Poterkëscht vum INLL

E Rendez-vous beim Zänndokter (A2)


Listen Later

Wëllkomm an der Poterkëscht!

Haut héiere mir fir d'éischt, wéi eng Persoun e Rendez-vous beim Zänndokter hëlt. Duerno héiere mir, wéi si mam Zänndokter schwätzt.

-

Transkript:

Beim Zänndokter 

Um Telefon 

A: Gudde Moien, Praxis Dr. Fernandes, wéi kann ech Iech hëllefen ? 

B : Gudde Moien. Mäin Numm ass Leni Wagener. Ech hu meng Zänn immens wéi an ech brauch dringend e Rendez-vous. 

A: Ee Moment, ech kucken. Sidd dir scho Patient bei eis? 

B: Nee, nach net. Ech hu bei mengem Zänndokter ugeruff, mee do ass de Repondeur gelaf. Deen ass dës Woch am Congé. Ech hunn dunn online no engem aneren Zänndokter a menger Géigend gesicht an Dir krut gutt Kriticken. Hutt Dir haut vläicht nach eppes fräi wgl.? Ech hu wierklech vill Péng. 

A: Dir hutt Chance. Virun enger hallwer Stonn, huet een anere Patient säi Rendez-vous vun de Mëtteg annuléiert. Hutt Dir haut um 15:00 Auer Zäit, fir ze kommen? 
B: Jo. Dat geet! Villmools Merci. Ech sinn Iech wierklech dankbar! 

A: Kee Problem. Mir hëllefe gär, wa mir kënnen. Da bräicht ech elo nach Är Donnéeë wgl. Wéi ass Ären Numm an Är Adress wgl.? 
B: Leni Wagener. Leni mat i, a Wagener – W-A-G-E-N-E-R. Meng Adress ass 27, rue Laurel Hardy zu Rolleng. 

A: Merci. Dat ass notéiert! Kënnt Dir mir och nach Är Matricule soe wgl.? 
B: Jo, natierlech: 1995 02 30 67 800.  

A: Merci. An Är Telefonsnummer? Ech gesi se hei op mengem Telefon: Ass dat d’Nummer 681 27 48 92? 

B: Jo, genee. Dat ass richteg.  

A: An der Rei, Äre Rendez-vous ass notéiert. Dir kritt och nach eng Confirmatioun per E-Mail geschéckt. An elo fält mir op, dass ech Iech nach net no Ärer E-Mail Adress gefrot hunn. 

B: Meng E-Mailadress ass: [email protected] 

B: Ok, villmools merci. 

A: Merci och, äddi. 


An der Praxis 

C: Gudde Mëtteg Madamm Wagener, entschëllegt fir de Retard. Mee haut ass eng méi lass. Wéi geet et Iech? 

B: Gudde Mëtteg. Dat ass kee Problem. Ech si frou, dass ech haut nach e Rendez-vous bei iech krut. Mir geet et net immens. Ech hu meng Zänn immens wéi. Ech mengen, ech hunn e Lach. 

C: Dann huelt Iech emol Plaz. Ech kucke mir dat dann emol un.  Wou hutt Dir wéi? 

B: Uewe lénks. 

C : Maacht wgl. Äre Mond grouss op. O jo, Dir hutt hei eng kleng Karies an ech gesinn, dass Äert Zännfleesch och e bëssen entzünt ass. Dréckt Dir vläicht e bësse fest, wann Dir Iech Är Zänn wäscht? 

B: Ech weess et net. Ech muss mir all 3 Wochen eng nei kafen, well se da schonn immens ofgenotzt ass. 

A: O mei, jo. Ech mengen, dass Dir da wierklech mat e bëssen ze vill Effort Är Zänn botzt. Aner Patienten hunn ech elektresch Zännbiischt recommandéiert an dës weist mat Hëllef vun enger Luucht, wéi fest Dir grad Är Zänn wäscht. Wann d’Luucht wäiss blénkt, dréckt Dir net fest genuch, wa se rout blénkt, dréckt Dir ze fest a wa se gréng liicht, ass et genau gutt! 

B: A sou? Dat hunn ech nach ni héieren. Ech huelen un, dass een déi online oder an engem Elektrobuttek kritt? 

A: Jo, genee. Et dierft kee Problem sinn, fir esou eng ze fannen. 

B: Merci. Mee Här Dokter, kënnt Dir mäin Zant nach haut flécken? 

C: Jo, normalerweis schonn. Ech maache just fir d’éischt eng Rëntgen, fir ze kucken, wéi déif d’Lach ass. 

B: Ok. 

C: Dir hutt Chance, d’Lach ass relativ kleng. Ech kann et elo flécken an Iech e Plomb maachen. 

B: Kréien ech eng Sprëtz? Ech hunn e bëssen Angscht. 

C: Jo, wann Dir wëllt, maachen ech Iech eng kleng Lokalanästhesie, da spiert Dir guer näischt. 

B: Merci.  

C: Voilà, d’Lach ass elo gefléckt. D’Anästhesie kann nach e puer Stonnen unhalen, mee Dir hutt normalerweis duerno keng Péng méi. Kommt wannechgelift  awer a sechs Méint nach eng Kéier an d’Kontroll, da maache mir och en Détartrage. 

B: An der Rei, merci! A wat soll ech elo maachen, dass mäin Zännfleesch sech erhëlt? 

C: Wéi gesot. Kaaft Iech esou eng elektresch Zännbiischt a gitt an d’Apdikt a kaaft Iech do eng speziell Zanpasta. Sot der Apdiktesch einfach, dass Äert Zännfleesch entzünt ass. Si hëlleft Iech da weider. 

B: Villmools Merci, Här Dokter! 

C: Gär geschitt. Nach e schéinen Dag! 

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Poterkëscht vum INLLBy Poterkëscht


More shows like Poterkëscht vum INLL

View all
Affaires sensibles by France Inter

Affaires sensibles

284 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Change ma vie : Outils pour l'esprit by Clotilde Dusoulier

Change ma vie : Outils pour l'esprit

313 Listeners

InnerFrench by innerFrench

InnerFrench

1,758 Listeners

Easy Luxembourgish by Anne Beffort

Easy Luxembourgish

7 Listeners

Le français avec Fluidité by Fabien Sausset

Le français avec Fluidité

268 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

Macht und Millionen – Echte Wirtschaftskrimis by Business Insider

Macht und Millionen – Echte Wirtschaftskrimis

24 Listeners

Apprends le français avec Madame à Paname (French) by Madame à Paname

Apprends le français avec Madame à Paname (French)

201 Listeners

HugoDécrypte - Actus et interviews by Hugo Décrypte

HugoDécrypte - Actus et interviews

91 Listeners

Firwaaat? - De Kannerpodcast by RTL Radio Lëtzebuerg

Firwaaat? - De Kannerpodcast

0 Listeners

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français by Hélène & Judith

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français

225 Listeners

Luxembourgish with Anne PODCAST by Luxembourgish with Anne

Luxembourgish with Anne PODCAST

5 Listeners

LEGEND by Guillaume Pley

LEGEND

182 Listeners