Poterkëscht vum INLL

En Abonnement annuléieren (A2)


Listen Later

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Am Episod vun haut héiere mir, wéi eng Persoun bei engem Telefonsprovider urifft, fir hiert Abonnement ze kënnegen.

Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

Transkript:

En Abonnement annuléieren

Automatesch Stëmm: Moien a wëllkomm beim Clientservice vu LëtzTel. Fir d’Qualitéit vun eisem Service ze verbesseren, gëtt dëst Gespréich opgeholl. Bleift wgl. um Apparat.

Mataarbechter: Moien, Clientservice vu LëtzTel, Marie um Apparat. Wéi kann ech Iech hëllefen?

Cliente: Moien, ech géif gär mäin Telefonsabonnement annuléieren.

Mataarbechter O, ech verstinn. Kënnt Dir mir Ären Numm an Är Clientsnummer ginn, wgl?

Cliente: Jo, mäin Numm ass Heidi Hansen an d’Clientsnummer ass 123456.

Mataarbechter: Merci, Madamm Hansen. Kënnt Dir mir soen, firwat Dir Äert Abonnement annuléiere wëllt?

Cliente: Ech hunn elo en neit Abonnement bei enger anerer Firma, déi méi bëlleg ass.

Mataarbechter: Ech verstinn. Mee, wosst Dir, datt mir och speziell Offeren hunn? Wann Dir wëllt, kann ech Iech e méi bëllegen Tarif proposéieren.

Cliente: Hmm… Wéi vill géif dat kaschten?

Mataarbechter: Mir hunn eng speziell Remise fir eis Clienten. Dir kéint 5€ manner de Mount bezuelen an nach ëmmer onlimitéiert SMSe verschécken an den Internet benotzen.

Cliente: Dat kléngt net schlecht, mee mäin neie Kontrakt ass scho gemaach.

Mataarbechter: Ech verstinn, mee wann Dir wëllt, kënne mir Iech och extra Bonus-Minutten oder méi Datevolume ubidden. Da misst Dir net wiesselen.

Cliente: Ech weess net…

Mataarbechter: Ech wëll just, datt Dir déi bescht Offer kritt. Vläicht kéinte mir Iech e Mount gratis ubidden?

Cliente: Hmm… Dat ass eng gutt Offer, mee ech muss mir dat nach eng Kéier iwwerleeën.

Mataarbechter: Kee Problem! Ech kann Iech d’Offer per E-Mail schécken, an Dir kënnt Iech an deenen nächsten Deeg mach eng Kéier bei eis mellen.

Cliente: Gutt, schéckt mir dat wgl. an ech kucke mir dat un.

Mataarbechter: Perfekt, Madamm Hansen! Ech schécken Iech d’Detailer direkt. 

Cliente: An der Rei! Schéinen Dag nach!

Mataarbechter: Iech och, Äddi!

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Poterkëscht vum INLLBy Poterkëscht


More shows like Poterkëscht vum INLL

View all
Coffee Break French by Coffee Break Languages

Coffee Break French

4,141 Listeners

Géopolitique by France Inter

Géopolitique

194 Listeners

NerdCast by Jovem Nerd

NerdCast

1,010 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Change ma vie : Outils pour l'esprit by Clotilde Dusoulier

Change ma vie : Outils pour l'esprit

315 Listeners

InnerFrench by innerFrench

InnerFrench

1,714 Listeners

Easy Luxembourgish by Anne Beffort

Easy Luxembourgish

7 Listeners

RTL - Afterwork by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Afterwork

1 Listeners

Le français avec Fluidité by Fabien Sausset

Le français avec Fluidité

248 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

Affaires de business by Choses à Savoir

Affaires de business

5 Listeners

Firwaaat? - De Kannerpodcast by RTL Radio Lëtzebuerg

Firwaaat? - De Kannerpodcast

0 Listeners

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français by Hélène & Judith

Easy French: Learn French through authentic conversations | Conversations authentiques pour apprendre le français

208 Listeners

Luxembourgish with Anne PODCAST by Luxembourgish with Anne

Luxembourgish with Anne PODCAST

4 Listeners

LEGEND by Guillaume Pley

LEGEND

178 Listeners