Sign up to save your podcasts
Or

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Am Episod vun haut schwätze mir iwwer d'Traditioun vun der Oktav a vum Mäertchen. Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript
D’Oktav an de Mäertchen
A: So, ech hu mir virgeholl, dëst Joer op d’Oktav an op de Mäertchen ze goen.
B: Dat kléngt flott, mee kanns du mir mol erklären, wat dat genee ass? Ech hu schonn dovun héieren, mee ech weess awer net vill doriwwer.
A: Jo, gär! D’Oktav ass eng reliéis Feier hei zu Lëtzebuerg. Si gëtt zu Éiere vun der Muttergottes gefeiert. Tëscht dem 3. an dem 5. Sonndeg no Ouschtere pilgeren Dausende vu Gleewegenaus der ganzer Groussregioun bis an d’Stad.
B: O, dat ass méi grouss wéi ech geduecht hunn. A firwat pilgeren d’Leit dohinner?
A: Si ginn an d’Kathedral Notre-Dame, fir d’Statu vun der Muttergottes ze kucken an ze éieren. Si gëtt als „Consolatrix Afflictorum“ bezeechent, dat heescht Tréischteri vun den Trauregen. D’Traditioun geet zeréck bis an d’17. Joerhonnert.
B: Wéi huet dat dann ugefaangen?
A: Ma, zu där Zäit hat d’Land vill Problemer wéi Epidemien, Kricher a Hongersnout. D’Leit hunn d’Muttergottes als Schutz an Trouscht gewielt. Zanterhier ass d’Oktav eng ganz wichtegTraditioun bliwwen.
B: Dat mécht et nach méi speziell. A wat ass dann de Mäertchen?
A: De Mäertchen ass e Maart um Knuedler, deen extra fir d’Oktav organiséiert gëtt. Do ginn et vill Stänn, wou een iessen, drénken an och lokal Produiten entdecke kann.
B: A, also eng Kombinatioun aus reliéiser Traditioun an engem klenge Fest.
A: Genee! Vill Leit ginn no der Pilgerrees nach dohinner, fir sech z’entspanen an d’Stëmmung ze genéissen.
B: Wat kann een dann do genee iessen?
A: Ganz vill verschidde Saachen! Lëtzebuergesch Spezialitéiten, verschidden Desserten an nach aner Saachen. Et ass fir jiddereen eppes dobäi.
B: Dat kléngt wierklech flott. Gees du eleng oder mat anere Leit?
A: Ech hat eigentlech vir, eleng ze goen. Ech wëll dat als perséinlech Erfarung erliewen. Mee ënnerwee trëfft een ëmmer Leit an et kënnt ee séier an d’Gespréich.
B: Dat gleewen ech. Ech ka mir virstellen, datt do eng speziell Energie ass, wann esou vill Leit zesumme pilgeren.
A: Absolut. Et ass roueg, mee gläichzäiteg och lieweg. An du hues Zäit, fir nozedenken oder einfach de Moment ze genéissen.
B: Hmm, elo kréien ech och Loscht esou eppes ze maachen. Muss een dofir reliéis sinn?
A: Nee, iwwerhaapt net. Vill Leit ginn aus Traditioun oder einfach fir d’Erfarung dohinner. Jidderee ka matkommen. Aner Leit gi just op de Mäertchen, well se eppes Guddes iesse wëllenoder als Aktivitéit mat de Kanner.
B: Dat ass gutt ze wëssen. Ech kucke mol wéi ech mech organiséiert kréien. Solle mir dat zesumme maachen oder wëlls du onbedéngt eleng goen?
A: Nee, mir kënne gär zesumme goen, da kann ech dir nach e puer Saache weisen an erklären.
B: Dat wier super, merci! Ech freeë mech schonn.
By PoterkëschtWëllkomm zréck an der Poterkëscht!

286 Listeners

2 Listeners

318 Listeners

1,759 Listeners

7 Listeners

267 Listeners

0 Listeners

0 Listeners

20 Listeners

197 Listeners

102 Listeners

0 Listeners

223 Listeners

5 Listeners

181 Listeners