avec Madame à Paname (French)

197 Listeners

HugoDécrypte - Actus et interviews by Hugo Décrypte

HugoDécrypte - Actus et interviews

102 Listeners

Firwaaat? - De Kannerpodcast by RTL Radio Lëtzebuerg

Firwaaat? - De Kannerpodcast

0 Listeners

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français by Hélène & Judith

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français

223 Listeners

Luxembourgish with Anne PODCAST by Luxembourgish with Anne

Luxembourgish with Anne PODCAST

5 Listeners

LEGEND by Guillaume Pley

LEGEND

181 Listeners