Poterkëscht vum INLL

Donnerwiederen uechter d'Land (A2)


Listen Later

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer Donnerwiedere schwätzen.

Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

Transkript

Donnerwiederen uechter d’Land 

A: Elo reent et schonn nees! 

B: Jo, de Moment komme wierklech oft Schaueren erof. An de Noriichte melle se och nees Donnerwiedere fir den Owend. 

A: Um wéi vill Auer? 

B: Géint 20.00 Auer. 

A: Ok, ech muss virdrun dann nach mam Hond eraus. Deen Aarme fäert d’Donnerwiederen enorm. En Dënschdeg war et krass. Ech hat Homeoffice an et huet jo e puer Mol den Dag gedonnert. Hien hat vill Angscht. Bei all Donner ass en opgestan an op eng aner Plaz gelaf. Hie konnt sech guer net berouegen. Et war wéi bei de Knupperten op Silvester... 

B: Deen Aarmen. Ech muss soen, ech hunn esou Wiederen am Summer immens gär. Et ass zwar den Dag iwwer immens schmeier, mee wann et da sou richteg knuppt a wéi aus Eemere schëtt, da fannen ech dat immens gemittlech. Natierlech nëmmen, wann ech doheem sinn... 

A: Ech haassen, wann et dompeg ass. Mir ass dann ëmmer schwindeleg. Ech verdroen d’Hëtzt an déi héich Fiichtegkeet an der Loft guer net gutt. 

B: A, ok. Dat deet mer leed! En Dënschdeg war et och e bësse vill. De CGDIS hat vill Asätz uechter d’Land. 

A: Jo, ech selwer hat Chance, mee a menger Noperschaft si vill Kelleren iwwerschwemmt ginn. Meng Nopere si staark betraff. Si hunn zënter Deeg Waasser am Keller.  

B: O Nee! Bei menger Schwëster war et och schlëmm! A senger Strooss ass eng al Eech ëmgefall! 

A: O mei! Ech hoffen, se ass net op en Haus oder op en Auto gefall! Ass ee blesséiert ginn? 

B: Nee, et ass glécklecherweis kee blesséiert ginn. Se ass op d’Strooss gefall. Wéinst dem ville Reen war glécklecherweis keen dobaussen ënnerwee. D’Strooss ass allerdéngs nach ëmmer gespaart. 

A: Ee Gléck ass kengem eppes Schlëmmes geschitt! Wéi geféierlech! 

B: Jo, am ganze Land si vill Beem ëmgefall oder d’Äscht sinn ofgebrach an op d’Strooss oder och Autoe gefall. 

A: Et sinn och vill an deelweis grouss Knëppelsteng gefall! Hues de d’Fotoe gesinn? Se ware sou grouss wéi Golfbäll oder esouguer Tennisbäll! 

B: Jo! Ech hunn dat bei engem Kolleeg op Instagram gesinn! Hien huet elo lauter Téitschen am Auto. Mee léiwer dat wéi datt hie selwer vun engem Knëppelsteen getraff gouf... Aner Leit haten déi Chance net a koume mat Blessuren an d’Spidol. 

A: Ma jo. Huet hie just Téitschen an der Karosserie oder och an der Glace? 

B: Déi zwee. Hien ass bestëmmt net deen Eenzegen. D’Versécherungen an d’Autosgaragen hunn dëser Deeg och bestëmmt méi Aarbecht wéi soss. 

A: Allerdéngs. Et gëtt och nach ëmmer vill Iwwerschwemmungen an de Stroossen. An de Peegel vun de Flëss ass och nach ze héich. 

B: Jo, ech hunn d’Fotoe gesinn. Meng Tatta huet och Waasser am Haus, mee net am Keller. Bei hir ass d’Waasser duerch den Daach vum Haus gedrëpst. Hiren Daach ass ondicht a muss erneiert ginn. 

A: Wéi nerveg! Dat gëtt eng deier! Bei mengen Elteren an der Gemeng ass de Stroum ausgefall. Et ass e Mast ëmgefall.  

B: O! Ass dat scho gefléckt ginn? 

A: Et soll anscheinend haut gefléckt ginn.  

B: Gutt!  

A: Den Trafick leit natierlech och bei deem Wieder. Et gëtt méi Accidenter op de Stroossen a wann d’Stroossen iwwerschwemmt sinn oder Beem an de Stroosse leien, da muss de ganze Verkéier ëmgeleet ginn. Et sinn och vill Zich ausgefall. Wat e Gedeessems!  

B: Hoffentlech hält et geschwënn op mat reenen, da ka sech dat Ganzt emol berouegen. Et ass och all Dag esou däischter mat deenen donkelgroe Wolleken um Himmel. Ech hätt nees gäre Sonn a schéi sonneg Summerowenter dobaussen op enger Terrass... 

A: Ech si kee Meteorolog, mee ech si mer sécher, datt dat geschwënn nees zeréckkënnt. D’Donnerwiederen am Summer sinn normal. D’Loft ass waarm a fiicht. Wann da kal Loft kënnt, dann entstinn déi staark Donnerwiederen. An heiansdo falen dann eeben och Knëppelsteng. 

B: Ok. Dann drécke mer d’Daumen, datt et geschwë besser gëtt. 

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Poterkëscht vum INLLBy Poterkëscht


More shows like Poterkëscht vum INLL

View all
Affaires sensibles by France Inter

Affaires sensibles

243 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

Change ma vie : Outils pour l'esprit by Clotilde Dusoulier

Change ma vie : Outils pour l'esprit

314 Listeners

InnerFrench by innerFrench

InnerFrench

1,751 Listeners

Easy Luxembourgish by Anne Beffort

Easy Luxembourgish

7 Listeners

Le français avec Fluidité by Fabien Sausset

Le français avec Fluidité

268 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

Macht und Millionen – Echte Wirtschaftskrimis by Business Insider

Macht und Millionen – Echte Wirtschaftskrimis

20 Listeners

Apprends le français avec Madame à Paname (French Podcast) by Madame à Paname

Apprends le français avec Madame à Paname (French Podcast)

203 Listeners

HugoDécrypte - Actus et interviews by Hugo Décrypte

HugoDécrypte - Actus et interviews

87 Listeners

Firwaaat? - De Kannerpodcast by RTL Radio Lëtzebuerg

Firwaaat? - De Kannerpodcast

0 Listeners

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français by Hélène & Judith

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français

220 Listeners

Luxembourgish with Anne PODCAST by Luxembourgish with Anne

Luxembourgish with Anne PODCAST

5 Listeners

LEGEND by Guillaume Pley

LEGEND

182 Listeners